Dréchemaueren Lëtzebuerg

Dréchemaueren Lëtzebuerg Des Säit ass do fir sech iwwert Dréchemaueren zu Lëtzebuerg auszetauschen. Weist eis är Mauer :)

Früh übt sich 😊👌
04/06/2026

Früh übt sich 😊👌

😊
24/05/2026

😊

Romantesch Vue op d'Ruin vun der Buerg Branebuerg.

D'Buerg ass am 9. oder 10. Joerhonnert, d.h. zur Karolingerzäit gebaut ginn. Déi éischt mëttelalterlech Buerg war aus Holz an ass eréischt méi spéit, ëm 1250 aus Steen gebaut ginn.
Ruinéiert gouf se vun den Truppe vum Louis XIV, déi d'Buerg an e Koup geschoss hunn.
Aus der Buerg ass och eng eegen Adels-Dynastie ervirgaangen, déi allerdéngs am 17. Joerhonnert ausgestuerwen ass. Den éischten ernimmten Här vu Branebuerg war e gewëssene Godfried am Joer 1244. Zanter dass d'Adelsgeschlecht erläscht ass, gehéiert d'Buerg de Famillen Haraucourt, Salm, Kitzingen, Stassin, Blochausen a mëttlerweil der Famill du Fays-van Delft déi d'Ruin un de Staat verpachten.
Ongeféier zanter 2000 gëtt d'Buergruin archeologesch ënnersicht, geséchert a renovéiert. Branebuerg ass net manner spektakulär wéi déi méi bekannte Buergen Veianen oder Buerschent. Eng Visitt ass absolut derwäert.

12/05/2026

E klengen Tour an de Mëllerdall, mat senge fantasievollen Nimm: dës Kéier de Werschrumschlüff, eng impressionant Fielsspléck am Lëtzebuerger Sandsteen.

03/05/2026

1932 Orbis Terrarum Luxembourg Seite 021 éditions Atlantis Berlin-Zürich

20/04/2026

⚒️⚒️⚒️🦎🦎🦎

Iwwerall ginn Dréchemaueren restauréiert a gebaut! Mir frëen eis :)
14/04/2026

Iwwerall ginn Dréchemaueren restauréiert a gebaut! Mir frëen eis :)

In der Weinlage Ahner Palmberg entsteht in unzähligen Stunden Handarbeit die größte neue Trockenmauer an der Mosel. Sie soll die Jahrhunderte überdauern. ⬇️

🔗: https://www.wort.lu/luxemburg/osten/groesste-neue-trockenmauer-an-der-mosel-entsteht-wird-hoffentlich-1.000-jahre-halten/145726897.html?utm_content=Article&utm_term=Luxemburger%20Wort&utm_medium=Social&utm_campaign=Seeding&utm_source=Facebook =1776168680

Den Heischtergronn mat sengen schéinen Dréchemaueren ❤️
18/03/2026

Den Heischtergronn mat sengen schéinen Dréchemaueren ❤️

Hei ass se dann, déi richteg Postkaart mam richtegen Text, déi virun e puer Deeg schonn eng Kéier iertemlecherweis gepost gouf, wéi verschidden opmierksam Frëndinnen a Frënn vun eng Postkaart den Dag gemierkt haten. Merci fir d'Informatioun :-)

Flott al Opnam aus dem Heischtergronn, deemools nach ouni de Camping, deen haut nach besteet.
Engersäits gesäit een op der Postkaart d'Kapell vun der Hl. Kunigunde. Déi aachteckeg Kapell ass an de Joren 1848-1852 gebaut ginn. Virun 80 Joer, an der Ardenneschluecht 1944/45 gouf d'Kapell staark beschiedegt. 1949 gouf se erëm zum Deel restauréiert a réischt 1991 no der Klassifizéierung als Monument national gouf eng ganz Restauratioun duerchgefouert.

Et erkennt een, dass verschidden Haiser nach e Stréidaach hunn. Dobäi ware Stréidiech an Diech mat Holzschëndelen zanter 1845, mat enger Iwwergangszäit vu 15 Joer, d.h. ab 1860 verbueden, wéinst der Feiergefor. Bei landwirtschaftleche Gebaier waren och Ausname virgesinn. Et ginn och eng jett Temoignagen, dass et virun allem an de méi aarme, ländleche Regiounen zu Protester géint dëst Gesetz koum, well d'Leit sech einfach kee neien Daach leeschte konnten oder wollten. Op ale Postkaarten erkennt een dann och dacks, dass et ëm d'Joerhonnertwenn nach ëmmer Stréidiech gouf - eng Form vun zivillem Widderstand géint "déi aus der Stad"? :-)

Riets ënnerhalb vun der Kapell steet d'Heischenter (Heischter, Heischder) Millen. Eng éischt Erwänung vun der Millen fanne mir am Joer 1591. D'Gebaier vun der Millen stamen aus dem 18. Joerhonnert, wéi e Steen an der Stuff eis duerch d'Joreszuel 1750 verréit, iwwer der Hausdier fanne mir d'Joreszuel 1814, warscheinlech e Renovatiounsdatum. Op der Millen ass net nëmme Kar gemuel, mä och Holz geseet ginn. Et geet och riets vun enger Pabeiermillen.
Säit 1950 gëtt kee Kar méi gemuel, et gouf awer eng Turbinn installéiert fir Elektresch ze produzéieren. Op der Millen liewen anscheinend och e puer Wiichtelcher, déi hire Wee an de Lëtzebuerger Seecheschatz fonnt hunn.
http://www.zeno.org/nid/20007862016

🦎🫶🦎
28/02/2026

🦎🫶🦎

24/02/2026

Moien, mir brauchen nees är Hëllef., Fir Dréchemauerformatiounen dest Joer siche mir nach Steng.
Gesicht gett am Raum Suessem, Stad, Ettelbreck, Tandel, Wanseler an op der Musel.
Rappt dir en alt Haus oof an hudd Steng zevill?
Dann mellt Iech w.e.g bei eis ⚒️🤗⚒️

E puer Fotoen aus dem Dréchemauer Showroom zu Remerschen. Emmer rem flott ze gesinn wat een aus puer Steng baue kann! ⚒️...
20/02/2026

E puer Fotoen aus dem Dréchemauer Showroom zu Remerschen. Emmer rem flott ze gesinn wat een aus puer Steng baue kann! ⚒️🦎⚒️

Adresse

Lintgen

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Dréchemaueren Lëtzebuerg publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager