06/10/2026
Haut ware mer bei allerschéinstem Hierschtwieder op Gréivemacher bei d'Schleisen.
Mir hunn dat ganzt Fonctionnement vu baussen a bannen erkläert kritt, extra fir eis gouf d'Schleis vun 172 m voll lafe gelooss, mir hunn och déi vun 18 m fir d'Sportsbooter gesinn an déi fir d'Kanu'e gouf a Betrib geholl.
D'Schleis vu Gréivemacher ass eng vun deenen 2, op lëtzebuergeschem
Terrain, an eng vun deenen 28 tëscht Koblenz an Neufmaison a Frankräich.
Du si mer d'Trapen erofgaangen bis op deen déifste Punkt a
Lëtzebuerg, ënnert der Musel, mir stoungen tëscht deenen 2 Wierker, déi nieft der Schleis sinn.
Dono si mer erop an d'Schaltzentral gaange, wou mer vun uewen live an op de Kamera'en beobachte konnten, wéi ee schwäizer Passagéierschëff mat 154 Leit vum Uewerwaasser an d'Schleis eragefuer koum an dono an d'Ënnerwaasser fortgefuer ass. Eisem super Guide dem Mike soe mir villmools Merci fir déi vill, interessant Erklärungen, hien huet dat immens gemaach.