Solina Solidarité Jeunes asbl

Solina Solidarité Jeunes asbl Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Solina Solidarité Jeunes asbl, Organisation à but non lucratif, 163, Rue du Kiem, Strassen.

Solina Solidarités Jeunes ASBL ass eng Associatioun mam Zil Kanner, Jugendlecher a jonk Erwuessener a schwéiere Liewenssituatiounen ze hëllefen an déi betraffe Famillen an deenen Zäiten ze ënnerstëtzen.

03/10/2026
🚗❤️ Hutt Dir déi nei Editioun vun de FLEX Charity Cars scho gesinn?Falls net: Mir freeën eis, Iech ze verroden, datt déi...
07/09/2026

🚗❤️ Hutt Dir déi nei Editioun vun de FLEX Charity Cars scho gesinn?

Falls net: Mir freeën eis, Iech ze verroden, datt déi nei Editioun vun de FLEX Charity Cars Solina Solidarité Jeunes ënnerstëtzt!

Vun elo un mécht all Faart mat engem vun den zwee speziell gebrandte FLEX Charity Cars, déi um Luxembourg – Gare (P&R) stationéiert sinn, en Ënnerscheed: 100 % vun de Recettë vun dësen zwee Gefierer ginn un de Projet OP DE PATTEN vu Solina Solidarité Jeunes gespent. 🫶

De Service „Op de Patten“ vu Solina Solidarité Jeunes bitt Kanner a Jugendlechen aus de Strukture vu Solidarité Jeunes pädagogesch, therapeutesch a psychotherapeutesch Begleedung mat Hëllef vun Déieren un.

Dësen Don ënnerstëtzt eis Aarbecht mat de Jonken an hire Familljen. E ganz häerzleche Merci un FLEX fir dëst staarkt Zeeche vu Solidaritéit, fir d’Vertrauen an eis Aarbecht an dofir, datt Mobilitéit op dës Manéier och konkret sozial Ënnerstëtzung bedeit. ❤️

An och Dir kënnt matmaachen:
Charity Car buchen. Fueren. Eng gutt Saach ënnerstëtzen. 🚗💨

👉 Méi zu dëser Aktioun:
https://www.flex.lu/fr/impact-et-news/flex-charity-cars-ensemble-pour-op-de-patten

👉 Méi iwwer Op de Patten:
https://www.solina.lu/fr/facilities/op-de-patten/

Mir hunn dierften dëst Joer als Benevolen bei der Organisatioun vum Charity Cross zu Gréiwemaacher hëllefen. Et war flot...
05/06/2026

Mir hunn dierften dëst Joer als Benevolen bei der Organisatioun vum Charity Cross zu Gréiwemaacher hëllefen. Et war flott ze gesinn, mat wéi vill Engagement, Solidaritéit a gudder Laun dësen Dag op d’Bee gestallt gouf.

E grousse Merci dobai un de Maacher Lycée an un all d’Organisateuren, Schüler, Enseignanten, Fräiwëlleg an Ënnerstëtzer vum Charity Cross zu Gréiwemaacher. 💛

Mir si ganz dankbar, datt Op de Patten dëst Joer och ee vun de Beneficiairë vun de gesammelte Spende war. Op de Patten bitt déiergestëtzt pedagogesch, therapeutesch a psychotherapeutesch Begleedung fir Kanner, Jugendlecher a jonk Erwuessener un. Zesumme mat eisen Déiere schafe mir fir déi Jonk Momenter, an deenen Vertrauen, Selbstwäert, Emotiounsregulatioun, sozial Kompetenzen an nei Ressourcë gestäerkt kënne ginn.

All gelafene Kilometer um Charity Cross an all Don hëlleft eis dobäi, dës wäertvoll Aarbecht weiderzeféieren an och fir d’Wuelbefanne vun eisen Déieren ze suergen — vu Fudder a Fleeg bis hin zu der néideger Infrastruktur. 🐾

Vun Häerzen: Merci fir är Ënnerstëtzung, är Energie an äert Vertrauen.

✨„Fit for Future 2026“ ✨Als Solina Solidarité Jeunes hate mir d’Freed, um Event „Fit for Future 2026“ präsent ze sinn an...
18/05/2026

✨„Fit for Future 2026“ ✨

Als Solina Solidarité Jeunes hate mir d’Freed, um Event „Fit for Future 2026“ präsent ze sinn an eis Aktivitéiten den zukünftegen Erzéierinnen an Erzéier virzestellen. 🙌

Deen inspiréierenden Dag huet de Studentinnen a Studenten d’Méiglechkeet ginn, wäertvoll Ablécker an hir zukünfteg Beruffswelt ze kréien an sech mat Fachleit iwwert eng professionnell Haltung am Educateursberuff auszetauschen. Mir ware frou, eis Missioun, eis Projeten, eis Wäerter an eis Aarbecht mat Jonken kënnen ze presentéieren an interessant Gespréicher ze féieren. 💬✨

E grousse Merci un den LTPES fir d’Invitatioun an déi flott Organisatioun vum Event, souwéi un all Studentinnen a Studenten fir hiren Interessi an hiert Engagement. 👏

Mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun! 💛

☝️D'Fondation Solina sicht Verstäerkung!!
15/05/2026

☝️D'Fondation Solina sicht Verstäerkung!!

📣Mir siche Verstäerkung fir eis Ekipp!
Méi Infos ginn et ënnert: https://www.solina.lu/career/

💛 Zesummen eppes beweegen.Mir soen der Table Ronde 1- Luxembourg e grousse Merci fir sain generéisen Don un d’Péitrussha...
13/05/2026

💛 Zesummen eppes beweegen.

Mir soen der Table Ronde 1- Luxembourg e grousse Merci fir sain generéisen Don un d’Péitrusshaus. 🙏

Mat esou Gesten hëllefe mir gemeinsam, Jonker a Mënschen an schwierege Situatiounen ze ënnerstëtzen an hinnen Perspektiven ze ginn.

All Ënnerstëtzung – kleng oder grouss – mécht en Ënnerscheed.
Merci fir d’Vertrauen an d’Solidaritéit! ✨

Adresse

163, Rue Du Kiem
Strassen
8030

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 12:00
13:30 - 17:00
Mardi 08:00 - 12:00
13:30 - 17:00
Mercredi 08:00 - 12:00
13:30 - 17:00
Jeudi 08:00 - 12:00
13:30 - 17:00
Vendredi 08:00 - 12:00
13:30 - 16:00

Téléphone

+3524904201

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Solina Solidarité Jeunes asbl publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager