arcus asbl

arcus asbl arcus asbl oeuvre dans le social, pédagogique et thérapeutique pour des enfants, jeunes et familles.

[ arcus Lieweg Raim ]On ne voit pas toujours ce que les autres traversent.On peut sourire, avancer, être présent… et pou...
10/10/2026

[ arcus Lieweg Raim ]
On ne voit pas toujours ce que les autres traversent.
On peut sourire, avancer, être présent… et pourtant vivre des moments où tout devient plus lourd.☁️
Le 10 octobre, Journée mondiale de la santé mentale, rappelons-nous qu’il est normal de ne pas toujours aller bien. 🫶
Prenons soin de nous. Et des autres. 💜

08/10/2026

[ arcus Maisons Relais ]
☀️ Summer’s over. Hei e Recap vum Summerfest an eiser Maison Relais Dikrech.

Den 23. Juli huet d’Maison Relais Dikrech zesumme mam Pôle pédagogique Nord vun arcus an deenen anere Maison Relaisen aus dem Norden e Summerfest gefeiert. 🤝

Um Programm stounge gemeinsam Workshops an Aktivitéiten, déi fir vill Austausch, Zesummenaarbecht a flott Momenter gesuergt hunn. 💜

Bei engem gudde Mëttegiesse gouf sech ausgetosch, gelaacht an déi gemeinsam Zäit genoss. 🍽️ E grousse Merci un all déi, déi dëst Summerfest matgestalt hunn!

[ arcus Maisons Relais ]🦊🍂 De Projet geet weider! 🎨No der Serie „Fréijoer“ a „Summer“ si lo déi nächst Wierker un der Re...
06/10/2026

[ arcus Maisons Relais ]
🦊🍂 De Projet geet weider! 🎨

No der Serie „Fréijoer“ a „Summer“ si lo déi nächst Wierker un der Rei: „Hierscht“ 🍁🌰

E grousse Merci un d’Gemeng Mäerzeg fir d’Zesummenaarbecht an dëse schéine Projet! D’Kanner aus der Maison Relais Mäerzeg konnten hir kreativ Iddie ronderëm d’Joreszäit op Pabeier bréngen. Déi faarweg Biller hänken elo als Fändelen um Parking a laanscht d’Haaptstrooss a bréngen e bëssen Hierschtfaarf an d’Duerf. 🏡

D’Kanner freeën sech, hir nei Wierker ze entdecken a mat iech ze deelen. ✨

Wéi eng Faarwen erënneren iech un den Hierscht? 🍁👀

[ arcus Kompetenz ]🗓 Oktober ProgrammAm Oktober sti beim focus dräi spannend Formatiounen um Programm:21.10.26 - 21.09.2...
05/10/2026

[ arcus Kompetenz ]

🗓 Oktober Programm
Am Oktober sti beim focus dräi spannend Formatiounen um Programm:
21.10.26 - 21.09.27 Teams in der sozialen Arbeit führen und leiten
26. - 27.10. Bindung und Resilienz
27. - 28.10. „Immer Zirkus mit den Elteren“

Dräi verschidden Themen, mee ee gemeinsaamt Zil, nei Saache léieren, aner Perspektiven entdecken a wäertvoll Impulser fir den Alldag mat huelen. ✨

👉 Interesséiert? Da kuck dir eisen Oktober Programm un a mell dech iwwer plattform.lu un

[ arcus Liewen & Wunnen ]🏠 Et si votre bien inoccupé changeait une vie ?arcus sera présent à la Luxexpo The Box pendant ...
05/10/2026

[ arcus Liewen & Wunnen ]
🏠 Et si votre bien inoccupé changeait une vie ?
arcus sera présent à la Luxexpo The Box pendant la Semaine du Logement.
📍 Retrouvez-nous du 8 au 11 octobre à Luxexpo The Box - Hall 9
Chaque jour, nous aidons des jeunes adultes à prendre leur envol. Mais pour cela, ils ont besoin d’un logement adapté.
Vous avez un appartement, une maison ou un local inoccupé ?
🏠 Votre bien peut devenir un tremplin vers l’autonomie, tout en vous offrant :
✅ un loyer garanti
✅ une gestion complète
✅ et la satisfaction d’agir pour une bonne cause
Venez nous rencontrer à la Home Expo et découvrons ensemble comment un logement peut tout changer. 💜

🇱🇺 Dir sidd Proprietär vun enger eidelstoender Wunneng?
Dann ass d'Semaine Nationale du Logement eng gutt Geleeënheet, fir Iech iwwer d’Gestion Locative Sociale (GLS) ze informéieren.

