Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois

Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois National Olympic Committee Luxembourg
Umbrella organization for Sport in Luxembourg
(1)

Le COSL

Le Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois (COSL) est l’organe faîtier du sport luxembourgeois. Le COSL, reconnu organisme central du sport luxembourgeois par les pouvoirs publics et Comité National Olympique par le Comité International Olympique, regroupe l'ensemble des fédérations sportives ou à caractère sportif, olympiques et non-olympiques. Ses missions sont:
• grouper l'ensemble des fédérations nationales sportives et à vocation sportive
• contribuer au développement du sport et de l'éducation physique et sportive
• représenter les intérêts du mouvement sportif
• promouvoir le mouvement et les idées olympiques et organiser la participation aux Jeux Olympiques et autres manifestations multisports. Ainsi le COSL regroupe 64 fédérations olympiques et non-olympiques avec plus de 121.000 membres dans quelques 1.550 clubs. Le COSL se veut un prestataire de service moderne qui supporte les fédérations avec des services, des conseils et des appuis financiers grâce à des voies d’action et de décision courtes – assisté par une petite structure d’organisation svelte et environ 80 bénévoles. En tant que représentant impartial du sport, le COSL défend les intérêts du sport luxembourgeois sur le plan national et international et fait figure de partenaire compétent et fiable pour la politique, l’économie et les médias.

06/10/2026
05/10/2026

💚 D'Woch vun der Santé Mentale 💚

Wien kennt dat net?

Stress doheem, Gehetzt um Training? Däi Kapp ass voll, du vergëss alles an et gëtt der einfach ze vill?
Huel der 5 Minutten Zäit fir eng einfach Übung géint de mentale Stress. Duerno fënns de méi liicht zréck zum Fokus. D'Übung fënns de hei:
www.teamletzebuerg.lu/cosl/a-propos/sante-mentale/

Jidderen dréit säi Päckelchen. Zesumme komme mir méi liicht virun! 💚

Eng Initiativ am Kader vun de Semaines de la Santé Mentale (5.–17. Oktober 2026). Ligue Santé Mentale ERASMe - Espace de Ressources et d'Activités pour la Santé Mentale - APGS Fédération Sport Santé

Eng Delegatioun vum Isländeschen Olympesche Comité war bei eis op Besuch.Op der Agenda: d'JPEE, d'Erausfuerderunge vu kl...
01/10/2026

Eng Delegatioun vum Isländeschen Olympesche Comité war bei eis op Besuch.

Op der Agenda: d'JPEE, d'Erausfuerderunge vu klenge Länner a gemeinsam Wäerter. Den Luxembourg Institute for High Performance in Sports huet den HPTRC an der Coque - Centre National Sportif et Culturel virgestallt, de Sportlycée Lëtzebuerg säi Konzept.

Owes hu mir zesumme de Match gekuckt – leider ouni Victoire fir d'Roud Léiwen.

Merci fir de Besuch! 🤝

Wëlls du bei den Olympesche Spiller zu Los AngelesDeel vum Team Lëtzebuerg sinn? 🇱🇺De COSL sicht e fräiwëllegen Assisten...
26/09/2026

Wëlls du bei den Olympesche Spiller zu Los AngelesDeel vum Team Lëtzebuerg sinn? 🇱🇺
De COSL sicht e fräiwëllegen Assistent oder eng fräiwëlleg Assistentin fir LA28 . Du ënnerstëtz eis bei administrativen, sproochlechen an operationellen Aufgaben, direkt um Terrain.

✅ Mindestens 18 Joer aal sinn den 1. Januar 2028
✅ Disponibel vum 7. bis 31. Juli 2028
✅ Gëltege Führerschäin
✅ Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergesches, Franséischen an Englesch

Schéck deng Kandidatur mat CV a Motivatiounsbréif bis de 15. Oktober 2026 op [email protected]. 📩

22/09/2026

🧗‍♀️ Kraaft, Fokus a vill Talent!

Mir stellen Iech d'Lola Slavazza an d'Daphné Dubois vir – zwou jonk Kloterinnen aus eisem Cadre Promotion, déi eng grouss Zukunft virun sech hunn! 🚀🇱🇺

Ob Boulder oder Lead – déi zwee weisen, wat am Klammsport stécht. 💪🔥
Zesumme mat der FLERA 🤝

No enger klenger Paus si mir nees zréck: de neie Flambeau, méi no un  iech drun, mat flotte Themen ronderëm d'Sportswelt...
21/09/2026

No enger klenger Paus si mir nees zréck: de neie Flambeau, méi no un iech drun, mat flotte Themen ronderëm d'Sportswelt! 🔥

Am Programm:

