Wonschkutsch asbl

Wonschkutsch asbl asbl fir den Transport vun kranken Leit mat liewenslimitéierter Erwaardung en Wonsch ze erfëllen a fir den Transport an medezinesch Betreiung ze suergen.

Endlich ass en do🙏...de Video vum Motorstour🏍🏍 zu Heischend.Dir fand en lo ënnert dësem Link op youtube.Et war dem Jos s...
11/10/2026

Endlich ass en do🙏...
de Video vum Motorstour🏍🏍 zu Heischend.
Dir fand en lo ënnert dësem Link op youtube.

Et war dem Jos sein grousse ❤️enswonsch deen an erfëllung gang ass😍❤️

https://youtu.be/Pl1dfa35HzE?si=2SMLUvvkIOValwgj

Mir wënschen eech vill Spaass beim kucken.
All deenen Lait, déi eis matgehollef hun, beim plangen an deen Dag selwer, dass et soueen schéinen Dag fir de Jos gouf, een riisengrousse Merci🙏💚❤️








Enjoy the videos and music you love, upload original content, and share it all with friends, family, and the world on YouTube.

Mir sen frouh, haut zu Bartrëng op der "Foire Senior" am Centre Attert duerfen derbäi ze sen.
10/10/2026

Mir sen frouh, haut zu Bartrëng op der "Foire Senior" am Centre Attert duerfen derbäi ze sen.

Wann vun engem "Muselaner" mat Wënzerblut an pensionéierten Stammdëschler een ❤️enswonsch un eis rugedroen ged, ass et s...
08/10/2026

Wann vun engem "Muselaner" mat Wënzerblut an pensionéierten Stammdëschler een ❤️enswonsch un eis rugedroen ged, ass et selbstverständlich, dass deen Wonsch an Erfëllung geed🙏😍❤️.

Den Här G., deen wéinst enger schlëmmer Erkrankung 7 Méint!!! an enger Klinik war, an lo seid kuerzer Zäit am Omega 90 ass, haat den Wonsch endlich mol rëm een Tour lanst Musel an sein Heemechtsduerf ze man, an op den Stammdësch ze goen.
Heen wollt och nach heem, op Contz les Bains, wou sie säid Joeren wunnen, fir déi nai Kichen ze gesin, déi seng Fra sech rausgesicht haat.

Virun knapp enger Woch war et souwäit...dem Här G. seng Wönsch sen erfëllt gin.

Eis Wonscherfëller, Gitta an Léa, hun eise Fuergaast, wéi ofgemach no der Mëttesrascht, ofgeholl zu Hamm.
Gut gerascht an voll Virfreed, war den Här G. prett fir op den Tour mat den 2 Dammen.

Remich, Schengen, Bech Klengmacher...an iwerall hott eise Fuergaast hinnen gewisen an erklärt, waat, wou fir heen wichtig war.
Dono ass et kuerz iwert Grenz op "Contz les Bains" gang. Endlich konnt heen hier nai Kichen bewonneren. An den Här G. war ganz zefriden mam Choix vun senger Fra.😍
Hier Haushaltshëllef war deen Dag och do, an hot sech mega gefreed den ,,Chef,, erëm ze gesin.
Bei enger Taass Kaffi fir, sech bessi ze raschten an ze poteren, sen och nach d'Katzen ,,moien,, soen komm🐈🐈‍⬛.
Den Här G. hot sech och net verknäife kënnen an hot eise Kutscher déi Platz gewisen, déi just uewen bei sengem Haus ass, wou een eng herrlich Vue op d'Musel hot.😍

Et ass op halwer 5 zougang an den Här haat jo nach eng lest étappe fir deen Mëttig virun sech.....Stammdësch an der Cave du Sud.
Hei hun d'Kollegen, vun dëser an der anerer Säit vun der Musel, sech ëmmer getraff.🥂🍷
De Bruder vun eisem Fuergaast woust Bescheed, dass heen haut géif passéieren, an hot mat enger Iwerraschung gewart 🤓.

Hei elei...kuck elei😁... do waren jo och seng Kollegen mam Bruder matkommen. Waat eng Freed an waat eng Begréissung☺️🫂🥰.

D'Léa an d'Gitta hun sech verkrümmelt an hun déi Hären ënnert sech gelos... et war jo schliisslich ,,hieren Stammdësch,,😍🙏.
Eis Kutscher hun déi lest Sonnestrahlen op der Terasse genoss.

