Jugendpompjeeën Niederanven-Schuttrange

Jugendpompjeeën Niederanven-Schuttrange Jugendfeuerwehr der Gemeinden Niederanven-Schüttringen Jugendfeuerwehr der Gemeinden Niederanven und Schüttringen

🌞🚒 Mir soen "Merci" fir e fantastescht Jugendpompjeesjoer!Mat eisem Ausfluch an den Eifelpark ass e weidert flott Jugend...
06/07/2026

🌞🚒 Mir soen "Merci" fir e fantastescht Jugendpompjeesjoer!

Mat eisem Ausfluch an den Eifelpark ass e weidert flott Jugendpompjeesjoer op en Enn gaangen.

Hannert eis leie vill flott Aktivitéiten, spannend Übungen, nei Erfarungen an eng Onmass vu Momenter, an deene mir zesumme geléiert, gelaacht an onvergiesslech Erënnerunge gesammelt hunn. Mir hunn eis Kanner dierfe wuesse gesinn, net nëmmen als Jugendpompjeeën, mee och als Mënschen. 🤩

Op iech all kënne mir immens houfreg sinn! Dir hutt dëst Joer vill Neies geléiert, Courage gewisen, als Ekipp zesummegehalen an eis ëmmer nees mat ärem Asaz, ärem Interesse an ärem Laache begeeschtert. 🚒💪

Als Equipe si mir dankbar, datt mir iech op dësem Wee begleede kënnen an esou vill flott Momenter mat iech deelen dierfen.

🙏 E ganz grousse Merci geet och un all Eltere fir hiert Vertrauen an hir Ënnerstëtzung am Laf vum ganze Joer. Merci och un all déi, déi eis bei eisen Aktivitéite gehollef hunn an dozou bäigedroen hunn, datt eis Kanner esou vill schéin Erfarunge konnte sammelen.

📅 Elo ass et Zäit, d'Summervakanz ze genéissen. Am September starte mir erëm mat vill Motivatioun, neien Iddien an natierlech och mat vill Spaass an en neit Jugendpompjeesjoer.

🌞 Mir wënschen all eise Jugendpompjeeën, hire Familljen, Frënn a Supporteren eng schéi, sonneg an erhuelsam Summervakanz. Mir freeën eis elo schonn drop, iech alleguer am September erëmzegesinn!

Äert Sophie, den Alain, de Philippe, d'Nadine, de Christian, de Carlos, d'Lena, de Michel, de Pol an natierlech äre Rettungsdraach! 🐉🚒❤️

🚒☀️ E flotten Ofschloss fir e flott Joer! 🦌🎢De Samschdeg hu mir mat 28 vun eise Jugendpompjeeën eise Joresofschloss am E...
06/07/2026

🚒☀️ E flotten Ofschloss fir e flott Joer! 🦌🎢

De Samschdeg hu mir mat 28 vun eise Jugendpompjeeën eise Joresofschloss am Eifelpark gefeiert.

Bei beschtem Summerwieder hu mir de Moie genotzt, fir déi vill Déieren am Park ze entdecken. No enger klenger Stäerkung ass et dunn op déi vill Attraktioune gaangen, wou eis Kanner sech richteg austobe konnten. 🎢🌞

Et war e ganzen Dag voller Laachen, flotter Momenter a schéiner Erënnerungen. Mir hu vill zesumme gelaacht, vill Spaass gehat an domat e perfekte Schlussstréch ënnert e wierklech flott Jugendpompjeesjoer gezunn. ☀️🚒🚒

🚒 Eng flott an onvergiesslech Woch läit hannert eis! ☀️💦Hannert eis läit eng spannend Woch voller flotter Momenter.De Sa...
26/06/2026

🚒 Eng flott an onvergiesslech Woch läit hannert eis! ☀️💦

Hannert eis läit eng spannend Woch voller flotter Momenter.

De Samschdeg hate mir eis teambildend Aktivitéit. Wéinst de waarmen Temperaturen hu mir eis fir Waasserspiller entscheet, déi mat enger grousser Waasserschlacht hiren Héichpunkt fonnt hat. 💦😄 Bei der Ofhuelung vun de Kanner hunn sech esouguer zwee couragéiert Eltere getraut, géint eis Kanner unzetrieden. De Spaass war op béide Säite garantéiert! 😅

En Dënschdeg hu mir eis dunn um Nationalfeierdag erëm gesinn a gemeinsam de Gebuertsdag vum Groussherzog Guillaume gefeiert. 🇱🇺 Och wann de Cortège leider huet missten ofgesot ginn, ware mir souwuel zu Nidderaanwen wéi och zu Schëtter mat villen motivéierte Kanner vertrueden.

Mir freeën eis besonnesch fir eis fënnef Jugendpompjeeën, déi fir hire bestane Wëssenstest hire Grad an hiren Diplom vum Buergermeeschter iwwerreecht kruten. 👏🚒 Mir si ganz houfreg op iech!

E grousse Merci geet och un all eis Kanner, déi trotz Temperature vu ronn 35°C mat vill Motivatioun an Ausdauer un de Feierlechkeeten deelgeholl hunn. Dat ass net selbstverständlech an dofir si mir immens houfreg op iech alleguer! ❤️

Mir freeën eis schonn op déi nächst Aktivitéiten zesumme mat iech! 🚒

🚒⏰ 24 Stonnen Teamgeescht, Léieren a vill Spaass – zesumme mat der Jugend vum Centre d'incendie et de secours Mensdorf -...
14/06/2026

🚒⏰ 24 Stonnen Teamgeescht, Léieren a vill Spaass – zesumme mat der Jugend vum Centre d'incendie et de secours Mensdorf - CISM

Vun e Freideg op r Samschdeg hu mir eng spannend an onvergiesslech 24-Stonnen-Übung zesumme mat der Jugend vu Mënster erlieft.

