04/11/2025
De Xavier Bettel wëll juristesch géint eng Journalistin vum Online-Magazine Déi Aner virgoen.
D'Luxemburger Wort huet haut een Artikel publizéiert, an deem de Xavier Bettel erkläert, eng Plainte géint eng Journalistin areechen ze wëllen. Natierlech ass och d'Press u Gesetzer gebonnen. Bei dësem Fall ass awer offensichtlech, dass kee Verstouss virläit an eng Plainte keng Aussiicht op Erfolleg hätt. Deemno ass dat hei een Aschüchterungsversuch vun engem Regierungsmember vis-a-vis vun enger Journalistin.
Mee och d'Verhale vum Wort ass fragwürdeg. En plus geet et ëm eng Journalistin, déi nach bis viru Kuerzem fir Mediahuis, zu deenen och d'Wort gehéiert, geschriwwen huet.
Wat genee de Xavier Bettel un der Publikatioun vun der Journalistin vum Webmagazine Déi Aner stéiert, schreift d'Wort net. Géint wéi ee Gesetz verstouss gi wier gëtt och net ugeschwat. Dass hei géint e klengt, onofhängegt Medium, dat op Benevolat-Basis publizéiert, virgaange gëtt, ass och net Thema am Wort. Awer d'Wort suggeréiert a beschter Boomer-Manéier an en ligne mat de binäre Geschlechtsvirstellunge vun der transphober Wort-Chefredactrice, dass d'Verbriechen eng Bildmontage gewiescht si kéint an eng Bildënnerschëft ënnert dem Artikel.
D'Wort beschreift dat esou: "Bettel trägt auf der Foto- montage Eyeliner, und seine Lippen wurden durch volle, weiblich wirkende Lippen ersetzt. Dadurch wird der Minister als Frau dargestellt".
Eréischt méi spéit erwäänt d'Wort, dass d'Bildënnerschrëft eigentlech en Zitat aus dem Kult-Film "Mean Girls" (2004) ass an dass d'yassified Bild vum Ausseminister eng relativ banal Kritik um "Pink Washing" vun Israel duerstellt.
Et ass eng Geschmacks-Fro zu där natierlech all Mënsch seng Meenung hu kann. Mee et ass mat Sécherheet kee Verbriechen. De Xavier Bettel, als Ex-Medieminister, weess genee wat hie mécht. Ganz am autoritären Zäitgeescht schüchtert hien seng Kritiker*innen an. Mee weess d'Wort, wat si hei maachen?
D'Wort publizéiert am Artikel de vollen Numm vun der Persoun, hir Foto a souguer d'Aarbechtsplaz, zesumme mam Verweis, dass dës Plaz staatlech finanzéiert wier. Dat ass praktesch eng Invitatioun, fir dass dëse Fall, dee kaum juristesch Suite kréie kann, awer seriö perséinlech Konsequenze fir d'Journalistin kritt.
D'Wort ass wuelgemierkt déi Zeitung, déi d'Nimm vum Ex-Direkter vum SOS Kannerduerf (Géint deen eng Plainte wéinst sexualiséiertem Iwwergrëff op eng 18-Järeg deposéiert gouf) an den Ex-Präsident vum Kasemattentheater (deen pädophille Strofdote zouginn huet) net publizéiert huet, a soss och bei all Artikel zu juristeschen Affären un d'Onscholdsvermuddung appelléiert.
Dëse Virfall geschitt zu engem Moment, wou an der Stad een neien "Sécherheets-Dispositiv" géint Demonstrant*inne getest gëtt, inklusiv pickegem Drot. E kënnt zu engem Moment, wou d'Medieministesch een neit Mediegesetz deposéiert, dat d'Méiglechkeet schafe soll géint "subversiv" Zilsetzunge vun Artikelen a Social Media Posts virzegoen.
A virun allem kënnt dësen Aschüchterungs- versuch zu engem Moment, an deem grad och den Ausseminister Xavier Bettel zum Business as usual a Palestina iwwergoe wëll, an all Kritik un Israel an der Lëtzebuerger Aussepolitik als geschäftsschiedegend empfënnt.
Eppes méi wéi 25 Länner, dorënner Irland, Slowenien a Spuenien, ënnerstëtzen d'Plainte vu Süd-Afrika um Internationale Geriichtshaff géint dee vum israeelesche Staat ausgeüübte Genozid am Gaza. Lëtzebuerg stécht bis elo just duerch Ofwaarden a Relativéieren ervir. Am Wort-Artikel haut gëtt den Ausseminister mat de Wierder zitéiert „Alles hat seine Grenzen“ an „Ich verstehe nicht, wie sich ein Mensch so radikalisieren kann“. Dem Xavier Bettel ass awer weiderhin net wéinst dem Virgoe vun der israeelescher Regierung an hirem radikaliséierte Premier Netanjahu "der Kragen geplatzt". Hien huet sech och net zu deenen iwwer 230 Doudesaffer am Gaza zanter der Wafferou, dorënner iwwer 40 Kanner, zu Wuert gemellt. Nee, de Xavier Bettel geet géint ee kriteschen Artikel vun enger Journalistin vir.