04/12/2025
Jiddereen, deen als Indépendant.e regelméisseg Déngschtleeschtungen ubidd (SchauspillerInnen, DänzerInnen, SängerInnen, BühnebilnerInnen etc...) muss eng TVA Nummer hun. Et huet een awer d'Optioun, fir eng Franchise unzefroen, wann ee manner wéi 50.000€ d'Joër verdingt. Da muss ee keng TVA facturéieren an et muss een och jhust eng vereinfacht TVA Déclaratioun maachen. Wann een déi ufreet, kann een awer och kee Material ofrechnen. Wann een also fir säi Beruff vill Material muss kafen, rentéiert et sech heiansdo fir keng Franchise unzefroen an einfach eng normal Steiererklärung ze maachen.