20/09/2026
🥾 NSA HIKE – Manternacher Fiels
Loscht op e flotten Dag an der Natur an dobäi nei Leit kennenzeléieren? 🌿
Den 4. Oktober 2026 organiséiert d’NSA Luxembourg nees e gemeinsamen Hike. Dës Kéier geet et op d’Traumschleife Manternacher Fiels – eng flott Streck vu knapp 10 km duerch d’Natur ronderëm Manternach.
Nieft dem Wandere steet virun allem dat gemeinsamt Erliefnis am Mëttelpunkt: nei Leit kenneléieren, sech austauschen an zesummen eng gutt Zäit ausserhalb vum Studium verbréngen.
An natierlech soll och keen hongereg oder duuschtereg bleiwen: Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt!
📅 04.10.2026
🕘 Start: 09:15 Auer
🥾 ± 10 km
📍 Manternacher Fiels
🍴 Iessen & Gedrénks inclus
Umeldung per DM.
Mir freeën eis op e flotten Hike mat iech! 🌿