HoGa Scouten

HoGa Scouten HoGa Scouten a Guiden vun der FNEL. Mir sinn Stadter Scouten. Onsen Numm HoGa kennt vun Hollerech-Gare. Bonjour, mir stellen ons hei emol fir.

Mir sinn d'HoGa Scouten a Guiden vun der FNEL.Onsen Numm HoGa kennt vun Hollerech-Gare. Eis Versammlungen sinn an eisem Home
Samsdes vun 14:00 bis 16:00 Auer
Nei Membere sinn ons ëmmer gär Welcome.

10/10/2026
Montéesweekend zu Diddleng
05/10/2026

Montéesweekend zu Diddleng

Beaver an Wėllefcher hate vill Spass um Kannerfest am Beetebuerger Park
29/09/2026

Beaver an Wėllefcher hate vill Spass um Kannerfest am Beetebuerger Park

27/09/2026
Des Woch hu sech e puer Tembo getraff fir sech ëm d‘Bänken ronderëm Feierplatz ze këmmeren, et vill mat vill gudder Laun...
25/09/2026

Des Woch hu sech e puer Tembo getraff fir sech ëm d‘Bänken ronderëm Feierplatz ze këmmeren, et vill mat vill gudder Laun geschafft

🕊️ International Day of Peace – 21. September ⚜️Fridden ass fir eis Scouten net nëmmen e schéint Wuert. Fridden fänkt am...
21/09/2026

🕊️ International Day of Peace – 21. September ⚜️

Fridden ass fir eis Scouten net nëmmen e schéint Wuert. Fridden fänkt am Klengen un – bei eis selwer, an eiser Ekipp an an eisem Alldag.

Als Scouten a Guiden sti mir fir Wäerter, déi eis hëllefen, zesummen eng méi friddlech Welt ze gestalten: Respekt, Toleranz, Frëndschaft, Solidaritéit an Zesummenhalt. Mir léieren, deem aneren nozelauschteren, Ënnerscheeder ze akzeptéieren, Konflikter zesummen ze léisen an eis fir anerer anzesetzen.
Bei de Scouten ass et egal, wou een hierkënnt, wéi eng Sprooch ee schwätzt oder wéi een ausgesäit. Jidderee soll seng Plaz an der Gemeinschaft fannen.

Fridden entsteet net nëmmen duerch grouss Entscheedungen. E wiisst duerch kleng Gesten: een hëllefen, een net ausschléissen, matenee schwätzen amplaz géinteneen, Verantwortung iwwerhuelen an d'Natur an eis Matmënsche respektéieren.
Dofir wëlle mir bei der HoGa eise Kanner a Jonke genee dës Wäerter mat op de Wee ginn – net nëmmen haut, mee bei all Versammlung, all Camp an all gemeinsamer Aventure.

⚜️ Fir eng Welt mat méi Respekt, méi Zesummenhalt a méi Fridden.

Be prepared – fir haut, fir muer a fir eng besser Welt. 🕊️

Scoutsrentrée Kiermes 2026. wat e flotte Start an dat neit Scoutsjoer mat villen bekannten an neie Gesiiter. Mir freeën ...
20/09/2026

Scoutsrentrée Kiermes 2026. wat e flotte Start an dat neit Scoutsjoer mat villen bekannten an neie Gesiiter. Mir freeën eis op vill nei Erfahrungen a flott Momenter an e Scoutsjoer voller Abenteuer!

Geschter ware mir op der Assemblée Générale vun der Fnel vertrueden
18/09/2026

Geschter ware mir op der Assemblée Générale vun der Fnel vertrueden

Bei super Summerwieder hu mir dëst Joer e flotten Summercamp zu Saint-Gély bei Goudargues im Département Gard an Süde vu...
14/09/2026

Bei super Summerwieder hu mir dëst Joer e flotten Summercamp zu Saint-Gély bei Goudargues im Département Gard an Süde vu Frankraisch verbruecht! ☀️
Op eisem Programm stoung vill Action an Ofwiesslung: mir si Cananying gemaach, hu Kayak a Stand Up Paddle gefuer a waren natierlech och schwammen. 🛶🏄‍♀️🏊‍♂️
Nieft all de Waasseraktivitéite hu mir och Avignon besicht, e flotte Velostour gemaach an eis beim Kloteren ausgetobt 🚲🧗‍♀️. Mir waren eng Grotte besichen an hun Karaoke mam ganzen Duerg gesongen🎤

Adresse

4, Rue De La Semois L Letzebuerg
Luxembourg
2533

Heures d'ouverture

14:00 - 16:00

Téléphone

+352456056

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque HoGa Scouten publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à HoGa Scouten:

Raccourcis

Partager