20/06/2026
GENERALVERSAMMLUNG 2026🔴⚪️
Haut huet eis Assemblée Générale zu Péieng „A Rousen“ stattfonnt.
Et war di éischt AG ennert der Leedung vum Eric Schaus als Präsident.
De Pierre Irthum huet haut säin leschte Keessebericht ofginn, hien wäert di nei Saison vum Claude Schlesser als Caissier ersat ginn. De Pierre bleift awer weiderhinn am Comité di nei Saison. MERCI Pierre fir däin Asaz als Caissier!
Nei beikomm am Comité sinn den Fraenz Oe, Joe Mollinger an de Joe Lucas.
Net méi am Comité sinn den Serge Simoes, Steve Zeimes an Christian Steil. Merci fir ären Asaz!
Och eis Kasserevisoren halen op, mir soen dem Patrick Remacle, Marcel Jungers an Christian Schmitz MERCI fir hieren Asaz di lescht Joeren.
Vun der Gemeng war aus dem Schäfferot den Romain Mertzig präsent, aus dem Gemengerot den Patrick Arendt an de Patrick Remacle.
Merci och un eis Diddelenger Kolleegen Bayernfrenn Letzebuerg 86 fir är Präsenz!
Mir freeën eis op déi nei Saison 2026/2026🔴⚪️