ACEL - de Studentevertrieder

ACEL - de Studentevertrieder D'Association des Cercles d'Étudiants Luxembourgeois (ACEL) vertrëtt haut iwwer 40 Studentencercelen, déi duerch ganz Europa verdeelt sinn.

Dëst mëscht d'ACEL zum Representant vu méi wéi 10.000 Studenten an ass domadder de gréissten a wichtegste S Dëst mëscht d'ACEL zum Representant vu méi wéi 10.000 Studenten an ass domadder de gréissten a wichtegste Studentevertrieder zu Lëtzebuerg. D´ACEL ass ideologesch a politesch neutral, dat heescht dass mir keng bestëmmte parteipolitesch Meenung vertrieden. Dat ass extrem wichteg well mir eisem Usproch, all d’Studenten ze representéieren, wëlle gerecht ginn. Vill lëtzebuerger Studente sinn derzou gezwongen hirt Studium am Ausland ze maachen well d´Unzuel u komplette Studiegäng déi d’Universitéit Lëtzebuerg ubitt begrenzt ass. Dëst ass eng eenzegaarteg Situatioun, déi grouss Virdeeler mat sech bréngt an zur Grënnung vu Studentevereenegungen a villen europäesche Stied gefouert huet. D’ „Cerclen“ bilden haut déi aktiv Membere vun der ACEL a sinn op 8 Länner verdeelt. Dorënner ass d’Belge, Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Éisträich, Holland, Lëtzebuerg an Schwäiz. Dës Vereenegungen empfänken a vereenen d’lëtzebuerger Studente während hirer Studienzäit an de jeeweilegen Stied. Dernieft ginn et nach 8 fachspezifesch Cerclen (Medeziner, Economisten, Juristen, Psychologen, Archivisten/Bibliothecairen, d’Ingenieuren, Geschicht an d’Kommunikatiounsstudenten).

05/10/2026
Den 23.09.2026 huet d’ACEL op hir Pressekonferenz invitéiert, wou si hir Aarbecht vum leschten, esouwéi d‘Projeten fir d...
24/09/2026

Den 23.09.2026 huet d’ACEL op hir Pressekonferenz invitéiert, wou si hir Aarbecht vum leschten, esouwéi d‘Projeten fir d‘kommend akademescht Joer presentéiert huet. Am Fokus stoungen dobäi déi Themen déi d’Student:innen oft beschäftegen, dodrënner de Logement, den Transport, d’Stagegesetz, d’Pensiounsreform an d‘Studentefoire.

Haut, de 15. September, ass den Internationalen Dag vun der Demokratie!Zanter 2007 notzen d’Vereenten Natiounen dësen Da...
15/09/2026

Haut, de 15. September, ass den Internationalen Dag vun der Demokratie!

Zanter 2007 notzen d’Vereenten Natiounen dësen Dag, fir d’Grondprinzippie vun der Demokratie ze stäerken an dozou anzelueden, reegelméisseg iwwer hiren Zoustand an hir Zukunft nozedenken.

Demokratie ass dobäi näischt Selbstverständleches. Si ass net nëmmen e politesche System, mee e Prozess, dee vun der Participatioun vun eis alleguer lieft. Dozou gehéiert, sech ze informéieren, sech seng eege Meenung ze bilden, aner Positiounen ze respektéieren a matzediskutéieren.

2026 steet dësen Dag ënnert dem Thema „Bring human rights into focus“. Domat gëtt och drun erënnert, datt Demokratie, Mënscherechter, Fräiheet a politesch Participatioun enk matenee verbonne sinn. 
Mee grad an enger Zäit, an där mir all Dag mat enger grousser Quantitéit un Informatiounen a Social-Media-Posts konfrontéiert sinn, ass et net ëmmer einfach, Fakten, Meenungen a Manipulatioun auserneenzehalen.
Dofir stelle mir dir zesumme mam Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) e puer Ressourcë vir, déi dir dobäi hëllefen, dech ze informéieren, Aussoen ze hannerfroen a Politik besser ze verstoen: for real?, Propaganda.guide, Check Politik a Politik? Fir jiddereen!

-> Méi Informatiounen zu dësen an nach villen aneren Offere fënns du ënner www.zpb.lu.“
En ass e Stéck méi laang wéi däin, solle mer en kierzen?

Am Kader vun eiser Sponsorweek soe mir all eise Sponsoren a Partner Merci fir déi flott Zesummenaarbecht🧡
07/09/2026

Am Kader vun eiser Sponsorweek soe mir all eise Sponsoren a Partner Merci fir déi flott Zesummenaarbecht🧡

07/09/2026

English version below

Säit dem 1. August 2026 sin nei gesetzlech Reegele a Kraaft getrueden, déi d’Finanzéierung an d’Ënnerstëtzung vum Doktorat zu Lëtzebuerg grondsätzlech änneren.
Fir méi Detailer a fir deng Froen direkt un den FNR ze stellen, invitéiere mir dech op eisen ACEL × FNR Webinar: 10. September 2026 | 11:00 – 12:00.

