ACEN Enseignement musical

ACEN Enseignement musical Mir setzen eis fir d'Rechter vun de Museksenseignanten an. Nëmmen zesumme si mir staark.

14/05/2024
GENERALVERSAMMLUNG • 15. MÄERZ 19H30Léif Kolleeginnen a Kolleegen, de 15. Mäerz huet d'ACEN hir 10. Generalversammlung, ...
05/03/2024

GENERALVERSAMMLUNG • 15. MÄERZ 19H30
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, de 15. Mäerz huet d'ACEN hir 10. Generalversammlung, an dat um 19h30 am Lycée Technique du Centre.

No der vollwäerteger Diplomunerkennung am Enseignement musical an dem Reklassement vun alle Museksenseignanten sti weider Erausfuerderungen um Programm.
Dofir kommt zu vill a lauschtert Iech un wéi mir d'Situatioun am Enseignement musical weider verbessere wëllen.

Vu Chargéë fir Chargéen, an net iwwert de Kapp vun de Betraffenen ewech, suergt d’ACEN dofir, datt d’Chargéë selwer op den néidege Plazen zu Wuert kommen. Esou huet d’ACEN schonn 2015 eng Reduktioun vun der Tâche vun de Chargéë mam Educatiounsminister ausgehandelt, a konnt 2018 och en...

SCHÉI FEIERDEEGNo engem turbulenten éischten Trimester am Enseignement musical gëtt et Zäit fir e bëssen zur Rou ze komm...
22/12/2023

SCHÉI FEIERDEEG
No engem turbulenten éischten Trimester am Enseignement musical gëtt et Zäit fir e bëssen zur Rou ze kommen an nees Energie ze tanken.
Mir wënschen Iech alleguer ganz schéi Feierdeeg, eng gutt Gesondheet a mir sinn am neie Joer nees fir Iech do.

RECLASSEMENT • WORKSHOPPünktlech fir d'Rentrée ass d'ACEN nees fir den Enseignement musical um Dill. Mir soen dem Minist...
12/09/2023

RECLASSEMENT • WORKSHOP
Pünktlech fir d'Rentrée ass d'ACEN nees fir den Enseignement musical um Dill. Mir soen dem Ministère de l'Intérieur villmools Merci, datt mir haut um Workshop fir de Reclassement vun de Musek's Enseignante konnten deelhuelen.
Mir kruten déi ganz Prozedur nach eng Kéier am Detail presentéiert a konnte Froen zu spezifësche Fäll klären.



GESETZ GESTËMMT!!!It's done! D'ACEN war haut Live an der Chamber mat derbäi wéi d'Gesetz iwwer d'Gehälterreform am Ensei...
20/07/2023

GESETZ GESTËMMT!!!
It's done! D'ACEN war haut Live an der Chamber mat derbäi wéi d'Gesetz iwwer d'Gehälterreform am Enseignement musical à l'unanimité ugeholl ginn ass.

Op der leschter Ligne droite gouf all Ustrengung ënnerholl dëst Gesetz nach virun der Summerpaus duerch d'Chamber ze bréngen. Et gouf mat Héichdrock dru geschafft d'Texter esou schnell wéi méiglech z'adaptéieren an ze preparéieren a mir soen deenen zoustännege Ministeren Taina Bofferding a Claude Meisch, dem Commissaire Gilles Lacour an de Beamte vum Ministère de l'Intérieur a vum Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse villmools Merci fir hiren Asaz an déi gutt Zesummenaarbecht iwwer déi lescht Joren.

Mat dësem Gesetz, fir dat d'ACEN sech déi lescht knapp 4 Joer onermiddlech agesat huet, kënnt et endlech zu enger vollwäerteger Diplomunerkennung a wuel verdéngter Valoriséierung vun alle Musek's Enseignanten.

Mir soen allen eise Memberen e ganz grousse Merci fir hiert Vertrauen während all där Zäit a wënschen allen Enseignanten eng schéin an erhuelsam Vakanz.

Nëmmen zesumme si mir staark.





📷 by Max Staus

GEHÄLTERREFORM • CHAMBERDen 20. Juli steet de Projet de loi vun der Gehälterreform am Enseignement musical um Ordre du j...
12/07/2023

GEHÄLTERREFORM • CHAMBER
Den 20. Juli steet de Projet de loi vun der Gehälterreform am Enseignement musical um Ordre du jour vun der Chamber fir gestëmmt ze ginn.

Et ass alles prett fir déi lescht Ligne droite.

https://www.chd.lu/fr/seance/2890



AVIS • STAATSROTDe Staatsrot huet säin Avis zum Projet de loi vun der Gehälterreform am Enseignement musical ofginn.Elo ...
04/07/2023

AVIS • STAATSROT
De Staatsrot huet säin Avis zum Projet de loi vun der Gehälterreform am Enseignement musical ofginn.
Elo ass et un deenen zoustännege Gremien den Text esou séier wéi méiglech z'adaptéieren, datt d'Gesetz nach virun der Summerpaus ka gestëmmt ginn.

Domat géife weider Falschastellungen am September verhënnert ginn an d'Musek's Enseignante kriten endlech déi Valorisatioun déi hinnen zousteet an op déi se schonn esou laang waarden.

https://conseil-etat.public.lu/fr/avis/2023/juillet2023/04072023/61143.html



INFO • PROJET DE LOI 8063En Dënschdeg steet de Projet de Loi vun der Gehälterreform am Enseignement musical um Ordre du ...
30/06/2023

INFO • PROJET DE LOI 8063
En Dënschdeg steet de Projet de Loi vun der Gehälterreform am Enseignement musical um Ordre du jour vum Staatsrot.

https://conseil-etat.public.lu/dam-assets/fr/ordre-jour/2023/ordre-du-jour-2023-07-04-internet.pdf



Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque ACEN Enseignement musical publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à ACEN Enseignement musical:

Raccourcis

Partager