11/09/2026
Gëschter huet d'Gemeng Réiden/Atert zesummen mat der Maison Relais Réiden hieren järlechen Ausfluch gemaach.
Rendez-vous war schonn Moies fréi um 7 Auer, wou sech mat enger Mëtsch an enger Taass Kaffi fir den Dag gestäerkt ginn ass.
Um 8.30 Auer ass et mam Bus op Veianen gaangen wou mir eng interessant Visite Guidée vum Veianer Schlass gemaach hunn.
An der Mëttesstonn hu mir ee gudde Maufel an engem Restaurant zu Colmer-Bierg giess éier et weider gaangen ass mat enger zweeter Visite Guidée vu der Molkerei Luxlait um Rouscht.
Den Dag hu mir mat engem Patt am Gemengenatelier gemitterlech ausklénge gelooss.