LGS Suessem

LGS Suessem Mir sin Guiden&Scouten vun Suessem an gin op dësem Site nëtzlech Informatiounen fir eis Aktivitéiten.

Stadtsvisit Kopenhagen Blårød 2026 Carapio
29/07/2026

Stadtsvisit Kopenhagen Blårød 2026 Carapio

Avex Camp Update Dag 9:Haut de Moien huet en ustrengenden Dag ob eis gewaart. Bevir eisen ustrengenden Dag ugefaangen hu...
24/07/2026

Avex Camp Update Dag 9:

Haut de Moien huet en ustrengenden Dag ob eis gewaart. Bevir eisen ustrengenden Dag ugefaangen huet, hu mir Schmieren giess. Dann hu mer och schonn ugefaangen alles an eis Kierf anzepacken. Wou all Mënsch fäerdeg war, hu mir och schonn eis Zelter ofgericht. Beim Mëttesiessen kruten mer gutt Croques Monsieurs. Nom Mëttesiessen misste mir nach all eis Konstruktiounen ofrichten. Während dem schaffen krute mir nach Uebst als Stärkung. Herno hate mir Fräizäit a mir konnten an de Séi schwamme goen, Fussball spillen, Loup Garou spillen an déi lescht Stonnen um
Camp genéissen. Owes krute mur lecker Burger an zum Schluss krute mir nach Frëndschafts- an Ëmweltbadger. Muer geet et leider schon rëm heem.

Zesumme mat eise Beetebuerger a Leidelenger Kolleegen, hu mir 10 flott Deeg zesumme verburecht. Muer heescht et fir eis, an de Bus an erëm zereck op Lëtzebuerg , matt vill flotten Erënnerungen un dëse Camp.
Mir si scho gespant wou mir d‘nächst Joer op de Camp wärte goen.

23/07/2026

Mir wellen nach eist coolt Camplidd mat iech deelen, dat vun 2 vun eisen Avex geschriwwen ginn ass

Avex Camp Update Dag 8:Haut ass eisen adag um 7:30 ugaangen. Mir hunn séier emg waarm Mellech gedronk an dann hate mir 3...
23/07/2026

Avex Camp Update Dag 8:

Haut ass eisen adag um 7:30 ugaangen. Mir hunn séier emg waarm Mellech gedronk an dann hate mir 30 Minutten fir eis prett ze maachen. Mir sinn dunn 1 Stonn mam Bus op Salzburg gefuer. Hei hu mir als éischt eng Visitt vun der Hofburg gemaach. Duerno hate mir de ganze Mëtteg Fräizäit a mir konnte Shoppen goen. Jiddereen huet och 25€ kritt fir d‘Mettegiessen. Mir hu gutt vun eiser Fräizäit profitéiert an dei meescht hunn eise Chef e klenge Kado ginn. Da si mir erem mam Bus op d‘Campplatz gaangen. Mir hu lecker Fajitas giess. Duerno hu mir eis Verspriechens-Veillée gemaach, wou e puer AvEx hiert Verspriechen ofgeluecht hunn. Schlussendlech hu mir nach eis Avex-Badger kritt, déi mir eis iwwert d‘Joer verdéngt hunn. Mir hunn och nach e puer Lidder gesongen an da war et schonn Zäit fir eis fir an d‘Bett ze goen.

Muer ass och schonn eise leschten Dag hei, a mir mussen ufänken eis Campplatz ofzeriichten.

Bis muer.

Avexcamp Update Dag 7:Haut de moien sinn mir ongefeier um 8 Auer opgestaan. Dann ass et och schonn e leckert Iessen ginn...
22/07/2026

Avexcamp Update Dag 7:

Haut de moien sinn mir ongefeier um 8 Auer opgestaan. Dann ass et och schonn e leckert Iessen ginn. No desem leckerem Iessen, missten mir eis an Sportskleeder undoen, fir mat der Olympiade unzefänken. Mir sinn a Gruppe verdeelt ginn an hunn déi flott Olympiade gemaach, déi vun 4 Avex organiséiert ginn ass. Nom Mëttegiessen hate mir vill Fräizäit déi mir eis selwer andeele konnten. Mir haten Zäit fir un eise Badger ze schaffen a Badger ze maachen, déi um Camp ugebuede ginn. Dobäi hate mir och e Roulement beim Kaachen fir eis fir den „Tag der offene Töpfe“ virzebereeden. Hei konnten all d‘Gruppe matmaachen an eppes Traditionnelles kaachen. Mir hunn Kniddele mat Rahm a Speck gekacht, déi ganz gutt ukomm sinn.
Als Ofschloss vum Dag hu mir nach eist Camplidd geübt a gesongen a bei engem Lagerfeier e puer Partien Loup garou gespillt.
Mir hunn nach 2 Owender Zäit fir eist Camplidd ze üben, wa mir dat perfektionnéiert hunn, kritt dir natirlech e flotte Video vun eisem Camplidd.

Muer geet et fir eis op Salzburg.

