aACEL - Amicale de l'ACEL

aACEL - Amicale de l'ACEL aACEL - Amicale vun der ACEL

Wat e gelongenen Owend um Glacis! 🎡✨ E grousse Merci un jiddereen, deen de leschte Freideg de Wee bei eis an d’ Schwarzw...
05/09/2026

Wat e gelongenen Owend um Glacis! 🎡✨ E grousse Merci un jiddereen, deen de leschte Freideg de Wee bei eis an d’ Schwarzwaldhaus fonnt huet. 🥨🍻

Et huet eis immens gefreet, sou vill Anciene/Membere vun de Cerclen a vun der ACEL-Comité ze begréissen an eis bei engem gudde Patt mat hinne kënnen auszetauschen. 🗣️👋
Mir hate super Gespréicher, eng Top-Stëmmung an hu gemittlech zesummen den Owend ausklénge gelooss. 🎶🌙

No der ass virun der Fouer. Mir freeën eis schonn op nächst Joer mat iech! 🧡🎉

No der Fouer ass virun der Fouer! 🎡🍻Kommt laanscht op eisen Afterwork a stéisst mat eis un:📅 Freideg, 4. September 2026⏰...
19/08/2026

No der Fouer ass virun der Fouer! 🎡🍻

Kommt laanscht op eisen Afterwork a stéisst mat eis un:
📅 Freideg, 4. September 2026
⏰ Ab 17:00 Auer
📍 Schwarzwaldhaus (ënnen um Glacis)

Méi spéit nokommen ass guer kee Problem, mir wäerten eng Zäitchen do sinn. Wann dir eis net direkt fannt, schreift eis einfach eng PN 📲

E grousse Merci u jiddereen, dee leschte Samschdeg de Wee bei de Chalet op Bouneweg fonnt huet! 🙌Bei beschtem sonnege Wi...
12/07/2026

E grousse Merci u jiddereen, dee leschte Samschdeg de Wee bei de Chalet op Bouneweg fonnt huet! 🙌

Bei beschtem sonnege Wieder hu mir de flotten Owend zesummen ausklénge gelooss. Sief et fir dat gutt Iessen oder fir e gemittleche Patt, d’Stëmmung war einfach on top! 🌭🥗🧁🍺

Mir freeën eis elo schonn op dat nächst Evenement mat Iech! ✨

Bis geschwënn! 🧡🤏

Déi 25. Editioun vum Studentebal 2026 war e risege Succès an gouf mat enger Abberzuel vu Leit grouss gefeiert. 🥳Mir soen...
06/07/2026

Déi 25. Editioun vum Studentebal 2026 war e risege Succès an gouf mat enger Abberzuel vu Leit grouss gefeiert. 🥳Mir soen der ACEL - de Studentevertrieder villmools Merci fir déi flott Collaboratioun! 🧡
Och d’Amicale 👴🏻👵🏻 war, wéi all Joer, nees mat um Start, sief et duerch d’Ënnerstëtzung bei der Organisatioun oder beim Opriichten🛠️. Mee och eise Comptoir konnt nees deen een oder aneren Ancien an d’Student:innen unzéien. Mir freeën eis elo schonn op déi nächst Editioun vum Studentebal ! 🍻

Eise Grillowend steet de 11. Juli 2026 ab 17 Auer beim Chalet an der Rue Anatole France zu Bouneweg (https://maps.app.go...
24/06/2026

Eise Grillowend steet de 11. Juli 2026 ab 17 Auer beim Chalet an der Rue Anatole France zu Bouneweg (https://maps.app.goo.gl/CPHYU5aJ565A6r8QA) bei den Tennisterrainen un 🌽🌭

Mir freeën eis, dech op eisem Owend ze begréissen, fir zesumme Gegrilltes an/oder e Béierchen ze drénken 🍺

Mell dech wgl. iwwer eise Forms (urlr.me/yyE7ft) oder per E-Mail ([email protected]) un 📧

🏷️ Käschten: 15 € pro Persoun

Wann s du keng Zäit hues, fir ze grillen oder keen Honger hues, da kanns de natierlech och just op ee Patt 🍻 laanscht kommen!

Bis geschwënn! 🤏🧡

E gemittleche Freidegowend um Mäertchen 🎠🌭🍡
10/05/2026

E gemittleche Freidegowend um Mäertchen 🎠🌭🍡

Léif Memberen,och dëst Joer plange mir nees e puer Eventer fir iech. Hei hutt der en Iwwerbléck iwwer déi flott Aktivité...
14/04/2026

Léif Memberen,

och dëst Joer plange mir nees e puer Eventer fir iech. Hei hutt der en Iwwerbléck iwwer déi flott Aktivitéiten, déi mir um Programm hunn 🗓️

Bis ganz geschwënn,
den Aacel-Comité 🧡

Mir hate ganz vill Spaass op eiser AG an den neie Comité wënscht iech ganz schéi Feierdeeg 🎳🎊
19/12/2025

Mir hate ganz vill Spaass op eiser AG an den neie Comité wënscht iech ganz schéi Feierdeeg 🎳🎊

Léif Membere vun der AACEL, e weidert Joer ass vergaangen an eis Assemblée Générale Ordinaire steet virun der Dier, näml...
29/11/2025

Léif Membere vun der AACEL,

e weidert Joer ass vergaangen an eis Assemblée Générale Ordinaire steet virun der Dier, nämlech Freideg, den 12. Dezember 2025, zu Gaasperech an der Brasserie Millewee (144 Mühlenweg, 2155 Gaasperech).

D'AG geet ëm 18:30 un, dono iesse mir nach e Maufel zesummen a fir déi, déi Loscht hunn, kënnen nach eng Partie Keele spillen. D'Iesse wäert ganz normal à la Carte sinn (op eege Käschten).

Dëst Joer wäerte mir eis Statuten änneren, déi mir iech per E-Mail geschéckt hunn. Falls dir net komme kënnt, biede mir iech, d'Procuratioun auszefëllen.

Dir kënnt iech bis den 10. Dezember fir d'AG per E-Mail ([email protected]) oder per Umeldungsformular (https://bit.ly/3KpYfMJ) umellen.

Wann s du Loscht hues och am Comité aktiv matzeschaffen, da kanns du deng Kandidatur fir de Comité 2026 bis de 6. Dezember op [email protected] schécken.

Bis geschwënn 😊🎳

Léif Memberen,eisen Afterwork um Chrëschtmaart steet virun der Dier 🎄 Mir treffen eis de 27. November ab 18 Auer virum P...
09/11/2025

Léif Memberen,

eisen Afterwork um Chrëschtmaart steet virun der Dier 🎄 Mir treffen eis de 27. November ab 18 Auer virum Pavillon op der Plëss 🎅🧑‍🎄

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque aACEL - Amicale de l'ACEL publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à aACEL - Amicale de l'ACEL:

Raccourcis

Partager