02/07/2026
Bei dëser Übung goung et ëm gëfteg Gasen. 🧪😷 ☣️
D’Haaptmissioun war d’Menscherettung, d’Sécherung vum geféierleche Produit an eng einfach Dekontaminatioun.
De Scenario war am Technikraum vun enger Schwämm, wou ënner anerem flëssege Chlor a pH-Reduzéierer agesat ginn. Wann dës Produiten duerch e Feeler matenee gemëscht ginn, entsteet Chlorgas (Cl₂), dat zu schwéiere Schied un den Otemweeër féiere kann a liewensgeféierlech ass.
Et kann een och mat Ozon ze dinn hunn, engem staarke Gas (O₃), dat benotzt gëtt, fir Bakterien am Waasser ze eliminéieren. Ier et an d’Schwämm kënnt, léist et sech op a gëtt nees zu Sauerstoff.
Allerdéngs kann den Ozongas, deen vun der Maschinn produzéiert gëtt, geféierlech sinn, wann een en a grousse Quantitéiten anotemt.