Les Internats Jacques Brocquart asbl

Les Internats Jacques Brocquart asbl Actualités de la plus grande association gestionnaire d'internats au Luxembourg

✨ Chrëschtdag ass eng Zäit fir Merci ze soen an fir sech z’erënneren. ✨No all deene Joren, wou mir mat Kanner a Jonker a...
17/12/2025

✨ Chrëschtdag ass eng Zäit fir Merci ze soen an fir sech z’erënneren. ✨

No all deene Joren, wou mir mat Kanner a Jonker an eisen Internater ënnerwee waren, geet elo eng wichteg Zäit an eiser Geschicht op en Enn.
Vum 1. Januar un wäert arcus dës Aarbecht virufueren.

Mir droen vill Erennerungen, Momenter a Gesten am Häerz – vun all deene Mënschen, déi mat vill Engagement an Léift dozou bäigedroen hunn, datt eis Internater eng Plaz waren, wou ee sech doheem a wuel fillt. 💛

Elo, wou mir dësst Kapitel ofschléissen, wëlle mir einfach Merci soen.
Merci fir d’Vertrauen, d’Zesummenaarbecht an de laange Wee, dee mir zesumme gaange sinn.

Eis Missioun geet op en Enn, mee dat, wat mir zesumme geschaaft a gelieft hunn, leeft weider – just anescht.

Un iech alleguer – Kanner, Jonker, Famillen, Mataarbechter an Partner – schécke mir eis bescht Wënsch: fir friddlech a liichtvoll Feierdeeg an e neit Joer mat Hoffnung a Freed. ✨

30/11/2025

[ arcus Liewen a Wunnen ]
📢 arcus reprendra les activités de Les Internats a.s.b.l. dès le 1er janvier 2026.

Nous avons le plaisir d’annoncer que les Conseils d’administration des deux organisations, ainsi que l’Assemblée générale extraordinaire de Les Internats Jacques Brocquart asbl , ont officiellement validé ce rapprochement le 17 novembre 2025.

🤝 Depuis de nombreuses années, nos deux institutions partagent les mêmes valeurs et un engagement fort pour les enfants, les jeunes et les familles au Luxembourg.
Dans ce cadre, toute l’équipe de Les Internats rejoindra arcus, apportant son expertise et son expérience pour renforcer notre réseau de compétences et enrichir l’offre d’accompagnement éducatif.

✔️ Rien ne change pour les enfants, les jeunes et les familles : la continuité, la stabilité et la qualité des services restent pleinement assurées.
✔️ Les droits du personnel sont intégralement garantis.

Dans les prochaines semaines, nos équipes travailleront main dans la main pour préparer une transition harmonieuse vers 2026.

Merci pour votre confiance. 💜

Du wëlls leeden - mir wëllen begleeden
17/10/2025

Du wëlls leeden - mir wëllen begleeden

Finde alle Gesundheits- und Sozialberufe in Luxemburg

👕 Kleedersammlung – méi wéi just Kleeder ze verschenken!Mir maachen eng Kleedersammlung fir eis jonk Schüler-Jongen am I...
14/10/2025

👕 Kleedersammlung – méi wéi just Kleeder ze verschenken!

Mir maachen eng Kleedersammlung fir eis jonk Schüler-Jongen am Internat.

🎯 D’Zil? Hinne weisen, wéi vill Freed et maache kann, sech gutt unzedoen, eegenen Stil ze fannen an e bëssen Selbstvertrauen opzebauen – a dobäi e puer flott Outfits mat heem ze huelen.

🧥 Mir sichen propper a gutt erhale Kleeder fir jonk Männer Jeans, Pullover, Hiemer, Jacken, Schong oder Accessoiren – alles wat nach eng Kéier Freed maache kann.

💡 Dëse Projet ass sozial a pädagogesch gläichzäiteg: d’Jongen léieren, Choixen ze treffen, sech iwwert hiren Erscheinungsbild auszedrécken an de Wäert vum Deele kennen.

👉 Wann s du eppes hues, wat nach gutt ass, da bréng et gären laanscht oder deel d’Info mat aneren!

All Stéck zielt – all Geste mécht en Ënnerscheed. 💙

🚀 Loscht op Verännerung? Mir siichen Verstärkung 💡 Komm an eist Team an der Stad - deng Chance waart schonn op dech 🍀
23/09/2025

🚀 Loscht op Verännerung? Mir siichen Verstärkung 💡 Komm an eist Team an der Stad - deng Chance waart schonn op dech 🍀

Visite op der Baustell 🚧Haut haten eis Jonker d’Chance e Bléck an d’Zukunft ze geheien: zesumme mat de Responsabele vum ...
19/09/2025

Visite op der Baustell 🚧

Haut haten eis Jonker d’Chance e Bléck an d’Zukunft ze geheien: zesumme mat de Responsabele vum Fonds du Logement hunn si dat neit Nopeschquartier Wunne mat der Wolz besicht. 🌱🏗️

Bei enger grousser Tour iwwert d’Bauplaz hunn si vill Interessantes geléiert, wéi de neie Quartier wäert ausgesinn a funktionéieren. E grousse Merci u de Fonds du Logement fir déi interessant Erklärungen, déi vill Informatiounen an dës flott Geleeënheet fir esou eng Erfarung ze maachen.

An dat Schéinst: och d’Wieder huet super matgespillt! ☀️😊

Kleng Gesten, grouss Wierkung ✨An der Villa goufen eis Schüler*innen mat enger Wëllkommstut begréisst – gefëllt mat klen...
17/09/2025

Kleng Gesten, grouss Wierkung ✨

An der Villa goufen eis Schüler*innen mat enger Wëllkommstut begréisst – gefëllt mat kleng Opmierksamkeeten an engem motivéierende Sproch.

Dës kleng Surprise soll hinne Courage ginn, Freed bréngen a weisen: Vum éischten Dag u si mir fir iech do 💫

📚✏️ ❤️

Neit Schouljoer, neit Gléck! 🌟Mir freeën eis immens, erëm fir iech do ze sinn an zesumme mat iech e Joër voller Aventure...
15/09/2025

Neit Schouljoer, neit Gléck! 🌟

Mir freeën eis immens, erëm fir iech do ze sinn an zesumme mat iech e Joër voller Aventuren, Léieren a Spaass unzefänken. 💪✨ Loosst eis zesummen wuessen, Neies entdecken an onvergiesslech Momenter schafen! 🚀

✨ E neien Ufank steet virun der Dier ✨An e puer Woche geet et erëm lass – en neit Schouljoer fänkt un, an ee kann déi sp...
29/08/2025

✨ E neien Ufank steet virun der Dier ✨

An e puer Woche geet et erëm lass – en neit Schouljoer fänkt un, an ee kann déi speziell Stëmmung vun dëser Zäit elo scho spieren.
E puer froen sech nach ëmmer, ob si sech nach séier eng vun de leschte Plazen ofséchere sollen. Anerer iwwerleeën, ob et wierklech dee richtege Choix war, a sinn opgereegt. An da sinn do nach déi, déi schonn alles kennen a mat engem gewëssen Heemechtsgefill zréckkommen.

All dës Gedanken si ganz normal. En neit Schouljoer – a besonnesch d’Liewen am Internat – ass e groussen a wichtege Schrëtt. A grad do läit d’Schéinheet: et ass en neien Ufank, voller Méiglechkeeten.

Geschwë geet et lass – an dëst kéint däi Schouljoer ginn 🚀
E Joer, dat Dieren opmécht, nei Frëndschafte bréngt an an deem s de iwwer dech erauswuesse.

Op eemol wäerts de zréckkucken a mierken: D’Internat ass däin Doheem ginn. Eng Plaz, wou s du net nëmme léiers, mee deel vun eppes Grousses gi bass.

Dat neit Kapitel waart op dech. Bass de prett, et opzeschloen? 💚

Adresse

5, Avenue Marie-Thérèse
Luxembourg
L-2132

Téléphone

+35244743219

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Les Internats Jacques Brocquart asbl publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Les Internats Jacques Brocquart asbl:

Partager