⚽ Abléck an d'Kickerfederatioun
🥗 Wéi ernähre ech mech als Sportler richteg?
🏅 Porträit vum Céleste Mordenti um Wee op LA28
🙌 De Louis erzielt vu senge Erfarunge als Bénévole bei den Olympesche Spiller
🚀 Eise neie Projet IMPULS² gëtt virgestallt
. a villes méi

Kuckt eran:
https://www.dropbox.com/scl/fi/ilt1czqia35sngy5gydaq/Flambeau_94_lowres.pdf?rlkey=gxpoun1j6lb5eo0ok7nonb0l6&st=480zhjk5&dl=0

Wëllt Dir de Flambeau och an Zukunft gratis an Ären Bréifboîte kréien? Fëllt de Formulaire aus:

https://teamletzebuerg.lu/medias/flambeau/

Zesummen mat eisem Partner .lu

Shared with Dropbox

17/09/2026

🏈 Séier, taktesch – an zwar ouni Tackling!

Flag Football ass bei den Olympesche Spiller LA28 fir d'éischt um Programm – a gëtt och scho bei eis zu Lëtzebuerg gespillt! 🇱🇺🔥

Mir stellen Iech de Sport an d'American Football Federation Luxembourg (AFFL) vir. 🚩

Zéi de Fändel – net de Spiller! ⚡
👉 Loscht, et selwer auszeprobéieren? All d'Infoen op affl.lu

📊 Mir sichen Verstäerkung!De COSL sicht e(n) Gestionnaire financier(ère)/comptable (m/f/x) — Vollzäit, onbefristene Kont...
04/08/2026

📊 Mir sichen Verstäerkung!

De COSL sicht e(n) Gestionnaire financier(ère)/comptable (m/f/x) — Vollzäit, onbefristene Kontrakt (CDI), an der Maison du Sport zu Stroossen.

Är Aufgaben:
▪️ Allgemeng Comptabilitéit an deeglech Buchungen
▪️ Suivi vun de Lieferanten- a Clientskonten an der Rechnungsstellung
▪️ Zesummenaarbecht mam Expert-comptable a Kontaktpersoun fir de Réviseur d'entreprises
▪️ Gestioun vun administrativen Dossieren
▪️ Matschaffen bei der Organisatioun vun eisen Evenementer

Wat Dir matbréngt:
▪️ Ausbildung an der Comptabilitéit (BTS, Bachelor oder gläichwäerteg)
▪️ Beruffserfarung als Comptabel ass e Plus
▪️ Sécherheet mat Comptabilitéitsprogrammer an MS Office
▪️ Franséisch an Englesch (mëndlech a schrëftlech), Lëtzebuergesch an/oder Däitsch sinn en Atout
▪️ Verantwortungsbewosstsien, Diskretioun, Flexibilitéit an Teamgeescht

📅 Kandidaturen (CV, Motivatiounsbréif, Diplomer) bis spéitstens den 31. August 2026.

👉 All Detailer an d'Kandidatur: https://fr.jobs.lu/ApplyForJob.aspx?Id=287509

Apply for Gestionnaire financier(ère)/comptable (m/f/x) job in Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois ASBL at fr.jobs.lu. Pour renforcer son équipe de collaborateurs professionnels le Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois (COSL) se propose d’engager avec effet immédiat 1 gestionnaire...

🔥 LA28 Volunteer-Kampagne start – bass DU dobäi?Op der Sich no engem onvergiesslechen Erliefnis? Ab  haut, dem 14. Juli,...
14/07/2026

🔥 LA28 Volunteer-Kampagne start – bass DU dobäi?

Op der Sich no engem onvergiesslechen Erliefnis? Ab haut, dem 14. Juli, kanns du dech als LA28 Games-Time Volunteer mellen.

✨60.000 Volontären ginn gesicht fir bei denen gréisste Olympesch a Paralympesch Spiller aller Zäiten – vun Los Angeles bis Oklahoma City z hellefen. Wëlls du en Deel dovun sinn
✅ Wat s de brauchs fir zue postuléieren:

- Mindestens 18 Joer al
- Keng schwéier strofrechtlech Verurteelungen (e Background-Check kann verlaangt ginn)
- Loscht an Zäit fir ppes Onvergiessleches matzeerliewen

Mell dech un op: volunteer.la28.org

unteer.html

Adresse

3, Route D'Arlon
Strassen
8009

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 12:00
13:00 - 17:00
Mardi 08:00 - 12:00
13:00 - 17:00
Mercredi 08:00 - 12:00
13:00 - 17:00
Jeudi 08:00 - 12:00
13:00 - 17:00
Vendredi 08:00 - 12:00
13:00 - 17:00

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager