25/09/2026
Leschte Samschdeg war et esou wäit: eisen éischten Asaz am Rehazenter um Kierchbierg 🐴
Vun elo un komme mir all Mount mat eisen Déieren laanscht, fir mat de Patienten ze schaffen.
Fir déi, déi scho laang do sinn, ass den Therapiealldag dacks ëmmer d’selwecht. Genau do wëlle mir eng Ofwiesslung bréngen — a virun allem schéi Momenter mat den Déieren.
E grousse Merci un d’Personal vum Rehazenter fir déi flott Zesummenaarbecht an d’Méiglechkeet, bei iech kommen ze dierfen 😊
Mir freeën eis schonn op dat nächst Mol!