05/10/2026
Mir freeën ons matzedeelen, datt onse Veräin vum FOCUNA (Fonds culturel national) den Agrément krut fir Spenden ze sammele fir seng kulturell Projeten. Déi Spende kann ee vun de Steieren ofsetzen, wann d’Spenden wéi um ugespéngelte Bréif gemaach ginn. Dës Spenden hëllefen, z. B., onsen Documentaire D’KATASTROPH mat Ënnertitelen op F a GB ze versinn. Mir soe Merci fir all Spend, egal wéi grouss se ass.