09/01/2026
Léif Frënn
Mir hoffen dir hat all schéi Feierdeeg a sidd gutt an dat neit Joer eriwwer komm. Dir frot iech bestëmmt firwat et ëmmer nees esou roueg gëtt hei bei eis um Facebook.
Ma ët ass éischter ee positive Grond firwat mir eis des Lescht hei sou rar maache mat Informatiounen. Mir hu souvill Demandë fir eis AIDE+ Formatioun dass eis kaum Zäit bleift fir hei reegelméisseg Updates ze ginn. Haut ass et awer mol nees souwäit iech um Courant ze halen. Sou ware mir rezent zu Mäerzeg beim CGDIS fir d'Corps'en vu Viichten, Groussbus, Useldeng an och Mäerzeg ze forméieren. De CGDIS kënnt ëmmer mi dacks op eis zou, well si erkannt hu wéi wäertvoll eis Formatioun fir hier Mataarbechter ass, erliichtert se dach, grad am Ëmgang mat Mënsche mat enger Aschränkung, d'Aarbecht um Terrain an dir kënnt iech virstelle wéi wichteg grad den Zäitmanagement bei enger Urgence ass. ��
Des Weideres hu mir, no laanger Paus, nees mol ee ganz besonneschen Event ze annoncéieren. Weider Detailer dozou da kommende Méinden hei op der Plaz, et bleift also spannend.
An der Annexe fannt dir lo mol puer Impressioune vun de leschte Formatioune beim CGDIS.
Bis geschwënn 😄