Wonschstär

Wonschstär Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Wonschstär, Organisation à but non lucratif, 50, Rue Basse, Steinsel.

Die Stiftung Wonschstär hat es sich zum Ziel gesetzt Menschen, welche aufgrund von Krankheiten, Unfällen oder durch andere Schicksalsschläge das Leben erschwert bekamen, zu helfen. Sensible au changement de destin qu’une maladie ou un accident de la vie peuvent avoir sur une personne et touchée par quelques cas concrets rencontrés dans mon proche entourage au fil des années j'ai réuni des proches et amis disposés à s’engager avec moi afin de faire vivre une fondation sans but lucratif de droit luxembourgeois. Cette fondation, qui portera le nom de Fondation WONSCHSTÄR, aura comme but d’aider des personnes gravement malades, handicapées ou défavorisées, et tout particulièrement enfants, adultes et seniors qui se trouvent dans le besoin suite à une maladie ou un accident de la vie. La Fondation part du principe que chaque personne a des rêves qui méritent d’être réalisées (peu importe l’état de santé ou la situation de la personne ou de l’enfant en question). Par le biais de l’aide accordée, la Fondation entend soulager leur destin dans le but de maintenir l’espoir et d’apporter de la joie, ne serait-ce que temporairement. Donner de la joie et réaliser des rêves, grands ou petits, est en réalité une excellente « médecine » car elle permet d’apporter davantage de force et permet de mieux supporter les désagréments de la vie de tous les jours et les revers du destin. Pour illustrer les activités potentielles de la Fondation, énumérons la réalisation de vœux de rencontre, de vœux de divertissement, de vœux de voyage et aussi des vœux de (ré)insertion professionnelle et/ou sociale, des activités de soutien scolaire (cours individuels, cours par ordinateur) pour des enfants gravement malades, afin de pouvoir assurer le maintien dans leur cycle scolaire. Le soutien de la Fondation pourra se faire non seulement sous forme d’aide financière mais aussi sous forme de bénévolat de compétences et de temps (p.ex accompagnement dans des démarches administratives, mise en relation, communication d’informations relevantes pour la recherche d’un emploi ..)

Viru puer Wochen hu mir Iech vum Här T. a sengem Wonsch gezielt nach e mol e bëssen an d’Vakanz ze goen a Sonn ze tanken...
30/09/2026

Viru puer Wochen hu mir Iech vum Här T. a sengem Wonsch gezielt nach e mol e bëssen an d’Vakanz ze goen a Sonn ze tanken.

Fir eis e spezielle Merci ze soen huet seng Schwéiesch, eng passionnéiert Kënschtlerin, eis mat enger flotten Statue iwwerrascht.
Esou Geste sinn och fir eis Ekipp ëmmer wonnerbar Momenter a weisen eis, dass de villen Opwand sech lount a mir um richtege Wee sinn.

Villmools Merci

De Kiwanis Club Uelzechtdall hat eis invitéiert op hiert Ofschlossiesse vun hirer Action sociale 2026.De virgesinne Betr...
28/09/2026

De Kiwanis Club Uelzechtdall hat eis invitéiert op hiert
Ofschlossiesse vun hirer Action sociale 2026.

De virgesinne Betrag ass no uewen op déi deck Zomm vu 15.000€ opgeronnt ginn.

E grousse Merci un deen dynamische Club an hir engagéiert Membere fir dëse Geste.

E Bréif vun der Fondation Kannerschlass mat enger ganz konkreter Demande huet eis erreecht. Et geet ëm eng elengerzéiend...
21/09/2026

E Bréif vun der Fondation Kannerschlass mat enger ganz konkreter Demande huet eis erreecht.

Et geet ëm eng elengerzéiend Mamm vun 3 Joer alen Zwillingen, déi allebéid d’Diagnos Autismus kruten. D’Mamm këmmert sech mat vollem Asaz ëm hir zwee kleng Raiber, mee befënnt sech gläichzäiteg an enger schwiereger finanzieller Situatioun.

Déi zwee Bouwen si richteg flénk a voller Energie. Si sécher a roueg op enger Plaz ze halen, ka séier zu enger klenger Erausfuerderung ginn.

Eng grouss Hëllef wieren dofir zwee stabil a sécher Kannerstill, op deenen d’Kanner hir Féiss gutt ofstelle kënnen an déi d’Méiglechkeet bidden, si bei Bedarf sécher unzeschnallen. Esou kéint d’Mamm vill Alldagssituatioune méi entspaant gestalten an déi zwee Kanner hätten eng sécher Plaz.

