06/10/2026
⚜️ Montée ⚜️
E spannende Weekend läit hannert eis! Mat méi wéi 100 Leit ware mir dëse Weekend op eiser Montée vertrueden💪
Um 9:30 Auer ass et zu Mamer op der Gare lassgaangen. Vun do aus sinn déi eenzel Branchen op Colmar-Bierg gefuer, e puer mat engem klenge Stopp an der Stad🚂.
Am Nomëtten sinn och déi lescht Branchen am Home ukomm a konnte sech gemittlech installéieren🏕️🛏️.
Gutt gestäerkt hunn déi eelst aus all Branche sech dunn Owes prett gemaach fir hir Montée. Dobäi hunn si hiert Verspriechen ofgeluecht a goufe ganz feierlech vun hirer neier Branche empfaangen⚜️✨