Réiserbänner Guiden a Scouten - Grupp St. Donat

Réiserbänner Guiden a Scouten - Grupp St. Donat Scoutsgrupp vu Réiser

Biber ab dem Cycle 2
Wëllefcher 8-11 Joer
AvEx 11-14 Joer
CaraPio 14-17 Joer
RaRo 17-23 Joer

E puer Impressioune vum Bealtaine Festival, deen d'Wëllefcher Samschdes de 26. Mee besicht hunn. 🪔⚜️
10/06/2026

E puer Impressioune vum Bealtaine Festival, deen d'Wëllefcher Samschdes de 26. Mee besicht hunn. 🪔⚜️

D'AvEx haten dëse Weekend d’Chance beim Projet “CliC – Climate Competent” 🌍 matzemaachen an eng spannend a léierräich Zä...
17/05/2026

D'AvEx haten dëse Weekend d’Chance beim Projet “CliC – Climate Competent” 🌍 matzemaachen an eng spannend a léierräich Zäit am Mariendall ze verbréngen.

Si hu vill iwwert de Klimawandel a seng extrem Wiederphänomener mat den d'Auswierkungen op Lëtzebuerg geléiert, a wéi ee selwer aktiv ka ginn.🌡⛈️☀️ 🌪 Vun engem 1. Hëllef Crashcours, ville flotte Spiller dobaussen an engem Escape-Room war alles dobäi. 💪🏻 🧠

Ee grousse Merci un den SNJ fir d'Organisatioun vun dësem super flotte Weekend!

Leschte Samschden waren eis Biber um Bibermud zu Miersch an hunn dem Biber gehollef eng spektakulär Zirkusshow ob d'Been...
29/04/2026

Leschte Samschden waren eis Biber um Bibermud zu Miersch an hunn dem Biber gehollef eng spektakulär Zirkusshow ob d'Been ze stellen.🎪 Dofir konnte si ganz verschidden Zirkusdisziplinne ausprobéieren: Jongléieren, Slackline, Akrobatik, Hula-Hupp, Stelzen an nach villes méi.🎭🦫

E Samschden hu mir bei der Grousser Botz gehollef eis Gemeng propper ze halen. 🚮 ♻️
27/04/2026

E Samschden hu mir bei der Grousser Botz gehollef eis Gemeng propper ze halen. 🚮 ♻️

Leschte Samschde war et endlech sou wäit; fir d'alleréischte Kéier fonnt de nationale Wëllefchersrallye bei eis am Réise...
25/04/2026

Leschte Samschde war et endlech sou wäit; fir d'alleréischte Kéier fonnt de nationale Wëllefchersrallye bei eis am Réiserbann statt.🐺 Bei perfektem Wieder hunn 42 Gruppen de Wee op d'Herchesfeld fonnt an hunn den Uelzechtpiraten gehollef hiert Schëff vun den Déieren erëmzekafen. 🏴‍☠️ Ganz fläisseg hunn d'Wëllefcher dofir op 8 verschiddene Statioune Mënz 🪙 gesammelt an hier Pirate Stäerkt ënner Beweis gestallt.

Gratulatioun dem Stengeforter Ruddel, déi de Rallye dëst Joer gewonnen hunn! 🎉

Et war eis eng immens Éier de Rallye kënnen ze organiséieren a mir soe jidderengem deen eis dobäi gehollef huet ee ganz groussen MERCI. Ob beim Spiller bauen, Fritte maachen oder op de Statiounen, jiddereen huet dozou bäigedroen, dass mir dëst Event stemme konnten. 💪

Ee besonnesche Merci och un Gemeng Réiser , déi eis vun Ufank un voll a ganz ënnerstëtzt hunn! 🫶

D'Wëllefcher hate virun enger Woch ee richteg flotte Minions Weekend zu Diddeleng.🤗 ⚜️
14/03/2026

D'Wëllefcher hate virun enger Woch ee richteg flotte Minions Weekend zu Diddeleng.🤗 ⚜️

Virun enger Woch sinn d'Biber d'Ferme pédagogique Van Dyck zu Leideleng besiche gaangen. 👨‍🌾🐄🐇
11/03/2026

Virun enger Woch sinn d'Biber d'Ferme pédagogique Van Dyck zu Leideleng besiche gaangen. 👨‍🌾🐄🐇

E Samschden hate mir eist traditionellt Buergbrenne gemeinsam mat den The OPEN END'S🔥. Merci u jiddereen, deen (trotz de...
24/02/2026

E Samschden hate mir eist traditionellt Buergbrenne gemeinsam mat den The OPEN END'S🔥. Merci u jiddereen, deen (trotz dem Bulli🌧️) de Wee bei eis fonnt huet fir gemeinsam de Schluss vum Wanter ze feieren☀️. Merci och den Houwalder Guiden a Scouten,
déi eis beim Ophiewen ënnerstëtzt an owes als kleng Ekipp besiche komm sinn🥰

Um Weekend vum 7. bis 8. Februar hu ronn 100 vun eise Member um Thinking Day vun den LGS - Lëtzebuerger Guiden a Scouten...
15/02/2026

Um Weekend vum 7. bis 8. Februar hu ronn 100 vun eise Member um Thinking Day vun den LGS - Lëtzebuerger Guiden a Scouten
deelgeholl⚜️. Bei dëser nationaler Aktivitéit gouf sech wärend 24h fir de gudden Zweck beweegt🏃‍♀️🚴‍♀️. Eis Biber bis RaRo hunn u verschiddene Sportaarten deelgeholl a sou, gesponsert vu Familljemembere, Bekannten a Frënn, Sue fir d‘Odyssee Projete gesammelt💪🏼

Puer Andréck vun der Biber & Wëllefchers Fuesversammlung vu leschte Samschden. 🎉🍬🥳
04/02/2026

Puer Andréck vun der Biber & Wëllefchers Fuesversammlung vu leschte Samschden. 🎉🍬🥳

Adresse

44, Grand-Rue
Roeser
3394

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Réiserbänner Guiden a Scouten - Grupp St. Donat publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager