Gina Wetz Gesondheetsberodung

Gina Wetz Gesondheetsberodung fir de Mensch
-Wuelbefanen & Balance
-Kannerwonsch-Coach
-Aromapfleg

fir Déieren
- Ernährungsberodung
- Tierdentalhygien Ganz ohne Stress und ohne Schmerzen.
(2)

Leistungen und Preise

------ Ernährungsberatung ------

Rationsüberprüfung (je nach Aufwand): 15€
Überprüfung auf eventuelle Mängel in der aktuellen Fütterung

Rationsanpassung: 30€
Aufbesserung der Aktuellen Ration
(Falls Mängel vorhanden sind)

Rationserstellung inkl. Futterplan: 70€
Erstellung eines bedarfsgerechten Wochenfutterplanes, dieser wird mit dem Halter besprochen

Reduktionskurve: 10,00€
So können sie überprüfen, ob Ihr Hund seine Wochenziele beim Abnehmen erreicht. Welpen wachstumskurve: 10,00 €
Diese Kurve dient als Hilfe, damit sie das Wachstum Ihres Welpen im Auge halten können, denn ein zu schnelles Wachstum fördert Gelenkserkrankungen.

------ Zahnsteinentfernung ohne Narkose ------

Zahnstein entfernen mit einem Soft Ultraschall Gerät. Die Behandlung dauert Anfangs etwas länger wegen der Eingewöhnung. Die länge der Behandlungen kommt auf den jeweiligen Hund und des Zahnsteines an.

5er Paket: 50€

oder

10er Paket: 75€
(je nach Tier dauert es eine Zeit bis man einen Erfolg sehen kann. Eine Behandlung dauert 20-40 minuten)

Ätheresch Ueleger si geféierlech fir Puppelcher a Kanner!“Esou e Saz héiert een ëmmer nees. An jo: Ätheresch Ueleger sin...
09/10/2026

Ätheresch Ueleger si geféierlech fir Puppelcher a Kanner!“

Esou e Saz héiert een ëmmer nees. An jo: Ätheresch Ueleger sinn héichkonzentréiert Planzenextrakter a bei Puppelcher a klenge Kanner ass Virsiicht wichteg.

Mee d'Thema ass méi differenzéiert, wéi dëse Saz et vermëttelt.

Mir liewen all Dag mat enger Villzuel vu Gerochstoffer – an eiser Wäsch, an der Kosmetik, an de Botzmëttelen, am Weichspüler oder a Raumdëfter. Vill vun dëse Produiten sinn esou formuléiert, datt hiren Doft laang un der Kleedung oder an der Ëmwelt erhale bleift.

Bei äthereschen Ueleger geet et an der Aromatherapie net ëm „méi“ oder „méi staark“. Et geet ëm déi richteg Uwendung, déi richteg Verdënnung an déi passend Doséierung.

🌱 Och an der Natur fanne mir déi aromatesch Planzestoffer, déi an äthereschen Ueleger virkommen – zum Beispill an enger Lavendelblumm, enger Rous oder enger Zitruspflanz. Den Ënnerscheed ass: En ätherescht Ueleg ass en héichkonzentréierten Extrakt. Genee dofir muss een et respektvoll a bewosst asetzen.

Dofir ass fir mech net d'Fro:
„Natierlech oder synthetesch – wat ass besser?“

Mee éischter:
Wat ass dran? Wéi héich ass d'Konzentratioun? Wéi gëtt et ugewannt? Wéi laang besteet d'Expositioun a fir wien ass et geduecht?
A genee dat ass verantwortungsvoll Aromatherapie. 🌿

Net vill hëlleft vill.

Mee déi richteg Substanz, an der richteger Doséierung, op déi richteg Manéier agesat. 🤍
Besonnesch bei Puppelcher, klenge Kanner, Schwangerschaft an empfindleche Persoune soll d'Wiel vun den äthereschen Ueleger an hir Doséierung ëmmer alters- an situationsgerecht gemaach ginn.

eis Pflegekatz Snowy vum Déiereschutz Animal Rescue Midgard asbl sou eng Wasserraat hatte mir nawel nach nie 😂❤️🐈🐈
28/09/2026

eis Pflegekatz Snowy vum Déiereschutz Animal Rescue Midgard asbl

sou eng Wasserraat hatte mir nawel nach nie 😂❤️🐈🐈

23/09/2026
Stress Deel 1 – méi wéi just „ze vill ze dinn“Wat ass Stress eigentlech?Stress ass eng natierlech Reaktioun vun eisem Ki...
21/09/2026

Stress Deel 1 – méi wéi just „ze vill ze dinn“

Wat ass Stress eigentlech?

Stress ass eng natierlech Reaktioun vun eisem Kierper op eng Situatioun, déi mir als usprochsvoll, bedrolech oder iwwerfuerdernd empfannen. Kuerzzäitege Stress kann eis hëllefen, séier ze reagéieren. Problematesch gëtt et, wann de Kierper net méi richteg aus dësem Alarmzoustand erauskënnt.

Bei Stress schëtt de Kierper ënner anerem Cortisol aus. Dëst Hormon hëlleft eis, Energie bereet ze stellen an op eng Erausfuerderung ze reagéieren. Wann de Stress awer iwwer läng Zäit unhält, kann den dauerhaft erhéichten Cortisolspigel de ganze Kierper beaflossen.

Mir fillen eis vläicht midd, gereizt oder ugespaant, hu Kappwéi, Verdauungsproblemer oder spieren, datt mir méi schlecht schlofen. Och d'Immunsystem, den Häerz-Kreeslaf an de Stoffwiessel kënne vun dauerhafte Stress beaflosst ginn.

A vläicht kenns du dat och:
Du leis owes am Bett, mee däi Kapp kënnt einfach net zur Rou. Gedanken dréinen sech am Krees. Wat muss muer gemaach ginn? Hunn ech un alles geduecht? Wat, wann…? Du bass midd, mee däi Kierper an däi Kapp schalten net of.

Heiansdo geet de Stress esouguer mat an d'Nuecht. Onrouege Schlof oder Albdreem kënnen dozou bäidroen, datt mir moies erwächen a sech et fillt, wéi wa mir guer net richteg erholl wieren.

Stress ass also net nëmmen e Gefill am Kapp. Kierper a Psyche schaffen zesummen – a béid kënnen ënner dauerhafter Belaaschtung leiden.
Dofir ass et wichteg, déi kleng Signaler vum Kierper eescht ze huelen. Net eréischt dann, wann näischt méi geet. 🌿 Daat feiert zu dem sougenannten Burnout! dozou mei speit mei

waat kann een also maachen fir dem Kreeslaaf ze entgoen? alles am Deel 2

𝗗é𝗶𝗲𝗿𝗲𝗲𝗿𝗻ä𝗵𝗿𝘂𝗻𝗴 𝗮𝗺 𝗙𝗼𝗸𝘂𝘀🐶 Deel 2 - D’Zutatelëscht richteg liesen – wat stécht wierklech am Hondsfudder?Beim Hondsfudder ...
10/09/2026

𝗗é𝗶𝗲𝗿𝗲𝗲𝗿𝗻ä𝗵𝗿𝘂𝗻𝗴 𝗮𝗺 𝗙𝗼𝗸𝘂𝘀

🐶 Deel 2 - D’Zutatelëscht richteg liesen – wat stécht wierklech am Hondsfudder?

Beim Hondsfudder ass d’Verpakung dacks voller Verspriechen: „Premium“, „natierlech“, „räich u Fleesch“ oder „ouni Zocker“. Mee wat tatsächlech am Fudder dran ass, erkennt een net ëmmer op den éischte Bléck.

Dofir lount et sech, d’Zutatelëscht genee ze liesen. Mee wat bedeiten déi verschidde Begrëffer eigentlech?

🥩 Wat ass am Hondsfudder dran?
En komplett Hondsfudder setzt sech normalerweis aus verschiddene Bestanddeeler zesummen, zum Beispill:

-Déierebestanddeeler wéi Fleesch, Innereien oder Déieren-Niewenerzeugnesser
-Planzlech Bestanddeeler wéi Kären, Gromperen oder Geméis
-Fetter an Ueleger
-Vitaminnen a Mineralstoffer
-jee no Produkt och verschidden Zousazstoffer

Dobäi ass net all eenzel Zutat automatesch „gutt“ oder „schlecht“. Entscheedend ass dat ganzt Rezept: Wéi eng Zutate gi benotzt, a wéi enger Quantitéit a wéi ass d’Fudder insgesamt zesummegesat?

🔎 D’Reiefolleg vun den Zutaten
D’Zutaten an der Lëscht ginn an ofsteigender Reiefolleg no hirem Gewiicht opgefouert. Dat heescht: Wat an der Lëscht méi wäit uewen steet, war bei der Zesummesetzung vum Produkt a méi grousser Quantitéit dran.

Zum Beispill:

Wann e Fudder 10 % Kären an 2,5 % Déierebestanddeeler enthält, géif de Kären-Bestanddeel an dësem Beispill virun den Déierebestanddeeler stoen.

Dat kann e wichtegen Hiweis sinn, mee d’Zutatelëscht eleng erlaabt nach keng komplett Bewäertung vun der Qualitéit oder der Nährstoffversuergung.

Dofir soll een nieft der Zesummesetzung och d’analytesch Bestanddeeler an d’Deklaratioun vun den Zousazstoffer kucken.

👉 Eng gutt Fudderbewäertung fänkt also net bei der Reklamm op der Front un, mee beim geneeë Liesen vun der ganzer Deklaratioun.

-> Fir Froen oder fir eng Berodung kenn dir mech gaeren uschreiwen 😊
seit 2016 sinn ech als Zertifizeiert Ernärungsberoderin fir Muppen a Katzen och fir den Déiereschutz tätesch🐕🐈

08/09/2026

🌿 Natierleche Raumspray selwer maachen
Vill Raumspraye richen zwar laang a staark, mee si enthalen synthetesch Duftstoffer. Verschidde Leit reagéieren empfindlech dorop a kréien zum Beispill Kappwéi, Onwuelbefannen oder eng irritéiert Nues.
Dofir kann een e Raumspray och ganz einfach selwer maachen – mat wéinegen Zutaten an ouni onnéideg Duftstoffer. 🌿

Dir braucht:

-ca. 80–90 ml destilléiert Waasser (alternativ ofgekacht an ofgekillt Waasser)
-10–20 ml Alkohol mat mindestens 40 % (z. B. Wodka) – hëlleft d'Inhaltsstoffer ze vermëschen a verbessert d'Haltbarkeet
-gedrechnete Lavendelbléien oder och mat Ätheresch Ueleger meiglech
-eng propper, eidel Sprayfläsch

an so geet et:

D'Lavendelbléien an d'Fläsch ginn – ongeféier bis zu engem Drëttel bis maximal d'Hallschent.

Alkohol an d'Waasser dobäiginn.
Alles gutt vermëschen a kuerz zéie loossen.
Virum Gebrauch ëmmer gutt resselen

💜 Lavendel gëtt traditionell fir seng berouegend a relaxéierend Eegeschafte geschat a kann besonnesch an engem Schlofzëmmer eng agreabel Atmosphär schafen.

Vill Spass beim Ausprobeieren 😊

24/08/2026

𝗗é𝗶𝗲𝗿𝗲𝗲𝗿𝗻ä𝗵𝗿𝘂𝗻𝗴 𝗮𝗺 𝗙𝗼𝗸𝘂𝘀

1. Thema: Zocker am Fäerdegfudder – néideg oder verzichtbar?

Wie schonn emol d'Zutatenlëscht vu Honds- oder Kazefudder genee gekuckt huet, ass vläicht op Begrëffer wéi Zocker, Melass, Glukosesirop, Karamell oder aner zockerhalteg Bestanddeeler gestouss.

Mee firwat gëtt iwwerhaapt Zocker bäigesat?