Leider...déi schéin Zäiten gin ëmmer séier eriwer😟, den Här G. ass och midd gin, an heen hot gefrod fir zréck ze fueren. 🚙

Zu Hamm ukomm ass et schnurstracks an d'Zëmmer gang wou eisem Fuergaast sein Bett op heen gewart hot.☺️

Gléckséilig an mat liichtenden Aen hot den Här G. den Dammen ,,Äddi,, gesod an ass séier ënnert Decken gekroch.😍🛌

*ÄDDI* Här G. mir wënschen Eech, an Ärem Fils, vill Kraft an Courage fir Är Zukunft.🙏🍀💪❤️💚

Merci 🙏un all déi fein an léif Fleegepersounen, Dokteren, an Direktioun vun Omega90, fir déi gut Zesummenarbicht🙏❤️💚

🍀💚🍀💚🍀💚





Virun 50 Joer ass der Mme B. hiere Jong op d'Welt komm, an dësen Dag wollt sie, no 50 Joer, rem mat him zesummen sin an ...
07/10/2026

Virun 50 Joer ass der Mme B. hiere Jong op d'Welt komm, an dësen Dag wollt sie, no 50 Joer, rem mat him zesummen sin an feieren.
Am ganz klenge Krees....just mat him an een Restaurant eppes essen goen. 🍽️🎂🥂🍾

Daat war den ❤️enswonsch lest Woch vun eisem Fuergaast.

Leider ass daat net sou einfach ze realiséieren fir d'Mme B.
Seid enger Zäit ass sie an der Staad an der Klinik wéinst enger uerger Krankheet, an ass op Hëllef ugewisen.

An der Mme hierem Sënn hot de Patrick, een Infirmier vun der Statioun, sech drëms gekëmmert an de Wonsch un eis weider gin.🙏

Wéi geplangt an ofgemach, ëm 11.30 sur place, waren eis Kutscher Jeanne an Fränz, awer well ëm 11.15 an der Zithaklinik. Awer vun eisem Fuergaast keng Spuer op der Statioun🫣🧐.
Op Nofro bei enger Infirmière war awer séier kloer....,,d'Mme war well sou opgereecht an ongedëllig, sie wart well dobaussen op eech 2,, 😇☺️.
No bessi sichen, ass d'Mme B. an hieren Jong ugetraf gin🤗, an sie konnten sech op de Wee machen an de Restaurant.🚙
Et war der Mamm hiere Wonsch op den Cents bei den "Zeizius" essen ze goen an do Haam Fritten an Zalot z'essen. D'Mme "liebt" deen Menu an hot well lang drop geglëscht.😋😉

Awer och fir eise Fuergaast hot eng Iwerraschung gewart... eng gut befrënden Koppel hot d'Mme an hiere Jong beim Restaurant ëmpfang🥰🫶.
Waat eng Freed fir sie all. Et ass vill gepotert an erzeelt gin.🥳😄
Een Dessert an eng Taass Kaffi gehéiert derbäi no engem gudde Plat, an hot och misste sen🎂☕.

Awer daat kenne mir jo all🤷‍♀️😉...gut essen an babbelen mëcht midd🤔🤭, an besonnisch eise Fuergaast, war daat net méi gewinnt.
Géint 15.00 hun sie sech op den Rëckwee an d'Klinik gemach.🚙

D'Mme hot sech op eng Siesta an hierem Bett gefreed😴😌...
net ouni mat engem breeden Grinsen an liichtenden Aen eisen Kutscher en ❤️lichen Merci ze soen, fir déi schéin Stonnen🥰🫶.

,, Vun 💚en gär geschitt Mme B.
Mir wënschen Eech vill Kraft💪🙏 an Courage fir déi kommend Zäit🍀🍀"

De Mëttig vun 13.30-15.30 sen eis Memberen rëm fir Eech am CHL, an der Entrée. Wann Dir Froen hot zu engëm ❤️Wonsch oder...
05/10/2026

De Mëttig vun 13.30-15.30 sen eis Memberen rëm fir Eech am CHL, an der Entrée.
Wann Dir Froen hot zu engëm ❤️Wonsch oder selwer soueen Wonsch hot, dann sën sie do fir ze Äntwerten.💚



04/10/2026

Mir wënschen allen Pappen een frouen an gesonden Pappendag mat hieren Kanner.
Lost eech gut verwinnen an feiert dësen Dag 🤗😍🥂💚

Et ged dach näicht méi eppes schéines, wéi sengen léifsten eng Freed ze machen, an sech selwer domat een Wonsch ze erfël...
02/10/2026

Et ged dach näicht méi eppes schéines, wéi sengen léifsten eng Freed ze machen, an sech selwer domat een Wonsch ze erfëllen.❤️

Soueen groussen ❤️zenswonsch war et och vun enger Patientin aus der Zithaklinik aus der Staad.
D'Mme C., déi duerch hier schwéier Krankheet muss an der Klinik bleiwen, huet dësen Wonsch engem Infirmier vum Stack erzeelt. Den P. hot eis doropshin den Wonsch weider erzeelt.

