31/05/2026
MERCI fir 5 Joer
THANK YOU for 5 years
Ech, Martine Pinnel, Grënnerin, Presidentin a Fotografin vun der Stärekanner ASBL, wollt bei Geleeënheet vun eise 5 Joer Stärekanner ville Leit e grousse MERCI soen.
I, Martine Pinnel, Founder, President and Photographer, of the Stärekanner ASBL, wanted to take the opportunity for these years of existence Stärekanner, to say a big THANK YOU to many people.
Un eis Stärenelteren:
E Merci geet un all Stärekannerelteren, dass Dir eis an engem immens schwéieren an intime Moment an Äert Liewe gelooss an eis Äert Vertraue geschenkt hutt. Merci, dass mir Är Kanner duerfte kenneléieren, Erënnerunge vun hinne konnte schafen an en Deel vun hirer Geschicht gi sinn.
To our Starparents:
A Thank You goes out to all bereaved parents, for having welcomed us into your life in a very difficult and intimate moment, and for giving us their trust. Thank you for allowing us to meet your children, create memories of them, and becoming a part of their story.
U meng Elteren:
E Merci vu ganzem Häerz, dass Dir dës Associatioun zesumme mat mir gegrënnt hutt an dass Dir ëmmer u menger Säit waart a weider sidd. Duerch Äert Engagement, Är Iwwerzeegung an Ären Asaz dëser Missioun géigeniwwer, konnte mer bis elo all Erausfuerderung meeschteren. Meng Dankbarkeet fir Är Ënnerstëzung ass a Wierder net zesummenzefaassen.
To My Parents:
A thank you from the bottom of my heart for having founded this association together and having always been by my side and continuing to stand by me. Your commitment, belief and dedication towards this mission, have carried us through every challenge. My gratitude for your support cannot be put into words.
Un d’Bianca an d’Laetitia:
E grousse Merci, dass Dir eisem Comité bäigetruede sidd an domadder d’Zuel vun de Comitésmembere vun 3 op 5 gehuewen hutt. Merci, dass Der Är Energie an dës wichteg Aarbecht stiecht.
To Bianca and Laetitia:
Big thanks for joining our committee, growing it from 3 to 5 members, and pouring your energy into all the vital work that keeps us moving forward.
Un d’Bianca an den Eric:
E besonnesche Merci un Iech, fir mat mir zesummen ze schaffen a Fotoe vun eise Stärekanner an de Klinicken ze maachen. Ze wëssen, dass ech op Är Hëllef bei eiser Missioun ziele kann, hëlleft mir immens. Merci fir Är super Aarbecht.
To Bianca and Eric:
A special thank you to Bianca and Eric for working alongside of me and taking photographs of our babies. Knowing that I can count on your help with our mission has helped me immensly. Thank you for your great work.
Un eis Benevollen:
E rise Merci fir Äert konstant Engagement. Dir maacht et méiglech, mat Ären eenzegaartege Kontributiounen, Elteren an hirer Trauer ze ënnerstëtzen.
To our Volunteers:
A huge thank you for your constant dedication. You make it possible to support grieving parents with your one of a kind contribution, every single day.
Un d’Maggy Fischbach-Hengel:
Merci fir däin Engagement, dat s de vun Ufank u gewisen hues, fir all eise Stärekanner hir Souvenirskëschte mat vill Léift ze dekoréieren an domat all Këscht eenzegaarteg ze maachen.
To Maggy-Fischbach-Hengel:
A huge thanks for your dedication from the beginning on, to not only lovingly decorate all of our Star Children’s memory boxes, but also make each and every one unique.
Un eis Partner:
Mir schätzen d’Zesummenaarbecht mat Iech iwwert déi lescht Joren immens an hoffen op eng weider wäertvoll Partnerschaft fir d‘Zukunft.
To our Partners:
We have deep gratitude for collaborating with us over the past years and hope for a further valuable partnership in the future.
Un eis Donateuren a Memberen:
Merci fir all Är generéis Donen a Memberschaften. Är Kontributiounen an Äert Matgefill finanzéieren eis Aarbecht an haten déi lescht Joren en direkten Impakt op all Famillen, deene mir bäistoungen.
To our Donors and Members:
Thank you all for your generous donations and memberships. Your contributions fund our work and turn compassion into action and have had a direct impact on all families we have assisted in these past years.
Iwwert déi lescht 5 Joer war Är onermiddlech Ënnerstëtzung den Häerzschlag vun eiser Associatioun „Stärekanner“.
Over the past 5 years, your unwavering support has been the heartbeat of our association „Stärekanner“.