Fir eis war direkt kloer: Dëse Wonsch erfëlle mir der Famill ganz gär an esou hunn mir d’Mamm an hir Bouwe mat zwee passende Kannerstill iwwerrascht

Weider Wënsch fannt dir op www.wonschstaer.lu

Zënter senger Gebuert lieft den M. mat Mukoviszidose, enger genetescher Krankheet, déi firun allem d’Otmung an d’Verdauu...
15/09/2026

Zënter senger Gebuert lieft den M. mat Mukoviszidose, enger genetescher Krankheet, déi firun allem d’Otmung an d’Verdauung beanträchtegt. Säin Alldag gëtt dohir vun reegelméissege Therapien an ville Medikamenter begleet. Mat esou enger Krankheet ze liewen, bedeit fir déi Betraffen eng grouss kierperlech, awer och psychesch Belaaschtung. D’Krankheet ass ëmmer präsent a verlaangt vill Kraaft an Disziplin.

Ëmsou méi wäertvoll sinn déi Momenter, an deenen d’Krankheet emol net am Mëttelpunkt steet. Säi grousse Wonsch war et dofir, dem Alldag fir e puer Deeg ze entkommen an eng Auszäit an der Tierkei ze genéissen. Sonn tanken, ofschalten, nei Andréck sammelen an einfach emol d’Suerge hannert sech loossen.

Mir si glécklech, dass mir mir dem M. dësen Häerzenswonsch erfëllt hunn an him esou eng wuelverdéngten Auszäit voller schéine Momenter, Erhuelung an neien Erënnerungen schenken konnten.

Mir soen jidderengem Merci fir d’Ënnerstëtzung an hoffen, datt den M. seng Rees a vollen Zich genéisse konnt an nach laang mat engem Laachen dorun zeréckdenke wäert.

Weider Wënsch fannt dir op www.wonschstaer.lu

Mir konnten dem Cindy e ganz besonnesche Wonsch erfëllen an him eng Woch Vakanz an Italien erméiglechen. Duerch seng sch...
08/09/2026

Mir konnten dem Cindy e ganz besonnesche Wonsch erfëllen an him eng Woch Vakanz an Italien erméiglechen.

Duerch seng schwéier Krankheet a seng familiär Situatioun ass et den Ament net einfach fir e puer Deeg aus dem Alldag erauszekommen, ofzeschalten an nei Kraaft ze sammelen. Dëst ass awer wéi mir fannen an esou enger schwiereger Zäit besonnesch wichteg.

Dofir huet et eis gefreet, him dës kleng Auszäit an Italie kënnen ze schenken. Eng ganz Woch, an där hatt den Alldag fir ee Moment hannert sech loosse konnt, d’Sonn an déi italieenesch Atmosphär genéissen an einfach emol Zäit fir sech konnt hunn.

Mir hoffen, datt dës Rees dem Cindy vill schéi Momenter geschenkt huet, datt hatt e bëssen ofschalte konnt an déi wäertvoll Deeg genotzt huet fir bëssen nei Energie a Kraaft ze sammelen.

E grousse Merci geet dobäi wéi ëmmer un iech dobaussen, déi eis hëllefen esou schéi Momenter ze schenken.

Weider Wënsch fannt dir op www.wonschstaer.lu

Den Här T. ass schonn zënter enger Zäit u Kriibs erkrankt. Leider krut hien viru Kuerzem déi schwéier Nouvelle, datt d’K...
31/08/2026

Den Här T. ass schonn zënter enger Zäit u Kriibs erkrankt. Leider krut hien viru Kuerzem déi schwéier Nouvelle, datt d’Krankheet sech weider ausgebreet huet.

Ee vu senge grousse Wënsch war et, nach eng Kéier zesumme mat sengem Brudder eng kleng Rees op Nice ze maachen. E Wonsch, dee mir him vu ganzem Häerze gär erfëllt hunn.

Déi zwee Bridder, déi vu klengem un duerch déck an dënn gaange sinn, hunn hir gemeinsam Zäit zu Nice sichtlech genoss. E puer Deeg eraus aus dem Alldag, d’Mier gesinn, zesumme laachen an einfach wäertvoll Momenter matenee verbréngen.

Et war eng kleng Rees, mee ëmsou méi grouss war hir Bedeitung an ëmsou méi schéin d’Erënnerungen, déi do entstanen.

Mir si frou an dankbar, datt mir dem Här T. dëse besonnesche Wonsch erfëlle konnten.

Weider Wënsch fannt dir op www.wonschstaer.lu

Fir d’Mariana, d’Shola an d’Lara ass e ganz besonnesche Wonsch an Erfëllung gaangen: Zesumme mat hiren Eltere sinn déi d...
21/08/2026

Fir d’Mariana, d’Shola an d’Lara ass e ganz besonnesche Wonsch an Erfëllung gaangen: Zesumme mat hiren Eltere sinn déi dräi Meedercher an d’Tierkei gereest, fir do un enger Delfintherapie deelzehuelen.

Déi intensiv Momenter am Waasser hunn den Meedercher natirlech ganz besonnesch gutt gefall. Hei konnten si den Delfine ganz no sinn, si beréieren, mat hinne schwammen a mat hinnen zesummeschaffen.

Nieft den Eenheete mat den Delfine stoung bei deenen 3 och Physiotherapie um Programm. Esou waren d’Deeg gefëllt mat Therapie, neien Erfarungen a ville wäertvolle Momenter. Natierlech war awer trotzdeem och Zäit do, fir déi nei Ëmgéigend ze genéissen an zesumme mat den Elteren eng schéin Zäit ze verbréngen. Fir d’Famillje war dës Rees domat net nëmmen eng intensiv Therapieerfarung, mee och eng wäertvoll gemeinsam Auszäit vum Alldag.

Mir freeën eis immens, datt mir dem Mariana, dem Shola an dem Lara dës besonnesch Delfintherapie an der Tierkei erméigleche konnten an hoffen, datt si an hir Familljen nach laang un dës aussergewéinlech Zäit zeréckdenken.

Mir soe jidderengem Merci a wënschen deenen 3, datt déi vill schéin Erfarungen a Momenter mat den Delfinen si nach ganz laang begleeden.

Weider Wënsch fannt dir op www.wonschstaer.lu

Mir waren an den Ourrou op Stolzebuerg e Scheck sichen. Dësen Betrag gouf gesammelt beim NLP Owend.Merci un déi engagéie...
19/08/2026

Mir waren an den Ourrou op Stolzebuerg e Scheck sichen. Dësen Betrag gouf gesammelt beim NLP Owend.
Merci un déi engagéiert Ekipp.

D'Kanner vum Billek Dräibuer hunn 2.000€ gespennt. Dëse schéine Betrag kéint aus dem Erléis vun hirem Concert "Sang mat"...
17/08/2026

D'Kanner vum Billek Dräibuer hunn 2.000€ gespennt. Dëse schéine Betrag kéint aus dem Erléis vun hirem Concert "Sang mat" vum leschte Joer an vun hirer Konschtausstellung "d'Kënschtler aus der Gemeng an ech"vun dësem Joer.
E grousse Merci fir hirt kulturelt a sozial Engagement.

D’Emma huet eng schwéier Krankheet hannert sech an huet vill missen kämpfen. Op een deen hat sech dobäi ëmmer konnt verl...
14/08/2026

D’Emma huet eng schwéier Krankheet hannert sech an huet vill missen kämpfen. Op een deen hat sech dobäi ëmmer konnt verloossen ass d’Valse.

Dëst ass fir d’Emma vill méi wéi just en Hond – hatt ass en treie Begleeder, eng bescht Frëndin an e wichtegen Deel vu sengem Alldag. An natierlech soll hatt och ëmmer dobäi sinn, wann d’Emma sech mat sengem Trike op den Wee mécht.

Dofir huet d‘Emma eis vu sengem Wonsch erzielt d’Valse mat engem Hondsunhänger  op seng Vëlostoure matzehuelen.

D’Valse kann et sech elo bequeem maachen, wärend d’Emma an d’Pedallen trëppelt – an zesumme kënnen déi zwee op Entdeckungstour goen, nei Weeër entdecken, Ausflich maachen a vill schéi Momenter erliewen.

Well déi schéinsten Aventurë sinn dach déi, déi ee mat senge beschte Frënn deele kann.

Mir wënschen dem Emma an dem Valse ganz vill onvergiesslech gemeinsam Kilometer.

E grousse Merci vun hinnen zwee geet natierlech un iech alleguer.

Weider Wënsch fannt dir op www.wonschstaer.lu

Adresse

50, Rue Basse
Steinsel
7307

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Wonschstär publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Wonschstär:

Raccourcis

Partager