OGBL Sektioun Esch-Uelzecht

OGBL Sektioun Esch-Uelzecht Léif FB-Frënn ! Als OGBL Sektioun Esch-Uelzecht loosse mer eis op en Experiment an. Mer wëllen d’Aktivitéite vun eiser Sektioun iwwert dëse Wee bekannt maachen.

An de kommenden Deeg, Wochen a Méint partizipéiere mer un Aktiounen, organiséiere mer Debatten, proposéiere mer kulturell Aktivitéiten. Des gewerkschaftlech Aarbecht wëlle mer besser nach an d’Ëffentlechkeet bréngen. Mer wëllen awer och Positioune vu Kolleginnen a Kollegen duerstellen, an dozou bäidroen, datt d'Haltung, d’Engagement vun eiser Gewerkschaft, vun eisem OGBL, iwwert FB nach méi eng br

eet Diffusioun kritt. Déi Leit, déi Interessien un eisen Aktivitéiten hunn, kënne gäre matmaachen! Am Laf vun der Zäit informéiere mer ëmmer erëm wat mer wëlles hunn. Mer sinn och fir Ureegungen a Meenungen a Virschléi op. Als OGBL-Sektioun Esch-Uelzecht wëlle mer de Moyen Facebook notzen, fir méi no un engem interesséierte Publikum ze sinn. Et ass en Versuch, et ass en Experiment - a mer sinn zouversiichtlech !

Adresse

Volmerange-les-Mines

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque OGBL Sektioun Esch-Uelzecht publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager

Type