Jonk Handwierk

Jonk Handwierk Jonk Handwierk est une plate-forme d’échange pour jeunes chefs d’entreprise, affiliée à la fédération

Jong Handwierk est une plate-forme d’échange pour jeunes chefs d’entreprise, affiliée à la fédération des artisans. Jong Handwierk a pour mission la promotion des métiers de l’artisanat en s’engageant pour les intérêts et les besoins des jeunes artisans tout en soutenant et conseillant les jeunes qui veulent se lancer dans l’artisanat. La plate-forme a aussi pour objectifs la promotion de l’échang

e interdisciplinaire, le traitement de sujets économiques et sociaux d’aujourd’hui et de demain, l’engagement pour la formation et une culture d’entreprise moderne.

🍂 VISITT - HEINTZ VAN LANDEWYCK 🍂Vergaangenen Donneschdeg si mir op de Friedhaf bei Heintz van Landewyck gefuer, dem een...
11/05/2026

🍂 VISITT - HEINTZ VAN LANDEWYCK 🍂

Vergaangenen Donneschdeg si mir op de Friedhaf bei Heintz van Landewyck gefuer, dem eenzege Lëtzebuerger Zigarettefabrikant. Nieft der beandrockender Firmegeschicht vun dësem Familljebetrib, hu mir vill iwwer de gesetzlechen a finanzielle Kader vun dëser Aktivitéit geléiert. An der Produktioun konnte mir d'Aromae vun de verschiddene Tubakszorten erfuerschen an déi grouss Dréckerei besichtegen. Eng ganz interessant Erfarung déi mir duerno nach laang zesumme bei engem gudde Patt diskutéiert hunn.

🧗👧 FAMILLJENDAG VUM JHL 🧒🧗‍♀️Haut hu mir eis am Bloc-X zu Esch gesi fir eisen alljärleche Familljendag. Nieft vill Klote...
25/04/2026

🧗👧 FAMILLJENDAG VUM JHL 🧒🧗‍♀️
Haut hu mir eis am Bloc-X zu Esch gesi fir eisen alljärleche Familljendag. Nieft vill Kloteren ass sech natierlech och gestäerkt ginn. Eng gutt Chance sech géigesäiteg nach besser kennen ze léieren an auszetauschen.

Um Freidegowend, den 20. Mäerz, hu mir eis am Public House an der Stad getraff 🍻🏙️Do hu mir eis AG 2026 ofgehalen 📊No de...
24/03/2026

Um Freidegowend, den 20. Mäerz, hu mir eis am Public House an der Stad getraff 🍻🏙️
Do hu mir eis AG 2026 ofgehalen 📊

No der Begréissung vum President hu mir op dat vergaangent Joer zeréckgekuckt, d’Keess iwwerpréift an en Bléck op d’Zukunft geworf 🔍📈

Duerno hu mir de flotten Owend zesumme bei guddem Iessen a flotte Gespréicher genoss 🍽️🗣️
Spéider goung et weider mat engem gudde Drink 🍹 an nach méi spéit mat gudder Musek 🎶

🐮🧀 VISITT BERDORFER KÉIS 🧀🐮Wann een mat eppes een Handwierker frou ka maachen, da mat engem gudde Maufel ze iessen. Sou ...
09/02/2026

🐮🧀 VISITT BERDORFER KÉIS 🧀🐮
Wann een mat eppes een Handwierker frou ka maachen, da mat engem gudde Maufel ze iessen. Sou ware mir am Februar bei de Berdorfer Kéis kucken. D'Monique huet eis iwwer d'Geschicht vum Haff an der Kéiserei gezielt, iert de Jan eis duerch d'Kéiserei gefouert huet. Mä iert mir hunn duerfe schmaachen krute mir déi vill Facette vun der Kéisproduktioun gewisen. Op waat si oppasse musse fir dëse lokale Qualitéitsproduit hier ze stellen.

Den Owend hu mir bei enger gudder Raclette, Wäin a vill flottem Gespréich ofgeschloss 🧀🥂

🇨🇭⛷️ SKITOUR AN D'SCHWÄIZ 🇨🇭⛷️Zum Ufank vum Joer hu mir eis op ee Skitour getraff. Um Donneschdegmoien hu mir eis fréi g...
07/02/2026

🇨🇭⛷️ SKITOUR AN D'SCHWÄIZ 🇨🇭⛷️

Zum Ufank vum Joer hu mir eis op ee Skitour getraff. Um Donneschdegmoien hu mir eis fréi getraff fir dann zesumme bei Stöcki an d'Schwäiz ze fueren. Niert engem Abléck an d'Produktioun vun de Ski hu mir eng Rei Informatiounen zur Gestaltung kritt 🎿

Duerno si mir weider op Engelberg gefuer, wou mir eis vun der Leeschtung vun dëse Ski iwwerzeege konnten ⛷️ No engem ausgibegen Skidag hu mir Freides als éischt um Après-Ski an dunn am Restaurant bei enger gudder Fondue ausklénge gelooss 🫕

Samschdes huet et déi eng op de Bierg gezu wärend déi aner sech Engelberg zu fouss ugekuckt hunn. No dem Mëttegiessen hu mir eis rëm op den Heemwee gemaach.

Ee flotten Tour mat villen léierräichen Andréck, flotte Biergpanorama a flotte Gespréicher 💪

Adresse

Luxembourg
1347

Téléphone

42 45 11-28

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Jonk Handwierk publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager