FLT - Fédération luxembourgeoise de tennis

FLT - Fédération luxembourgeoise de tennis La Fédération Luxembourgeoise de Tennis (FLT) a été constituée le 14 mai 1946 et réunit aujourd'hui 51 clubs affiliés.

🎾D’FLT sicht een oder eng Student(in) am Beräich Marketing / KommunikatiounDu wëlls praktesch Erfarung an der Organisati...
06/08/2026

🎾D’FLT sicht een oder eng Student(in) am Beräich Marketing / Kommunikatioun

Du wëlls praktesch Erfarung an der Organisatioun an der Kommunikatioun ronderëm en internationaalt Sportsevenement sammelen?
Da komm bei d’FLT fir d’Davis-Cup-Renconter Lëtzebuerg - Ungarn, déi den 18. an 19. September 2026 stattfënnt.

📅Mini-Stage vum 31. August bis den 19. September 2026

Deng Aufgaben:
* Videoe schneiden
* Affichen erstellen
* Fotoen a Videoe maachen
* Bei der Kommunikatioun virum a wärend dem Event matschaffen
* En Abléck hannert d’Kulisse kréien an de Fonctionnement vun enger Davis-Cup-Renconter kenneléieren

Gesichte Profil:
* Student(in) am Beräich Marketing, Kommunikatioun oder an engem änleche Beräich
* Erfarung mat Final Cut Pro oder engem änleche Programm
* Gutt Kenntnisser vu Canva oder engem änleche Programm
* Sécheren Ëmgang mat Kameraen
* Kreativ, selbststänneg a wärend der ganzer Period disponibel
* Lëtzebuergeschkenntnisser sinn e groussen Atout

Interesséiert?
Da schéck däin CV an e puer Beispiller vun dengen Aarbechten u [email protected].

See you tomorrow at the Outdoor Championships Finals! 🎾🏆Join us from 9:00 AM for a day of exciting tennis, great atmosph...
25/07/2026

See you tomorrow at the Outdoor Championships Finals! 🎾🏆

Join us from 9:00 AM for a day of exciting tennis, great atmosphere, and thrilling finals.

🏅 Prize ceremony: around 5:00 PM

We look forward to seeing you there!

📷

22/07/2026

🎾 Les finales des Championnats Outdoor approchent!
Rendez-vous ce dimanche 26 juillet au CNT Esch pour une journée de finales, de grillades et de bonn ambiance, suivie de la remise des prix🏆
Venez nombreux encourager les joueuses et les joueurs!🙌🏼

Highlights vun der Hären Interclubfinall🎾
12/07/2026

Highlights vun der Hären Interclubfinall🎾

E puer Andréck vun der Damen Interclubsfinall🏆
12/07/2026

E puer Andréck vun der Damen Interclubsfinall🏆

Gëschter ass d’Interclub Saison op en Enn komm mat de Finallen vun der Nationale I zu Schëffleng. Bei den Dammen konnt T...
12/07/2026

Gëschter ass d’Interclub Saison op en Enn komm mat de Finallen vun der Nationale I zu Schëffleng.

Bei den Dammen konnt Tennis.Spora sech 4-0 géint duerchsetzen.

Bei den Hären war am läschten Dubbel d’Entscheedung getraff, wou den TC Arquebusiers sech 7-5 géint Tennis Club Howald konnt duerchsetzen.

D’FLT gratuléiert all de Klibb fir déi super Resultater iwwer déi ganz Saison🎾

🎾 D’Finaliste vun der SEAT League sti fest! 🏆Hei sinn nach d’Resultater vum leschte Weekend.Mir freeën eis, Iech e Samsc...
06/07/2026

🎾 D’Finaliste vun der SEAT League sti fest! 🏆
Hei sinn nach d’Resultater vum leschte Weekend.
Mir freeën eis, Iech e Samschdeg, den 11. Juli, ab 10h00 beim TC Scheffleng begréissen ze kënnen.
Bei den Damen spillt den TC Peiteng géint Tennis Spora, bei den Häre spillt den TC Arquebusiers géint den TC Howald! 
Kommt är Equippen ënnerstëtzen !

Du bass um Tennis interesséiert a wëlls en Abléck an d’Sportorganisatioun kréien?Fir d’Outdoor Landesmeeschterschafte vu...
02/07/2026

Du bass um Tennis interesséiert a wëlls en Abléck an d’Sportorganisatioun kréien?
Fir d’Outdoor Landesmeeschterschafte vum 17. bis den 26. Juli um CNT zu Esch siche mir een Student, deen aktiv zum Geléngen vun dëser Competitioun bäidréit.

Zu dengen Aufgaben zielt et, Matcher ze starten, Resultater anzedroen, Froen zur Organisatioun ze beäntwerten, Gedrénks ze verkafen a villes méi.

Seet dëst dir zou? Da schreif eis nach haut:

📩[email protected]

Virun zwou Wochen huet d'AGO 2026 vun der FLT am CELO zu Hesper stattfonnt, organiséiert vum TC Howald. Am Kader vun der...
01/07/2026

Virun zwou Wochen huet d'AGO 2026 vun der FLT am CELO zu Hesper stattfonnt, organiséiert vum TC Howald.

Am Kader vun der Assemblée goufen ënner anerem den neien DTN virgestallt, d'Resultater vun eisen Kader an Profi Spiller presentéiert, souwéi e Réckbléck op eis national Tournoien an Eventer gemaach. 🇱🇺🎾

D'FLT ass aktuell an enger wichteger Iwwergangsphas, fir sech weider ze professionaliséieren an hir laangfristeg Strategie auszebauen. Als Federatioun, déi op 3 Pilieren opgebaut ass, Tennis - Padel - Pickleball, freeën mir eis immens iwwert déi grouss Entwécklung vun all eisen Sportarten. 📈
Eis Kommissiounen an Mataarbechter schaffen all Dag mat vill Engagement un der Weiderentwécklung vun allen 3 Sportarten.

E weidere flotte Moment war d'Iwwerteechung vum Rotary Esch-Bassin Minier Tennis Talent Präis. Fir d'éischte Kéier gouf dëse Präis un zwee jonk, talentéiert Lëtzebuergesch Tennis Spiller vergin, fir si op hirem sportleche Wee z'ënnerstëtzen. FLT gratuléiert dem Onalee Wagner an dem Gabriele Paolucci🎉.

Nom offiziellen Deel hunn d'Vertrieder vun eise Veräiner den Owend bei gudden Diskussiounen an engem flotte Kader ausgklénge gelooss. 😊

Merci un all d'Clibb vir hiren Asaz an hiert Engagement.🔥

Adresse

3, Route D'Arlon
Strassen
L-8009

Heures d'ouverture

Lundi 09:30 - 11:30
14:00 - 16:00
Mardi 09:30 - 11:30
14:00 - 16:00
Mercredi 09:30 - 11:30
14:00 - 16:00
Jeudi 09:30 - 11:30
14:00 - 16:00
Vendredi 09:30 - 11:30
14:00 - 16:00

Téléphone

+3525744701

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque FLT - Fédération luxembourgeoise de tennis publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à FLT - Fédération luxembourgeoise de tennis:

Raccourcis

Partager