Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren hiren Engagement an der Entwécklungszesummenaarbecht an Afrika ze ënnerstëtzen.

D’Associatioun « Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.» huet zum Zil, déi 7 regional an onofhängeg Gruppen (LLJ Cliärref, LLJ Dikrich, LLJ Furen, LLJ Maacher, LLJ Süden, LLJ Uewersauer, LLJ Zenter) ze regruppéieren an ze begleeden, déi hirersäits festgehalen hunn, fir déi Jonk aus dem ländleche Raum ze encadréieren an hir perséinlech Kapassitéiten op professionellem, sozialem a kulturellem Plang ze fërderen, resp. L’objet de l’association « Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.» est de regrouper les 7 groupes régionaux - notamment LLJ Cliärref, LLJ Dikrich, LLJ Furen, LLJ Maacher, LLJ Süden, LLJ Uewersauer et LLJ Zenter - poursuivant le même objet, qui est d’encadrer des jeunes du milieu rural dans le but de développer leurs capacités personnelles sur le plan professionnel, social et culturel et de favoriser leur engagement dans le domaine de l’action humanitaire et de la coopération au développement.

05/10/2026

✨📸Fotosconcours 2.0✨
Eise Kalenner geet an déi zweet Ronn. An well dat leschte Kéier sou gutt geklappt huet, wende mir eis nach eng Kéier un Iech 🫵
Iwwert d'ganzt Joer stinn an der Landwirtschaft déi verschidden Aarbechten souwuel um Feld wéi och am Stall un.🧑‍🌾🚜🐄
Hei siche mir nach eng Kéier déi schéinste Fotoen.📸
D'Aarbecht um Feld 🚜, de Wuesstum vun deenen verschiddene Kulturen🌾🌽, Geméis an Uebst🍓🍎🍅🥕, är Déieren am Stall oder dobaussen🐄🐑🐖🐐, egal, haaptsaach d'Foto huet eppes mat der Landwirtschaft ze dinn, a weist eis wat alles sou iwwert d'ganz Joer an der Landwirtschaft geschitt ass. ✨
Post eis är Foto bis den 8ten Oktober hei drënner oder schéckt eis se per Mail op [email protected] eran. ✨📱 Déi 12 beschte Fotoe* kommen dann an eise Kalenner a ginn duercht d'Land an de Klassen an op de Foire verdeelt.🎊🤩
Also ob wat waart dir nach, fläisseg posten!!! 🍀
*Beim Eraschécken vun ären Fotoen erklär dir Iech averstanen domadden, das Fro de Bauer d'Foto fir hiren Drock vun Material notze kann, an och op de soziale Medie publizéieren däerf.

05/10/2026
Mir ginn an eis wuelverdéngte Summercongé 🌻Ab dem 31. August ass eise Büro nees normal besat a mir sinn nees mat vollem ...
16/08/2026

Mir ginn an eis wuelverdéngte Summercongé 🌻

Ab dem 31. August ass eise Büro nees normal besat a mir sinn nees mat vollem Elan do!
An dréngende Fäll schreift eis ee Mail op [email protected], mir mëllen eis sou séier wéi et geet zeréck.

De 15. November ass et nees souwäit 👩‍🌾🧑‍🌾👉eise Jongbauerendag👈Mierkt Iech dësen Datum scho mol vir!
28/07/2026

De 15. November ass et nees souwäit 👩‍🌾🧑‍🌾

👉eise Jongbauerendag👈

Mierkt Iech dësen Datum scho mol vir!

13/07/2026
Eis Ekipp vu Fro de Bauer sicht Verstäerkung!Du bass motivéiert, kreativ, schaffs gäre mat Kanner a begeeschters dech fi...
10/07/2026

Eis Ekipp vu Fro de Bauer sicht Verstäerkung!

Du bass motivéiert, kreativ, schaffs gäre mat Kanner a begeeschters dech fir d’Landwirtschaft?🌾

Da siche mir genau dech! Schéck eis deng Kandidatur bis den 3. August 2026. Mir freeën eis, dech kennen ze léieren!

Weider Detailer an der Annonce

Wat e Weekend! 🎉Hei fannt dir d'Fotoen, déi mir dëse Weekend geschoss hunn. Vläicht ass jo och eng vun Iech dobäi! 📸E gr...
07/07/2026

Wat e Weekend! 🎉

Hei fannt dir d'Fotoen, déi mir dëse Weekend geschoss hunn. Vläicht ass jo och eng vun Iech dobäi! 📸

E grousse Merci un all déi, déi dëse Weekend mat ugepaakt hunn, an och un all déi, déi eis besiche komm sinn. Ouni iech wier esou en erfollegräiche Weekend net méiglech gewiescht! ❤️

Merci!

Dir fannt eis de Weekend op der Foire Agricole um Stand B.28!Hei ass och eisen Acceuil fir d‘Kanneratelieren!Bis geschwë...
03/07/2026

Dir fannt eis de Weekend op der Foire Agricole um Stand B.28!

Hei ass och eisen Acceuil fir d‘Kanneratelieren!
Bis geschwënn!🥳🥳

Dir hutt e Stand op der Foire Agricole?Dir wëllt gär e klenge Maufel iessen?Da kënnt Dir vun eisem Liwwerservice profité...
30/06/2026

Dir hutt e Stand op der Foire Agricole?

Dir wëllt gär e klenge Maufel iessen?

Da kënnt Dir vun eisem Liwwerservice profitéieren!

Weider Informatiounen op der Foto!

Wat steet dëst Joer op eiser Bün um Programm? 👀Hei fannt dir en Iwwerbléck iwwer déi verschidden Animatiounen a Concerte...
29/06/2026

Wat steet dëst Joer op eiser Bün um Programm? 👀
Hei fannt dir en Iwwerbléck iwwer déi verschidden Animatiounen a Concerten, déi iech de ganze Weekend iwwer erwaarden! 🎶

Kommt laanscht, genéisst déi flott Ambiance a verbréngt e schéine Moment op der Foire Agricole!

Mir gesinn eis den 3.–5. Juli zu Ettelbréck um Stand B.28! 🌾💚

Adresse

5, Avenue Marie-Thérèse
Luxembourg
2132

Heures d'ouverture

Lundi 07:00 - 12:00
13:00 - 16:00
Mardi 07:00 - 12:00
13:00 - 16:00
Mercredi 07:00 - 12:00
13:00 - 16:00
Jeudi 07:00 - 12:00
13:00 - 16:00
Vendredi 07:00 - 12:00
13:00 - 16:00

Téléphone

0035244743252

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren:

Partager