Jee no Hiersteller kann zougesate Zocker verschidde Funktiounen hunn. Hien kann de Goût verbesseren, d'Faarf vum Fudder beaflossen oder als techneschen Hëllefsstoff bei der Produktioun déngen. Aus ernärungsphysiologescher Siicht ass zougesate Zocker fir gesond Hënn a Kazen awer net néideg.

Kazen sinn obligat Karnivoren, dat heescht, si si biologesch op eng Ernärung mat haaptsächlech Déiereproteine spezialiséiert. Dobäi kënnt, datt si séiss Geschmaacher nëmme ganz limitéiert oder guer net kënnen erkennen. Och Hënn kënnen zwar Kuelenhydrater verwäerten, si brauchen awer kee zougesate Zocker, fir hire Energiebedarf ze decken.

E reegelméissegen héije Zockerkonsum kann – jee no der gesamter Ernärung an dem individuellen Déier – ënner anerem folgend Auswierkunge begënschtegen:

🐾 Iwwergewiicht duerch onnéideg Kalorien
🦷 Zännproblemer, virun allem beim Hond
📈 Eng Belaaschtung vum Stoffwiessel bei dofir ufällegen Déieren
an d'Wëssenschaft weist, datt laangfristeg héich Bluttzockerspigelen (z. B. bei Diabetis mellitus) de Risiko fir Katarakt (groe Staar) erhéijen.
⚖️ Eng onausgeglach Ernärung, wann energieräich, mee nährstoffaarm Zutaten iwwerweien

⚠️ Opgepasst: Och verschidde Zockerersatzstoffer kënnen eng grouss Gefor duerstellen. Xylitol (Birkezocker) ass fir Hënn héich gëfteg a kann schonn a klenge Quantitéiten zu enger staarker Ënnerzockerung, Liewerschied oder souguer zum Doud féieren.

Wichteg: Net all Zocker, deen an der Deklaratioun opdaucht, ass automatesch e Grond, e Fudder ofzeleenen. Entscheedend ass d'Gesamtzesummesetzung, d'Qualitéit vun de Rohstoffer an ob d'Fudder den ernärungsphysiologesche Besoine vum jeeweilege Déier entsprécht.

💡 Eisen Tipp: Huelt iech reegelméisseg Zäit, d'Zutatenlëscht vum Fudder ze liesen. Eng bewosst Wiel vum Fudder ass e wichtege Bestanddeel fir d'Gesondheet an d'Wuelbefanne vun ärem Véierbeener.

📚 Déierenernärung ass e spannend Thema. An de kommende Wochen deele mir reegelméisseg interessant Fakten a fachlecht Hannergrondwëssen iwwert d'Ernärung vun Hënn a Kazen.

💬 Hutt Dir schonn emol d'Deklaratioun vum Fudder vun Ärem Déier méi genee ënnert d'Lupp geholl?

05/08/2026

🌿 Ein neuer Tag – ein neuer Moment für dich.

Zwischen Terminen, Haushalt, Familie und all den kleinen Aufgaben vergessen wir oft eine Person: uns selbst.

Heute lade ich dich ein, dir nur 3 Minuten zu schenken.

🌸 Atme bewusst ein.
🌸 Atme langsam wieder aus.
🌸 Lass für einen Moment alles los, was gerade nicht wichtig ist.

Du musst nichts leisten. Du musst nichts perfekt machen.

Sei einfach nur für einen kurzen Augenblick bei dir.

Manchmal reichen 3 Minuten, um den Kopf zu ordnen, neue Kraft zu tanken und den Rest des Tages mit mehr Ruhe und Gelassenheit anzugehen.

💚 Dein Atem ist immer da. Nutze ihn als Anker und schenke dir diesen kleinen Moment der Achtsamkeit.

✨ 3 Minuten für dich. Jeden Tag ein bisschen mehr Ruhe.

Adresse

Peppange

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Gina Wetz Gesondheetsberodung publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Gina Wetz Gesondheetsberodung:

Raccourcis

Partager