Vum 8. bis den 11. Oktober 2026 sinn d’Partner vun der GLS op der Plaz, fir de Modell virzestellen, Froen ze beäntweren a Proprietären ze informéieren, déi méi iwwer d’Locatioun vun hirer Wunneng wëlle gewuer ginn.

👉 Kommt laanscht um Stand vun der Gestion Locative Sociale op der Semaine Nationale du Logement.
📅 8.–11. Oktober 2026
📍 Luxexpo The Box – Kirchberg

🇫🇷 Vous êtes propriétaire d’un logement vacant ?
La Semaine Nationale du Logement est l’occasion de s’informer sur la Gestion Locative Sociale (GLS).
Du 8 au 11 octobre 2026, les partenaires de la GLS seront présents pour présenter le dispositif, répondre aux questions et informer les propriétaires qui souhaitent en savoir plus sur la mise à disposition de leur bien.

👉 Rendez-vous sur le stand Gestion Locative Sociale à la Semaine Nationale
📅 8–11 octobre 2026
📍 Luxexpo The Box – Kirchberg

[ arcus Jobs ]📢 Du wëlls Deel vun enger Organisatioun ginn, an därs du deng Kompetenzen an deng Perséinlechkeet abrénge ...
02/10/2026

[ arcus Jobs ]

📢 Du wëlls Deel vun enger Organisatioun ginn, an därs du deng Kompetenzen an deng Perséinlechkeet abrénge kanns?

👉 Dann klick op de Posten deen dech interesséiert a schéck eis deng Bewerbung eran:
- Psycholog (M/W/NB) - Internat Mäerzeg: https://app.skeeled.com/s/jNTHpVUc
- Educateur diplomé / gradué (M/W/NB) - Familljenbegleedung (Stad Lëtzebuerg): https://app.skeeled.com/s/m4UkM1fr
- Educateur diplômé (M/W/NB) - Crèche internationale de Belair: https://app.skeeled.com/s/nAwkRj6B
- Aide socio-éducatif / Aide socio-familial / Agent socio-pédagogique (M/W/NB) - Maison Relais Nidderaanwen: https://app.skeeled.com/s/hAy5LKEO
- Educateur diplômé (M/W/NB) - Maison Relais Nidderaanwen: https://app.skeeled.com/s/auOnOccw
- Educateur diplômé/Educateur gradué (M/W/NB) - Maison Relais Reisduerf: https://app.skeeled.com/s/5GHuYLLb

Weider Annoncë fënns du op: jobs.arcus.lu 🚀

[ arcus Jugendhaus ]Jonker, déi sech engagéieren an eppes beweegen 💜Mat Mamer in Motion hunn déi Jonk aus eisem Jugendha...
29/09/2026

[ arcus Jugendhaus ]
Jonker, déi sech engagéieren an eppes beweegen 💜

Mat Mamer in Motion hunn déi Jonk aus eisem Jugendhaus Mamer-Garnich gewisen, wéi vill een zesummen op d’Bee stelle kann. Charity Run, Musek, Tombola a vill gutt Stëmmung...alles fir de gudden Zweck 🙌 🏃‍♀️

Besonnesch staark: D’Iddi koum vun deene Jonke selwer an och bei der Organisatioun hu si richteg mat ugepaakt. 💪

👏 E grousse Bravo un déi Jonk an un all déi, déi dësen Dag méiglech gemaach hunn! Merci un d'Gemeng Mamer 💙

[ arcus Kompetenz ]Kenns du och déi Situatiounen, wou d’Stëmmung mat engem Kand oder engem Elterendeel ëmmer méi ugespaa...
28/09/2026

[ arcus Kompetenz ]
Kenns du och déi Situatiounen, wou d’Stëmmung mat engem Kand oder engem Elterendeel ëmmer méi ugespaant gëtt an et net einfach ass, am richtege Moment richteg ze reagéieren?

Dës Formatioun bitt konkret Methoden, fir Konflikter besser ze verstoen, méi roueg ze kommunizéieren, kloer Grenzen ze setzen an Eskalatiounen ze vermeiden.

Mat Instrumenter aus dem Systemeschen Aggressiounsmanagement (SAM) léiers du, wéi s du ugespaante Situatiounen deeskaléiere kanns an deng eege Reaktioune besser reguléiers.

💡 Zesumme mam Hergen Sasse schaffs du mat konkrete Beispiller, prakteschen Übungen an Handwierksgeschier, déi s du direkt an dengem Beruffsalltag asetze kanns.

📅 29.10. & 30.10.2026
👉 Méi Informatiounen & Umeldung: bit.ly/Deeskalationstraining-Hergen-Sasse

Adresse

52B, Avenue Gaston Diderich
Luxembourg
1420

Téléphone

+352 49 53 46 1

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque arcus asbl publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à arcus asbl:

Raccourcis

Partager