Avex-Camp Update Dag 6:Haut de Moie si mir mat ongeféier 20min Frühsport an den Dag gestart. Dann ass et och scho mat en...
21/07/2026

Avex-Camp Update Dag 6:

Haut de Moie si mir mat ongeféier 20min Frühsport an den Dag gestart. Dann ass et och scho mat engem leckere Moiesiesse weidergaangen. Duerno hate mir Fräizäit. An déier Zäit hu mir eis Zelter ganz geraumt. Haut hunn d'Patrullen Steinadler a Bergwächter eis e leckert Iesse gekacht. No enger flotter Ronn 'Schlag den Chef' gouf et nach eng Kéier eng kléng Ronn Fräizäit. Zu Owend gouf et da Pakalu mat Schokonana als Dessert. Dat Ganzt gouf dunn nach mat engem flotten Nuetsspill ofgeronnt.

Avex-Camp Update Dag 5:Haut de Moien huet eisen Dag méi fréi ugefaangen. Mir hate schlussendlech just nach 15min Zäit fi...
20/07/2026

Avex-Camp Update Dag 5:

Haut de Moien huet eisen Dag méi fréi ugefaangen. Mir hate schlussendlech just nach 15min Zäit fir eis lecker Schmieren z'iessen, well mir beim Opstoen a beim Fäerdegmaache getrenntelt hunn. Duerno hu mir eis och scho mat eise volle Kierf op de Wee fir op den Hike gemaach. Nodeems mir 20km getrëppelt sinn, war jidderee midd a mir sinn endlech ukomm. Zwou Patrullen hunn 14km😉 méi gemaach, well si de Wee net fonnt hunn. Endlech waren all d'Patrullen ukomm a mir hunn ugefaange eis lecker Käsespätzle z'iessen. Nom Iessen ass jiddereen an d'Bett gefall.

Avex-Camp Update Dag 4:Haut de Moien huet eisen Dag um 8:00 mat vill Reen ugefangen. Eis Patrullen Wiener Würstchen an A...
19/07/2026

Avex-Camp Update Dag 4:
Haut de Moien huet eisen Dag um 8:00 mat vill Reen ugefangen. Eis Patrullen Wiener Würstchen an Alpenfüchse hunn eist e leckert Moiesiesse préparéiert. Duerno missten all eis Patrullen d'Toiletten, de Spullraum an d'Dusche botzen. No dëser schwéirer Aarbescht konnte mir eis Fräizäit genéissen. E puer Kanner waren am Zelt, anerer hu Loup garoup gespillt. Währenddeems hunn eis léif Patrullen eng lecker griichesch Bauerenzalot gemaach. Nom Iessen hu mir all zesummen e grousst Gänsespill gespillt.
Nom flotte Spill si mir schwamme an dusche gaangen. Als Ofschloss vun dësem Dag kucke mir nach d'WM.

Muer geet et dann op den Hike🥾🏔️

Avex-Camp Update Dag 3:Haut huet eisen Dag um 8 Auer ugefangen. Mir hunn eis an de Patrulle besser kennegeléiert an hunn...
18/07/2026

Avex-Camp Update Dag 3:

Haut huet eisen Dag um 8 Auer ugefangen. Mir hunn eis an de Patrulle besser kennegeléiert an hunn nei Frënn fonnt. Moies hu mir Kaiserschmarrn giess a konnten eis Fräizäit genéissen. Mëttes goufen et Wraps ier mir dunn e Rallye duerch d'Duerf Mattsee gemaach hunn. Nom Rallye si mir an de Séi schwamme gaangen. Owes hu mir nach Nasi Goreng giess an nach en Jeopardy gemaach, wou d'Patrull Murmeltiere gewonnen huet.

Eis Reporter sinn d'Julie, d'Eva, d'Kenza an d'Chloé, déi iech déi nächst Deeg iwwert eis Erliefnisser um Lafenden halen.

Avexcamp Update 2026:Dag 1 & 2:No ëm déi 10 Stonnen am Bus a villen Zelter opriichten war haut e bëssen méi en ofwiessel...
17/07/2026

Avexcamp Update 2026:

Dag 1 & 2:
No ëm déi 10 Stonnen am Bus a villen Zelter opriichten war haut e bëssen méi en ofwiesselungsräichen Dag mat enger flotter Aktivitéit. Mir hunn dobäi eis Kollegen vu Beetebuerg a vu Léideleng besser kennegeléiert.

Haut si mir an 2 Gruppen ënnerwee gewierscht. Eng Grupp war als éischt an den Hochseilpark wärend déi aner op der Campplatz Konstruktiounen gebaut hunn. Am Nomëtten, nom Konstruktiounen bauen, ass den 2. Grupp komteren gaangen. Um Enn vum Dag hat jidderee vill Spaß am Klotterpark an et stinn och endlech no ganz vill Aarbescht all Dëscher an d‘Kichen. Dat Ganzt gouf mat enger leckerer Spaghetti Bolognese ofgeronnt, déi mir um Féier gekacht hunn. Als Ofschloss vum Dag hate mir eis Ufanksveillée, wou mir Thema vum Camp kenne geléiert hunn.
Elo léien mir all am Zelt a freeën eis op muer.

Muer kommen déi nächst Update.

Adresse

Rue Du Château 18
Sanem
4992

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque LGS Suessem publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager