Helping Hands for Animals asbl

Helping Hands for Animals asbl Helping Hands for Animals a.s.b.l. (HHFA ASBL) ass am September 2012 gegrënnt ginn. Si gi wierklech alles a maachen hiert Beschtméiglecht fir Deieren. B. s.

(HHFA ASBL) ass am September 2012 gegrënnt ginn, N° d'identité 2012 61 03302, N° d'immatriculation F 9303. Mer sinn an éischter Linn am Auslandsdéiereschutz täteg an natierlech awer och um nationale Plang. HHFA ASBL versicht och Déierenasyler wou keng staatlech respektiv kommunal Ënnerstëtzung kréien esou gutt et geet ze hëllefen. Dofir sammele mir reegelméisseg Sachspenden wéi z. Dicher, Bettdicher, Decken, Muppenkessen, Fudder asw. HHFA ASBL ass och permanent op der Sich no serieuxen Fleegefamillen déi eis Schützlingen op hiert Liewen an den neien Familljen virbereet. Wann der eis wëllt ënnerstëtzen da kënnt Dir dat maache mat engem Don op eise Konto, oder andeems Dir eng Patenschaft fir en Déier iwwerhuelt, resp Member gitt. Eng Memberskaart kascht 10 €/Joer. Kontosnummer vun Helping Hands for Animals a.s.b.l. ass:

BCEE
IBAN LU43 0019 3955 8483 3000
BIC CODE: BCEELULL

E grousse Merci am viraus am Numm vun den Deieren. (HHFA ASBL) was founded in September 2012, Id number 2012 61 03302, Immatriculation no F 9303. First of all we are acting in International animal rescue, but of course also on the national plan. HHFA ASBL also tries to help as good as they can do the kennels who are not officially financial supported by the state. They mainly survive on donations. We do collect old towels, bedclothes, food, toys, etc. HHFA ASBL is always looking for serious foster families who are preparing our animals to the life in their new forever families. If you like to support us with a donation, if you want to do a sponsorship or become a member of our association, annual membership of 10€, you can do so with a wire transfer to our account. Account from Helping Hands for Animals a. b.l. :

BCEE
IBAN LU43 0019 3955 8483 3000
BIC CODE: BCEELULL

Many thanks in the name of the animals.

26/09/2026
Als nächst fannt dir eis hei op dëse flotte Bicherdeeg. Mir freeën eis iech do op eisem Stand ze begéinen 😊. Kommt bis d...
08/09/2026

Als nächst fannt dir eis hei op dëse flotte Bicherdeeg. Mir freeën eis iech do op eisem Stand ze begéinen 😊. Kommt bis dohinner et lount se sécher an dir gitt net mat engem eidele Kuerf heem 😉. Mam Erléis wäerte mir nees e puer Déieren de Bauch fëllen oder hinnen medizinesch hëllëfe loossen zb.

📚📚📚Bis geschwënn 📚📚📚

‼️Léif DéierefrënnMir wëllen iech heimadder matdeelen, dass mir aus verschiddene Grënn eng Paus aleeë wat d'Sammele vu S...
08/09/2026

‼️

Léif Déierefrënn

Mir wëllen iech heimadder matdeelen, dass mir aus verschiddene Grënn eng Paus aleeë wat d'Sammele vu Sach-a Fudderspenden fir d'Déieren ugeet. D'Asyl wou mir ënnerstëtzen ass momentan gutt gesiedegt a voll mat Gedecks, Accessoire asw. Do dernieft gëtt ëmmer erëm e bësse problematesch mam tëschenduerch lageren respektiv stockéiere bis mir nees an den Asyl fueren. Leider hu mir kéng gratis, dréchen a sécher nagedéierfräi Location fir de Stockage. Och privat kënne mir net méi alles versuergen. Aus perséinleche Grënn brauche mir do ebenfalls eng Auszäit.

Eng leider méi traureg Ursaach ass déi, dass an der Lëscht et ëmmer méi Läit gouf déi kee Respekt virun eiser Aarbecht oder virun där vum Asyl hunn an dem se eis oder am Asyl selwer, dreckeg, futtis, schmuddeleg a komplett onbrauchbar Saachen ofginn hunn. Weder d'Läit vum Asyl nach mir hu Loscht an Zäit dofir fir nach an eiser Fräizäit op eng Recyclingsanlag ze fueren an och nach fir d'Entsuergung bezuelen ze mussen.

Am Fall wou d'Asyl eppes dréngend brauch, deele mir hir Besoinen op eiser Säit an och an eiser Grupp. Fir de Fall fanne mir da sécher och eng Léisung, zb eng Collecte fir eng Bestellung déi dann direkt op d'Plaz geliwwert gëtt.

Kéng Angscht, kéng Suerg, mir bleiwe weiderhi fir d'Déieren aktiv. Dir wäert eis sécher nach op dem engen oder anere Floumaart, Event oder Bichermaart fannen a mir freeën eis iech do ze begéinen.

Villmools Merci fir Äert Versteesdemech 🙏🏻

Léif Gréiss

De Comité

Christian P. Müller

Laurence Wildanger

Carmen Graf

Christiane Spautz

Läschte Samschdëg ware mir nees als Streckeposten beim Escher Kulturlaf aktiv. Mat dobäi waren de Roger Spautz an och d'...
08/09/2026

Läschte Samschdëg ware mir nees als Streckeposten beim Escher Kulturlaf aktiv. Mat dobäi waren de Roger Spautz an och d'Tessy Schneider (leider net op der Foto dobäi) dene mir allebéid e grousse Merci fir hir Ënnerstëtzung soen 😃

11/08/2026

❗ Opgepasst – Gëftköderen am Schweecherdall
❗ Attention – Appâts empoisonnés au Schweecherdall

Der Gemeng goufen e puer Virfäll gemellt, bei deenen Hënn méiglecherweis ausgeluechte Gëftködere gefriess hunn.

Eis Leit waren op der Plaz an hunn de betraffene Beräich kontrolléiert. Aktuell goufe keng weider Ködere fonnt. Dat schléisst awer net aus, datt nach weider Ködere kënnen do leien oder neier ausgeluecht ginn.

🐕 Mir bieden dofir all Hondsbesëtzer, besonnesch virsiichteg ze sinn an hir Hënn am A ze behalen.

⚠️ Besonnesch Opmierksamkeet am Beräich ronderëm d'Kierch zu Ielwen.

Sollt Dir verdächteg Köderen oder aner opfälleg Saache fannen, beréiert se w.e.g. net a mellt eis dat esou séier wéi méiglech.

Merci fir Är Opmierksamkeet a fir Är Mathëllef!

🇫🇷 Plusieurs incidents ont été signalés à la commune, lors desquels des chiens auraient ingéré des appâts empoisonnés déposés dans la nature.

Nos agents se sont rendus sur place et ont contrôlé les zones concernées. À l’heure actuelle, aucun autre appât n’a été trouvé. Cela n’exclut toutefois pas que d’autres appâts puissent encore se trouver sur place ou être déposés ultérieurement.

🐕 Nous demandons donc à tous les propriétaires de chiens de faire preuve d’une vigilance particulière et de garder leurs animaux à l’œil.

⚠️ Une attention particulière est également recommandée aux alentours de l’église d'Elvange.

Si vous trouvez des appâts suspects ou tout autre objet inhabituel, merci de ne pas les toucher et de nous les signaler dans les meilleurs délais.

Merci pour votre vigilance et votre coopération !

10/07/2026
Elo just virun eiser Hausdir um Trëttoir gemoss.Loost Äer Muppe wannechgelift net op dee wuarme Beton!
25/06/2026

Elo just virun eiser Hausdir um Trëttoir gemoss.
Loost Äer Muppe wannechgelift net op dee wuarme Beton!

Gudde Moien 😃Wann Dir villäicht nach nët wësst wat haut maachen, ma dann kommt bis op Mertert op de Floumaart an de Park...
21/06/2026

Gudde Moien 😃

Wann Dir villäicht nach nët wësst wat haut maachen, ma dann kommt bis op Mertert op de Floumaart an de Park. Also dann bis geschwënn hei 😃.

Als nächst fannt dir eis zu Mertert am Parc um Floumaart 😃😃
07/06/2026

Als nächst fannt dir eis zu Mertert am Parc um Floumaart 😃😃

Fir déi wou interesséiert sinn a sech gären och mol selwer e Bild maachen wëllen 😃
07/06/2026

Fir déi wou interesséiert sinn a sech gären och mol selwer e Bild maachen wëllen 😃

Adresse

1, Rue Denis Netgen
Schifflange

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Helping Hands for Animals asbl publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager