Fondation Jugend- an Drogenhëllef

Fondation Jugend- an Drogenhëllef Le but social de la Fondation consiste dans la mise en place de structures d'aide aux usagers de drogues, aux personnes dépendantes et à leurs proches.

Les dons pour la « Fondation Jugend- an Drogenhëllef » sont déductibles du revenu imposable dans les limites de la loi fixées à l'article 109, alinéa 1er, n°3 de la loi concernant l'impôt sur le revenu. (Grand-Duché de Luxembourg)

🕯️21. Juli – Internationalen Dag zum Gedenken un d'Mënschen, déi un de Folge vum Drogenkonsum verstuerwe sinnHaut huele ...
21/07/2026

🕯️21. Juli – Internationalen Dag zum Gedenken un d'Mënschen, déi un de Folge vum Drogenkonsum verstuerwe sinn

Haut huele mir eis Zäit, fir un all déi Mënschen ze denken, déi hiert Liewen am Zesummenhang mam Drogenkonsum verluer hunn.

Hannert all Numm stinn eng Geschicht, eng Famill, Frënn a Mënschen, déi traueren. Dëse Gedenkdag erënnert eis drun, datt Ofhängegkeet keng moralesch Schwächt ass, mee eng komplex Gesondheetsproblematik, déi Matgefill, Ënnerstëtzung an zougänglech Hëllef verlaangt.

Fir dëse Gedenkdag huet eis Fondation eng kleng Aktioun organiséiert. Mat Braceleten, déi un eis Beneficiairen an d'Mataarbechter verdeelt goufen, wollte mir e Symbol setzen an haut ganz bewosst un déi Mënschen erënneren, déi net méi ënnert eis sinn.

Haut gedenke mir de Verstuerwenen a weisen eis Solidaritéit mat hire Familljen, Frënn an allen, déi vun dëse Verloschter betraff sinn.

gëss vermësst

📍 Visitt am Drogenhëllefszentrum SaarbréckenDen 1. Juli hunn Mataarbechter aus eisem Service Programme de substitution, ...
15/07/2026

📍 Visitt am Drogenhëllefszentrum Saarbrécken

Den 1. Juli hunn Mataarbechter aus eisem Service Programme de substitution, dem Contact, souwéi eis Chargée de direction den Drogenhëllefszentrum zu Saarbrécken besicht.

Am Mëttelpunkt vun der Visitt stoung de Drogenkonsumraum, fir sech e konkreet Bild vun dësem Angebot an der praktescher Ëmsetzung ze maachen.

D'Visitt war ganz informativ an interessant. Mir soe villmools Merci un d'Ekipp vum Drogenhëllefszentrum Saarbrécken fir de frëndlechen Empfang, den oppenen Austausch an déi wäertvoll Ablécker an hir alldeeglech Aarbecht.

Haut um 26.06 denke mir un all déi Mënschen, déi vun Drogenofhängegkeet betraff sinn, un hir Familljen an un déi, déi mi...
26/06/2026

Haut um 26.06 denke mir un all déi Mënschen, déi vun Drogenofhängegkeet betraff sinn, un hir Familljen an un déi, déi mir verluer hunn,

Ofhängegkeet ass keng Fro vu Schold oder Strof. Si erfuerdert Versteesdemech, Ënnerstëtzung an Zougang zu Hëllef.

Loosst eis eis zesumme fir eng Gesellschaft asetzen, déi Mënschen net verurteelt, mee begleet. Well all Mënsch verdéngt Respekt, Dignitéit an eng Chance op en neien Ufank.

Support. Don't Punish.



https://supportdontpunish.org/fr/

Mir sinn prett fir d’Fussball-Weltmeeschterschaft! 😁⚽Hei e puer Andréck, wéi et an eisem Service Contact zu Esch ausgesä...
18/06/2026

Mir sinn prett fir d’Fussball-Weltmeeschterschaft! 😁⚽

Hei e puer Andréck, wéi et an eisem Service Contact zu Esch ausgesäit.

Eise Service Contact ass eng flott an sëcher Ulaafstell fir eis Benotzerinnen a Benotzer. Nieft Esch hu mir och nach ee Contact zu Ettelbréck (Contact Nord) an ee bei der Gare zu Lëtzebuerg (K28).

A wéi gesäit et bei Iech aus? Hutt Dir och schonn dekoréiert? 😄💪

Weist eis är Dekoratiounen an de Kommentaren! 🎉⚽

🙌 Du bass op der sich no enger neier Challenge?👉 Dann kuck hei eis aktuell Job Offeren! Mir sichen fir folgenden Service...
12/06/2026

🙌 Du bass op der sich no enger neier Challenge?
👉 Dann kuck hei eis aktuell Job Offeren!

Mir sichen fir folgenden Service 🤩:

• Service Administration-Comptabilité:
👉 zwee Aide-Comptable (m/f/x) 20h + 30h CDI : https://bit.ly/4xfnNzM

👉 een Comptable (m/f/x) 20h CDI:
https://bit.ly/4xpAok6

👉 https://www.jdh.lu/jobs

Mir freen eis op deng Kandidatur! 😊

D’JDH huet zesummen mat der Fondation Thierry van Werveke um VEWA Fest zu Diddeleng e Samsden 16. Mee  Fritten, Popkorn ...
19/05/2026

D’JDH huet zesummen mat der Fondation Thierry van Werveke um VEWA Fest zu Diddeleng e Samsden 16. Mee Fritten, Popkorn an Zockerwatte gemaach 😃

Notre service Parentalité était présent au Duck Race Luxembourg le week-end dernier 🐥
23/04/2026

Notre service Parentalité était présent au Duck Race Luxembourg le week-end dernier 🐥

09/04/2026

Duck Race Luxembourg

Adresse

93, Rue D'Anvers
Luxembourg
3567

Heures d'ouverture

Lundi 09:00 - 17:00
Mardi 09:00 - 17:00
Mercredi 09:00 - 17:00
Jeudi 09:00 - 17:00
Vendredi 09:00 - 17:00

Téléphone

+352491040

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Fondation Jugend- an Drogenhëllef publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Fondation Jugend- an Drogenhëllef:

Raccourcis

Partager