GIS Cynotechnique CGDIS

GIS Cynotechnique CGDIS Groupe d'intervention spécialisé Cynotechnique CGDIS

27/09/2026
13/09/2026
🐾 Nicolas & Chase – nei an eiser EkippMat Nicolas a sengem Chase ass en neit Team bei eis gestart. Déi zwee fänken hir A...
03/09/2026

🐾 Nicolas & Chase – nei an eiser Ekipp

Mat Nicolas a sengem Chase ass en neit Team bei eis gestart. Déi zwee fänken hir Ausbildung an der Flächen- an Trümmersich un.

Mir wënschen hinne vill Erfolleg op hirem gemeinsame Wee.

Wëllkomm an der Ekipp, Nicolas a Chase! 🐕‍🦺

Journée mondiale du chien 🚒🐕
26/08/2026

Journée mondiale du chien 🚒🐕

🐾 E flotte Schluss vun der TrainingssaisonBei eisen zwee leschten Traininger vun der Saison stoung dës Kéier net nëmmen ...
14/08/2026

🐾 E flotte Schluss vun der Trainingssaison
Bei eisen zwee leschten Traininger vun der Saison stoung dës Kéier net nëmmen d’ Aarbecht mat den Hënn um Programm: Zesummen hu mir eisen Trümmerterrain an de Geräteterrain nees an d’ Rei gesat.
E grousse Merci soe mir eise Membere fir upaacke – an natierlech fir Äert Engagement, Är Zäit a Är Aarbecht am ganze Joer.
Elo ass alles prett, fir no der Paus mat neier Energie an déi nächst Saison ze starten. 🐕‍🦺

🐾 International Ausbildung zu Wien 🇦🇹Aktuell absolvéiert ee vun eise Memberen zesumme mat sengen zwee Hënn eng intensiv ...
06/08/2026

🐾 International Ausbildung zu Wien 🇦🇹

Aktuell absolvéiert ee vun eise Memberen zesumme mat sengen zwee Hënn eng intensiv Ausbildungswoch am Tritolwerk zu Wien.

Zesumme mat Kolleege vun der ISAR an aus weideren internationalen Organisatiounen, stinn usprochsvoll Übungen, nei Erfarungen an de fachlechen Austausch ronderëm d’ Rettungshondsaarbecht um Programm.

Esou Formatioune bidden net nëmmen aussergewéinlech Trainingsméiglechkeeten, mee stäerken och déi international Zesummenaarbecht – eng wichteg Viraussetzung, fir am Asaz professionell a grenziwwerschreidend kënnen zesummenzeschaffen.
E besonnesche Merci geet un ISAR Germany fir d’Invitatioun an un VET-Concept, déi dës Ausbildungswoch méiglech gemaach hunn. 🙏🐾

De GIS Cyno ass frou, eng nei Ekipp an eiser Rei begréissen ze dierfen.D’ Audrey huet sech zesumme mat sengem Hond Luna ...
30/07/2026

De GIS Cyno ass frou, eng nei Ekipp an eiser Rei begréissen ze dierfen.
D’ Audrey huet sech zesumme mat sengem Hond Luna dozou entscheet, de Wee vun der Mantrailerausbildung anzeschloen. Domat gi si zesummen déi nächst Schrëtt an enger spezialiséierter a usprochsvoller Disziplin vun der Rettungshondsausbildung.
Mantrailing verlaangt vill Gedold, Vertrauen an eng staark Zesummenaarbecht tëscht Mënsch an Hond – genee dës Qualitéite sinn entscheedend, fir vermësste Persounen effizient kënnen ze sichen.
Mir freeën eis, d’Audrey an d’Luna op dësem Wee ze begleeden a wënschen hinne vill Erfolleg, Motivatioun an eng flott Zäit an der Ausbildung.

Gepackt! 🐾🎉Zum Ofschloss vun eisem Stage hunn dräi vun eise Memberen zesumme mat hirem Hond hir Asaz Prüfung mat Bravour...
09/07/2026

Gepackt! 🐾🎉
Zum Ofschloss vun eisem Stage hunn dräi vun eise Memberen zesumme mat hirem Hond hir Asaz Prüfung mat Bravour gepackt. Si sinn elo offiziell als Asazteam validéiert a kënnen ab elo mat hirem Hond an den Asaz goen.
Mir gratuléieren dem Cheryl mat sengem zweete Mupp Tekila, dem Michael mat sengem zweete Mupp Loop an der Kim mat sengem Mupp Flic. Dëse Succès ass d' Resultat vu villen Trainingsstonnen, Ausdauer an enger staarker Zesummenaarbecht tëscht Mënsch an Hond.

Mir gratuléieren iech ganz häerzlech zu dësem flotte Succès a wënschen iech vill Erfolleg, sécher Asätz a vill schéi Momenter 🐕🚒

Och mir si mat dobäi! 🐾E Samschdeg, de 4. Juli, si mir op de Portes Ouvertes vum CIS Esch present, fir eis Kolleege bei ...
30/06/2026

Och mir si mat dobäi! 🐾
E Samschdeg, de 4. Juli, si mir op de Portes Ouvertes vum CIS Esch present, fir eis Kolleege bei dësem flotte Dag ze ënnerstëtzen.
Kommt laanscht a genéisst e gemittlechen Dag mat spannenden Demonstratiounen, Iessen a Gedrénks.
Do hued Dir och d'Méiglechkeet, eise Cyno Gin souwéi verschidde Gadgeten vun eiser Amicale ze kafen. Mat all Akaf ënnerstëtzt Dir direkt d'Aktivitéite vun eiser Amicale an domat och d'Aarbecht vun eisem Groupe.
Mir freeën eis op äre Besuch! 🐕💙

🐕‍🦺🇱🇺 Nationalfeierdag 🇱🇺🐕‍🦺
23/06/2026

🐕‍🦺🇱🇺 Nationalfeierdag 🇱🇺🐕‍🦺

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque GIS Cynotechnique CGDIS publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à GIS Cynotechnique CGDIS:

Raccourcis

Partager