04/10/2026
🎶📚🍷 E schéine Sonndegmoien an der Valentiny Foundation!
De 4. Oktober um 11 Auer hate mir d’Freed, d'Buchpresentatioun an d'Wäiprouf vun der Section Arts et Lettres vum Institut Grand-Ducal an Zesummenaarbecht mat Point Nemo Publishing bei eis ze organiséieren.
Am Mëttelpunkt stoungen déi nei Publikatiounen „Constellations“ an „Mäi Wéngert“, begleet vun engem musikalescher Ënnermolung duerch United Instruments of Lucilin a mat enger gemittlecher Wäin-Degustatioun mat exklusive Bio-Wäiner vu Sunnen-Hoffmann. E conviviale Moment mat Literatur, Musek, Wäin a Konscht. ✨
Villmools Merci un all d'Partner, d'Museker, d'Organisateuren an d'Gäscht, déi dëse Moien esou besonnesch gemaat hunn.
An et geet weider: Freet iech op nach vill aner kulturell Evenementer an der Valentiny Foundation! Bleift um Lafenden hei op eise Social-Media-Kanäl an iwwer eis nächst Annoncen. 👀