Fondation Solina

Fondation Solina La Fondation SOLINA apporte aide, soutien et accompagnement aux mineurs, aux jeunes adultes et aux a

16/10/2025
📢 Eise Rapport d’Activité 2024 ass do! Entdeckt wat mir lescht Joer als Fondatioun zesumme mat eisen 3 ASBLen Solina Aar...
13/06/2025

📢 Eise Rapport d’Activité 2024 ass do!

Entdeckt wat mir lescht Joer als Fondatioun zesumme mat eisen 3 ASBLen Solina Aarbechtshëllef asbl, Solina Jongenheem asbl a Solina Solidarité Jeunes asbl erreecht hunn a wéi mir gemeinsam mat vill Engagement a Motivatioun eiser Missioun "Mënsche staark maachen" nogaange sinn.

👉 Vill Spaass beim Liesen:https://www.solina.lu/app/uploads/2025/06/FondationSolina_RapportActivites2024_FR.pdf

📣Mir siche Verstäerkung fir eise Service Financier!Du hues en DAP bis en BAC+3, mindestens 5 Joer Beruffserfarung an der...
28/03/2025

📣Mir siche Verstäerkung fir eise Service Financier!

Du hues en DAP bis en BAC+3, mindestens 5 Joer Beruffserfarung an der Gestioun vun de Paien a Loscht op en neien Challenge?

Da mell dech bei eis! Méi Infos ginn et ënnert: https://www.solina.lu/career/

11/02/2025

Weess du, fir wat “Solina” an eisem Numm steet?🤔

Mir, Solina Solidarité Jeunes asbl, sinn niewent Solina Aarbechtshëllef asbl a Solina Jongenheem asbl, eng vun den Associatioune vun der Fondation Solina. Dës ass offiziell am Januar 2018 gegrënnt ginn a steet fir Solidaritéit, Inklusioun a Begleedung.

Wann een et genau hëlt, da gi grondleeënd Bausteng vun der Fondatioun e gutt Stéck an d’Vergaangenheet zeréck. Et war zum Beispill 1951, wou dat éischt Jongenheem mat senger Funktioun als Foyer an d’Liewe geruff ginn ass. 1976 gouf d’Jongenheem dann zu enger A.s.b.l a kuerz drop, 1983, ass Aarbechtshëllef asbl als Ënnerstëtzung dobäi komm. Bal 30 Joer drop si mir, Solidarité Jeunes asbl, aus der Jongenheem asbl eraus entstan.

Obwuel déi dräi Associatiounen haut verschidde Schwéierpunkte verfollgen an och ënnerschiddlech Funktiounsweisen hunn, sinn si duerch gemeinsam Eegeschaften eng matenee verbonnen: Déi iwwergeuerdent Ziler a Wäerter wéi Gerechtegkeet, Inklusioun, Transparenz a Respekt, deelen sech Aarbechtshëllef, Jongenheem a Solidarité Jeunes. A fir genau dës Verbindung méi ze stäerken an no baussen en Numm ze ginn, ass d’Fondation Solina an d’Liewe geruff ginn an all A.s.b.l. ass mat „Solina" viru sengem Numm vervollstännegt ginn.

Du wëlls nach méi iwwert eis Fondatioun an hir Associatioune gewuer ginn? Dann gei op eise Site luussen: https://www.solina.lu/

31/01/2025
Déi ganz Fondation SOliNA an hir 3 Asblen Solina Solidarité Jeunes asbl, Solina Aarbechtshëllef asbl a Solina Jongenheem...
20/12/2024

Déi ganz Fondation SOliNA an hir 3 Asblen Solina Solidarité Jeunes asbl, Solina Aarbechtshëllef asbl a Solina Jongenheem asbl, wënschen iech an äre Léifste schéi Feierdeeg! 🎄
..a falls dir nach e Kaddo maache wëllt, deen net ënnert dem Beemche leie soll: Egal, op fir de Projet BeLeaf oder de Fit for School vu Solidarité Jeunes, Jongenheem oder Aarbechtshëllef oder d'Fondatioun selwer - eis Ekippen an och eis Clienten sinn immens dankbar fir all Ënnerstëtzung, déi eis Matmënschen eis offréieren.

Dir wëllt en Don maachen? All d'Infoen dozou ginn et op eisem Site: https://www.solina.lu/ennerstetzen/

Mir soe vu ganzem Häerzen MERCI! ❤

Adresse

163, Rue Du Kiem
Strassen
L-8030

Téléphone

+35280021313

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Fondation Solina publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Fondation Solina:

Partager