Nieft de verschiddenen Asätz an Übunge stoung virun allem d’Zesummeliewen am Mëttelpunkt: zesummen iessen, laachen, léieren an eng flott Zäit matenee verbréngen. 🍽️😄🤝

Iwwer déi ganz 24 Stonne verdeelt goufen et ëmmer nees kleng Asätz an Übungsszenarien, bei deenen eis Jonker sech konnte beweisen an dobäi vill Neies léieren. Sou konnten si verschidde Situatioune kenneléieren an hir Kenntnisser an der Praxis uwenden. 🚒📟

De Freidegowend gouf et dunn awer och schonn den éischte groussen Asaz:
🔥 B3 – E Spillhaus um Schoulhaff steet a Brand!
Mat vill Motivatioun an Teamwork hunn eis Jonker de Brand erfollegräich geläscht.

Nom Iwwernuechten an engem gemittleche Früstück stoung de Samschdegmoien e ganz besonneschen Highlight um Programm:

🐕 D’Jugend krut d’Méiglechkeet, d’Hondsstaffel vun der Croix-Rouge méi genee kennenzeléieren an en Abléck an hir wichteg Aarbecht ze kréien.

Op dëser Plaz e ganz grousse Merci, datt dir dat fir eis méiglech gemaach hutt an iech d’Zäit geholl hutt, eis Jonken är spannend Aarbecht méi no ze bréngen! ❤️

Zum Ofschloss gouf et nach eng Übung mat vill Waasser. 💦 Bei de waarmen Temperature konnten eis Jugendpompjeeën sech dobäi nach eng Kéier richteg ofkillen, éier et nees heem gaangen ass.

E ganz grousse Merci geet un d’Jugendpompjeeë vu Mënster an un de Centre d’incendie et de secours Mensdorf - CISM fir de ganz häerzlechen Empfang an déi exzellent Organisatioun. Mir hunn eis immens wuel gefillt a soe Merci fir dëse flotte gemeinsame Weekend!

Mir si stolz op eis engagéiert Jugend, déi mat vill Begeeschterung, Teamgeescht a Freed dobäi war. 🚒❤️

🌳🌸 Meekränz a vill Spaass – 1. Mee 2026 mat eise Jugendpompjeeën!Den Freidendegmoien hu mir zesumme mat eise Jugendpompj...
01/05/2026

🌳🌸 Meekränz a vill Spaass – 1. Mee 2026 mat eise Jugendpompjeeën!

Den Freidendegmoien hu mir zesumme mat eise Jugendpompjeeën an eisen operative Pompjeeën e flotten Moien am Bësch verbruecht.
Zesummen hu mir Blieder am Bësch geschnidden a gesammelt an du mat vill Geschéck zwee Meekränz gebonnen. Beim Schaffen an der frëscher Loft huet natierlech och e gemittlecht Früstück net dierfe feelen!

Wéi d’Kränz fäerdeg waren, si mir am Konvoi bei d’Gemeng Niederanwen gefuer. Hei konnten d’Kanner weisen, wat si am Foussdéngscht geléiert hunn:Si sinn zesumme mat de Grousse Pompjeeë mam Meekranz bei d’Gemeng marschéiert, wou ee vun eise Kränz opgehaangen gouf.
Mir soen der Gemeng Nidderaanwen Merci fir de léiwen Empfang an d’Erfrëschung. 🚒

Als Ofschloss gouf et fir d’Kanner eppes Leckeres vum Grill. D’Kanner konnten sech dono nach um Sprangschlass vum CGDIS austoben an d’gutt Wieder genéissen, ier si vun hiren Elteren ofgeholl goufen.

E grousse Merci un all déi fläisseg Hänn an eise Fräiwëlleger, déi dëse schéinen Dag fir eis Jugend méiglech gemaach hunn! Besonnesche Merci un d’Amicale vum Cis-Niederanwen an de Centre d'Incendie et de Secours Niederanven-Schuttrange dass mir mat eiser Jugend fir d’zweet un dëser Traditioun deelhuelen duerften. 🌸🌳

📚🔥 Wëssenstest & Praxis bei eiser Jugend!Gëschter ware mir mat 5 vun eise Jugendlechen um Wëssenstest dobäi. Si hunn do ...
26/04/2026

📚🔥 Wëssenstest & Praxis bei eiser Jugend!

Gëschter ware mir mat 5 vun eise Jugendlechen um Wëssenstest dobäi. Si hunn do gewisen, wat si geléiert hunn, mir si richteg houfreg op si a drécken fest d’Daumen fir e positivt Resultat! 🍀👏

Während déi eng am Test waren, hunn déi aner d’Zäit genotzt, fir sech mat allem ronderëm de Schlauch vertraut ze maachen. 🚒
Op- an ofrullen, richteg Handhabung a kleng Detailer, och dat gehéiert dozou a gouf mat vill Asaz geléiert.

Eng flott Kombinatioun aus Theorie a Praxis. 😊🔥

Adresse

7, Routscheed
Niederanven

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Jugendpompjeeën Niederanven-Schuttrange publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Jugendpompjeeën Niederanven-Schuttrange:

Raccourcis

Partager