Since 1 August 2026, new legislation will fundamentally change how doctoral studies are funded and supported in Luxembourg.
To learn more and ask your questions directly to the FNR, join our ACEL × FNR Webinar: 10 September 2026 | 11:00 AM – 12:00 PM

Mell dech un / Register here :
cf563731-6758-4fd4-8fc5-6efb083a21c9@69628d54-883a-4d88-863a-ca77ac2e1d4a" rel="ugc" target="_blank">https://events.teams.microsoft.com/event/cf563731-6758-4fd4-8fc5-6efb083a21c9@69628d54-883a-4d88-863a-ca77ac2e1d4a

Méi Informatiounen / More information:
🌐 fnr.lu
🌐 studenteguide.lu
📧 FNR: [email protected]
📧 ACEL: [email protected]

English version belowSäit dem 1. August 2026 sin nei gesetzlech Reegele a Kraaft getrueden, déi d’Finanzéierung an d’Ënn...
07/09/2026

English version below

Säit dem 1. August 2026 sin nei gesetzlech Reegele a Kraaft getrueden, déi d’Finanzéierung an d’Ënnerstëtzung vum Doktorat zu Lëtzebuerg grondsätzlech änneren.
Fir méi Detailer a fir deng Froen direkt un den FNR ze stellen, invitéiere mir dech op eisen ACEL × FNR Webinar: 10. September 2026 | 11:00 – 12:00.

Since 1 August 2026, new legislation will fundamentally change how doctoral studies are funded and supported in Luxembourg.
To learn more and ask your questions directly to the FNR, join our ACEL × FNR Webinar: 10 September 2026 | 11:00 AM – 12:00 PM

Mell dech un / Register here :
cf563731-6758-4fd4-8fc5-6efb083a21c9@69628d54-883a-4d88-863a-ca77ac2e1d4a" rel="ugc" target="_blank">https://events.teams.microsoft.com/event/cf563731-6758-4fd4-8fc5-6efb083a21c9@69628d54-883a-4d88-863a-ca77ac2e1d4a

Méi Informatiounen / More information:
🌐 fnr.lu
🌐 studenteguide.lu
📧 FNR: [email protected]
📧 ACEL: [email protected]

Du hues vun der grousser Steierreform ab 2028 héieren, mee du weess awer net, wat sech ännert ?Mir erklären dir kuerz a ...
16/08/2026

Du hues vun der grousser Steierreform ab 2028 héieren, mee du weess awer net, wat sech ännert ?

Mir erklären dir kuerz a verständlech:
• wéi de Steiersystem haut funktionéiert
• wat d’classe U ass
• wien dovu kéint profitéieren
• a wou d’Kritikpunkte leien

Ab dem 1. Januar 2028 soll zu Lëtzebuerg eng nei eenheetlech Steierklass agefouert ginn. Déi aktuell Klassen 1, 1a an 2 sollen domat laangfristeg ersat ginn.

Bei de Steiere muss een oppassen ze ënnerscheeden zwëschent :
• Abattement (1): Reduzéiert däi besteierbart Akommes. D’Steier gëtt also op e méi niddrege Betrag berechent (Beispill: 40.000 € Akommes – 5.000 € Abattement = Steier op 35.000 €).
• Crédit d’impôt (2): Reduzéiert direkt deng Steier. Se kann entweder d’Steier bis op 0 € reduzéieren (non remboursable) oder, wann en d’Steier iwwersteigt, och ausbezuelt ginn (remboursable).

Wann s de méi wëlls iwwert den aktuelle Steiersystem an déi zukünfteg Reform gewuer ginn, fënns de e puer ganz interessant Informatiounen um leschte Slide !

Haut, den 12. August, ass den Internationalen Dag vun der Jugend. Zanter 1999 notzen d’Vereenten Natiounen dësen Dag, fi...
12/08/2026

Haut, den 12. August, ass den Internationalen Dag vun der Jugend. Zanter 1999 notzen d’Vereenten Natiounen dësen Dag, fir op d’Interessen, d’Bedierfnesser an d’Roll vu Jonken an eiser Gesellschaft opmierksam ze maachen.

D’Motto 2026 ass „Different Contexts, Common Aspirations“. Domat gëtt ënnerstrach, datt jonk Leit zwar a ganz ënnerschiddleche Realitéite liewen, mee dacks déi selwecht Ziler hunn : Dignitéit, Méiglechkeeten, Participatioun an eng nohalteg Zukunft.

Zu Lëtzebuerg ënnerstëtzt säit 1965 de Service national de la jeunesse (SNJ) Jonker dobäi, nei Erfarungen ze sammelen, Kompetenzen ze entwéckelen, sech ze engagéieren an hiren eegene Wee ze fannen.

Ganz am Sënn vun sengem Motto „Jonker staark maachen“ bitt de SNJ dofir eng ganz Rei Programmer, Aktivitéiten a Berodungsméiglechkeeten un.

Mir stellen dir haut dräi dovunner vir:
Service Volontaire, Ech wëll, ech kann an Animateur spécialisé
Mei Informatiounen fënns du ënner https://www.snj.public.lu/ an https://social.desa.un.org/issues/youth/events/international-youth-day-2026

Adresse

Luxembourg

Téléphone

+35220608484

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque ACEL - de Studentevertrieder publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager