28/09/2026
🦁💙 E SCHRËTT MÉI NO ZUR AUTONOMIE !
E Rango gouf dem Institut Betty Hirsch am Sëtz vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung iwwerreecht.
👁️ Befestegt um wäisse Blannestaf dréit dësen elektroneschen Apparat dozou bäi, méi Sécherheet, Autonomie a Beweegungsfräiheet fir blann oder sehbehënnert Persounen ze bidden.
🤝 Dës flott Aktioun ass d’Resultat vun der Zesummenaarbecht tëscht der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung, dem Institut Betty Hirsch an der Fondation Lions Luxembourg.
🦁 D’Lions setzen sech fir eng méi inklusiv Gesellschaft an, an där jidderee mat méi Autonomie virukomme kann.
❤️ Eng konkret Aktioun. Eng nëtzlech Hëllef. E reellen Ënnerscheed.
🇫🇷➡️ Version française: flb.lu/fr/remise-dun-rango-a-linstitut-betty-hirsch/
🇩🇪➡️ Deutsche Version: flb.lu/uebergabe-eines-rango-an-das-institut-betty-hirsch/