Geschichtsfrënn St. Quirinus

Geschichtsfrënn St. Quirinus D'Geschichtsfrënn St. Quirinus a.s.b.l. ass ee Veräin ouni Gewënnzwecker, deen haaptsächlech aus jonke a motivéierten Membere besteet. Joerhonnert op Lëtzebuerg.

Et ass déi beweegte Vergaangenheet vun där klenger Kapell déi ons am Stater Gronn begéint. Et gouf Héichten an Déiften, et gouf Begeeschterung a Leed, jo Spott a vergiess gouf se och. Eng Raiberhiel soll si gewiergt sinn. Si huet Weltkricher iwwerstanen, kal Wanteren, Politiker an de Wandel vun der Zäit konnten hir näischt doen.

Zënter den ale Kelte gouf déi natierlech Hiel am Stater G

ronn fir religiös Zwecker benotzt. Gutt verstoppt am decke Bësch vum Péitrussdall (de Numm kennt nach vun de Réimer), mat villen ale Geschichten, bei enger Bach an direkt bei enger Waasserquell. D’Figur vun der réimescher Gëttin Trivia an een ale keltesche Matressteen (haut de Kult em Dréijongfraefigur) sollen schonns do gestanen hunn. D’Waasserquell war den Haaptgrond fir den éischten Heedekult, et war d’Hoffnung op ee Quellewonner. No der Christianiséierung am 10. Joerhonnert ass dunn lues a lues d’Hiel zur Kapell ëmgebaut ginn. Si gehéiert domat zu der eelste Kultstätt an der Stadt. An der Hiel selwer ass nach eng Kaul an ee klenge Gruef ze erkennen – als Offloss fir d’Blutt.

De Kult em den hellege Quirinus koum, esou de Joseph Reuter, am 11. Am grousse ganze gouf vun de fréie Chrëschte versicht al réimesch Gëtter ze verdrängen, an deem se déi mat chrëschtlechen Hellegen ersat hunn. Sou stinn der hei gläich dräi Stéck: den hellege Quirinus, den hellege Firminus an den hellege Ferreolus. Am Mëttelalter gouf d'Gräinskapell ënnerhale vun den Däitschherreritter, déi zënter 1249 an der Tilleschgaass bei der St. Ulrichspforte gewunnt hunn an och do hiert Hopiz haten. Ëm 1355 hunn si déi gotesch Fassad gebaut, déi haut nach erhalen ass. Si soll un d'Hellegt Graf zu Jerusalem erënneren, déi vun dëser Zäit un vun de Musulmanen zeréck eruewert gouf an netmei esou einfach zougänglech war. Vun hinne staamt och d'Däitschhärekräiz, dat iwwer d’Paart agemeesselt gouf an haut bal net méi ze erkennen ass. Riets dovun ass den oppene Priedegtstull ze gesinn, deen et esou an där Form just nach zweemol gëtt: zu Oxford a St. Loo (Normandie).

Den Daach an de Klackentuerm goufen 1884-1885 vum Stater Architekt Charles Arendt ëmgebaut. Bis 1884 war dësen Tiermchen niddreg a ronn. Ënnert dem Klackentuerm waren nach Spuere vun enger aler Freskemolerei, enger Kräizegungszeen ze erkennen. Och war nach baussen an der Mauer eng al Schrëft Anno Domini 1355 ac Innocentio sexto agravéiert. Se goufe leider deemools net mat renovéiert a sinn haut netmei ze erkennen. Donieft ass d’Kräiz vum Däitschen Uerden iwwert der Dir beim Ëmbau vun de klenge Fënsteren 1884 geopfert ginn – den ieweschten Deel vum Kräiz feelt.

Bannent der Kapell ass eng Duebelhiel, eng kleng Sakristei an eng Nisch mam Altor. D’Original-Figuren aus der Kapell stinn haut am Staats Musée. Am Tiermchen ass eng kleng Klack déi 1770 vum Lëtzebuerger Henricus Eisenbach aus der Stadt gegoss gouf. Op dëser steet: Henricus Eisenbach me fecit Luxemburgi anno Domini 1770. Nach bis an 20er Jore vum leschte Joerhonnert stoungen d'Wunnhaiser vum Péitrussdall bis bei d‘Kapell. De Staatscheffe Professer Lucien König huet nom Krich 1939-1945 d’Kapell renovéiert an déi Haiser ofrappe gelooss. Bekannt och als Siggy vu Lëtzebuerg ass d‘Lidd mam Titel Sankt Greinslied zu Éieren vun der Kapell an dem hellege Quirinus vun him geschriwwe ginn.

Den hellege Quirinus war zënter dem 11. Joerhonnert de Patréiner vun der Festung, zanter 1455 och vun der Stad Lëtzebuerg. 1666 gouf en an där Funktioun vun de Jesuitten duerch d'Tréischterin am Leed ersat.

Um Fouss vun der Kapell ass de Quirinus-Bur oder Gräinsbur, vun deem sengem Waasser fréier gesot gouf et kéint bei Krankheeten déi vun Hautausschlag begleet sinn, gebraucht ginn. Kuerz no Ouschtere gouf op der klenger Plaz virun der Kapell an op der Ulrichstrooss ëmmer eng Gräinskiermes gehale wou de Gräinsbur nei geseent gouf - an ze iesse gouf et traditionell gereechert Kiermesham an de Gräinsflueden oder och Aerfliedche genannt. Eng al Seech erzielt och datt bei engem Krich d'Reliquie vun den Hellegen am Pëtz verstoppt goufen. Zënter hier soll d'Waasser netmei verdierflech gewiergt sinn.

Als éischt gouf d'Quell beim Alexander Wiltheim 1655 ernimmt. Bei enger chemescher Analys am Joer 1900 vum Charles Arendt gouf vum Chimiesprofesser E. d‘Huart festgestallt, datt d’Waasser rengt frëscht Quellewaasser wier.

Haut steet d’Gräinskapell an de Gräinsbur ënner UNESCO a nationalem Denkmalschutz.

(ENG further down)🇱🇺Hei gesidd der eng Zeechnung vum Nicolas Liez wouropp en gudd den zoustand vun der Kapell virun der ...
11/04/2024

(ENG further down)
🇱🇺Hei gesidd der eng Zeechnung vum Nicolas Liez wouropp en gudd den zoustand vun der Kapell virun der renovatioun vun 1884-1885 duerch den Staats Architect Charles Arendt erkenne kann. Den Tuerm ass nach mei kleng an huet e ronnen Dach, d' Fenster iwwert der Dier ass nach mei kleng, an den Ubau ass och nach ze erkennen. Ennert den Tuerm goufen Iwwerrechter vun engem aalen Fresco fonnt deen eng Kreizegungs szene gewissen huet. Op der Baussemauer wor och eng Gravur wou "Anno Domini 1355 ac Inzentiv sexto" stoung. Weder den Fresco nach d'Gravur goufen deemols renoveiert an sin dofir haut netmei ze erkennen.
D'Kreiz vum Deitschuerden gouf 1884 geopfert fir dei kleng Fenster iwwert der Dier, duerch zwou mei grousser ze ersetzen soudass elo deen iewechten Deel fehlt.

🇬🇧 On this picture realized by Nicolas Liez you can see the state of the chapel before the reonovation in 1884-1885 by the State architect Charles Arendt. Until 1884, the small tower was low and the roof rounded. Under the bell tower, traces of old fresco paintings with a crucifixion scene were still found. On the outer wall there was an engraved inscription: Anno Domini 1355 ac Inzentiv sexto. Neither the fresco painting nor the inscription have been renovated and are therefore unfortunately no longer recognisable. The cross of the Teutonic Order, which was above the entrance door, was sacrificed in 1884 when the small windows were rebuilt, and now the upper part of this cross is missing.
Picture Source:
Voyage pittoresque à travers le Grand-Duché de Luxembourg. N. Reuter & Cie. ; V. Hoffmann, 1834, Luxembourg. [With drawings of Frantz Clément, Jean-Pierre Schmit & Jean-Baptiste Fresez]

07/04/2024

🇱🇺Fir haut sin mer färdeg an d‘Kapell ass rem presentabel.
Merci un all dei dei eis besicht hun an gehollef hun. Haut hun mer fill Knascht erausgeholl.
🇬🇧We are done for today and the chapel is presentable again. Thank you to all the helpers and visitors. Lots of trash has been removed today.

Fantastescht wieder fir d grouss Botz. Nach fill ze machen also packen mer et un 💪Bright sunshine for the cleaning.Still...
07/04/2024

Fantastescht wieder fir d grouss Botz. Nach fill ze machen also packen mer et un 💪
Bright sunshine for the cleaning.
Still much to do so let’s get to it 💪

07/04/2024

🇱🇺 Haut ab 1200 ass grouss Botz an der Kapell. Kommt bis laanescht moien soen oder eng hand upaaken.

🇬🇧 Today starting at 1200 we will be in the chapel for a spring cleaning.
Come over and say hello or lend a hand.

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Geschichtsfrënn St. Quirinus publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager