17/06/2026
+++ 🎖️🏅Remise des médailles🏅🎖️ +++
De Méinden, 15. Juni 2026 huet déi traditionell Medailleniwwerreechung vum CGDIS am Kulturhaus „Käerjenger Treff“ zu Käerjeng stattfonnt.
A Präsenz vum Inneminister Léon Gloden,der Käerjenger Buergermeeschteg Nadine Braconnier, dem President vum Verwaltungsrot Alain Becker an dem Generaldirekter vum CGDIS Paul Schroeder, krute ronn 200 fräiwëlleg a beruflech Pompjeeën hir Medaill fir hiert laangjäregt Engagement iwwerreecht.
Dorënner waren och drai Memberen vum CIS Rëmeleng ,déi eng Medaille fir hier verschidden Dingschtjoeren iwerreecht kritt hun.
Duboutay Sven
(Médaille en argent fir 15 Joer Dingscht)
Morcinek Sven
(Médaille en vermeil fir 20 Joer Dingscht)
Wagner Joël
(Médaille en vermeil avec Rosasse et Couronne fir 50 Joer Dingscht).
Félicitatiounen👏