"Action, Spass an vill Freed mat de Kanner an hierem Mann am Phantasialand", sou heescht de Wonsch vun eisem Fuergaast.🙏😍

Nodeems mir d'bekanntschaft mat der Mme opgeholl hun virun der Faart konnt et lass goen mam plangen.

Lëste Woch war et dann souwäit. Schon ëm 7.00 sollt den Départ an der Klinik sen.
Eis Kutscher, D'Jeanne an de Fränz, waren pünktlich um Treffpunkt.⏰
d'Mme C. an hier Kanner hun sech an eiser Kutsch, an hiere Mann mat sengem Auto, op de Wee a Richtung Brühl gemach.🎡🎢🎠

Bei guddem Weeder an wéinig Verkéier ass d'Rees zügig virun gang. Sou dass sie well mat Zäiten am Park ukomm sen.
Deem klengsten vun de Kanner ass et net séier genug gang😄🙃, an d'Opreegung war grouss bei deenen 2, fir endlich op d'8terbunn ze goen.🎢
Daat ,,Krappicht,, war ganz ongedëllig, ma och beim Jong war d'Opreegung grouss.
Eisen Kutscher sen d'"Dronkenellen" ausgang🤭...well sie Angst haaten, sie missten mat op déi "Bierg- an Dallfaart" goen🫣 . Daat steet jo guer net ob hierer ,,to do Lëst,,🫣🫪🤪.
Awer...Uffff...🙏 de Pap hott sech natiirlich direkt bereed erklärt😉, de Jong an d'Meedchen ze begleeden.🤗😍
(😉Glëck gehaat dir 2🤣🤣).

Esou goufen déi Spiller engt nom aneren duerchgeholl🙃😄. GsD. sen sie iwerall gut bäikommen, sou dass déi 3 nie lang hun misste warden fir den nächsten Tour.🎢

Déi ganz Freed an Spass vun der Famill hot sech och op d'Mme C. iwerdroen an hier Aen hun genau sou geglänzd, wéi déi vun hiere Kanner.😍
Et konnt een d'Freed an der Mamm hierem Gesiicht oflesen, dass sie dësen flotten Dag mat hierer Famill konnt erleewen an genéissen.😍❤️
Déi Zäit wou Pap an Kanner op ,,excursioun,, waren hot eise Fuergaast, an eis Kutscher, daat ganzt vun baussen mat ugekuckt, an haaten Zäit fir e bëssi ze quaselen.
Am Gespréich hot d'Mme verroden, dass sie nie een Fan vun 8terbunnen war. Awer sie wousst natiirlich, dass sie hiere Kanner eng Riisenfreed domat géif machen, an sie op hier Art a Weis vun dësem schéinen Dag, bei super Weeder, konnt profitéieren😍❤️.

Mat deem ganzen Spaass, an laafen vun engem Spill bei daat anert, hun sie souguer vergees och mol hierem Bauch eng Freed ze machen.🫣 Dofir ass et dunn eben méi spéit eppes fir d'Mëttigessen gin.😋🍶🧃

Zäit ass esou séier ëmgang an ëm 18.00 mëcht de Park seng Dieren zou ...🔑
waat heescht dass de klenge Grupp sech op de Wee bei den Auto🚙 musst machen.

Um Parking war et dunn un der Zäit fir Äddi ze soen.😢
D'Kanner sen mam Pap heem gefuer, well sie jo den aneren Dag rëm an d'Schoul musste goen.
Fir dësen "wichtigen" Dag mat der Mamm, hot d'Schoul d'Kanner fräigestallt.🙏💚
Een RIISEN MERCI dofir un d'Schouldirektioun an un d'Léierpersonal.🙏❤️💚
D'Mme C. ass rëm mat eise Kutscher zrëck an d'Klinik gefuer.🚙

Géint 20.30 sen sie rëm op der Statioun ukomm.

Midd, awer iwerglëcklich an mat Tréinen vu Freed an den Aen, hot eise Fuergaast ganz léif "Äddi" gesod, voller Dankbarkeet an Zefridenheet.😍❤️

*Un eise Fuergaast...🤗*
,,Weiderhin, Courage an Kraft fir d'Zukunft, Mme C. an fir Är häerzlich Famill,,.🍀💪😘

MERCI, fir Ärt Vertrauen🙏, an deen flotten Dag mat eech all🎢😍💚🫂

MERCI, un de Patrick an déi ganz Équipe vun der Palliativstatioun aus der Zithaklinik🫂😍❤️💚

💚🍀💚🍀💚🍀




Villmols Merci der Famillfirt Fotoen📸

Endlich, den Dag ass do🙏an een weideren,groussen ❤️zenswonsch ged erfëllt.😍Eigentlich sen et der 2, an daat war ganz gut...
29/09/2026

Endlich, den Dag ass do🙏an een weideren,groussen ❤️zenswonsch ged erfëllt.😍
Eigentlich sen et der 2, an daat war ganz gut mateneen ze kombinéieren.👏

Een jonken Här, deen duerch eng uerg Krankheet un d'Bett "gefesselt" ass, hot een ganz grousse Wonsch un eis erageschëckt🙏.

Eise Fuergaast ass passionéierten an intresséierten Sammler, iwert alles waat mam leste Weltkrich ze dinn hot. An dofir wollt heen een Musée an Holland besichen.

Sein 2ten Wonsch🙏, heen well awer och, mat sengem klenge Meedchen, eppes ganz spezielles erleewen😍❤️. (Dozou awer keen Komentar hei).

Den Här D. wunnt zanter etlicher Zäit zu Fréiseng am Schoumansbongert, wou heen, bedingt duerch seng uerg Krankheet gefleegd ged.

Zesummen mat Wonschstär an mat dem Fleegepersonal aus dem Haus, hun mir dësen Wonsch geplangt an ëmgesaad.💪

Den 18.September moies matzäit, hun eis Kutscher, Jeanne an Fränz sech op de Wee op Fréiseng gemach. Eise Fuergaast hot do voll Virfreed op sie gewart.🤗😍

Et war vill Gepäck anzepaaken, well sie all eng Nöcht an Holland bliwe sën.

Mat 2 Gefierer, eis grouss "Kutsch"🚐 wou den Här D. sougut et ged bequem installéiert gouf, an een Auto vun der "Fondation Kräizbierg" vollgepaakt, ass et endlich lass gang.
Eise Fuergaast, eng Begleedpersoun an eng Infirmière waren gespannt waat den Dag brënge sollt🤔☺️.

Zu Overloon ukomm, hot déi kleng Duechter, mat senger Mamma, schon op de Papa gewaart.🥰

Beim Musée ukomm, war et een ganz häerzlichen Ëmpfang fir den Här D. an seng Begleeder.❤️
Eis Kutscher hun sech zrëckgezun, well et sollt jo haaptsächlich een Pap-Meedchen-treffen sën.😍❤️

Dono hun sie sech op de Wee an hiert Hotel gemach, an eise Fuergaast konnt sech bessi raschten.

No engem gudden Owesessen, hot den Här D. an seng Begleeder sech opt Bett gefreed. Puuuh,daat war jo awer och een unsträngenden awer schéinen Dag fir sie all.💁‍♂️💁‍♀️💁‍♀️

Moies nom Kaffi war Heemwee um Program.
Dëse Wee war leider begleed vun vill Reen an stiermischem Wand, esou, dass sie all frouh waren rem zu Fréiseng unzekommen... no enger turbulenter Faart, déi de Fränz awer gut gemeestert hot.🙏💪

MERCI, Här D., fir ärt Vertrauen an datt mir Eech duerften kenneléieren❤️💚.
MERCI, Wonschstär fir déi gut Zesummenarbicht an är Ënnerstëtzung beim 2.ten Deel vum Wonsch❤️💚.
MERCI, dem Fleegepersonal vun "Domaine Schoumansbongert" fir all är Hëllef, beim plangen, ëmsetzen, an virun allem, begleeden vun eisem Fuergaast ❤️💚.

Nach vill schéin Momenter mat Ärem klenge Meedchen, an Courage fir déi kommend Zäit, Här D. 🙏🍀❤️💚

🍀💚🍀💚🍀💚





Dëst Joer ass den Galadinner, 1 Woch éischter wéi gewinnt.De 17.10. "A Mouschelt" zu Lëntgen.Aus deem Grond ass och den ...
29/09/2026

Dëst Joer ass den Galadinner, 1 Woch éischter wéi gewinnt.
De 17.10. "A Mouschelt" zu Lëntgen.

Aus deem Grond ass och den Umeldungsdatum virverrëckelt. Bis den
3.Oktober hut Dir nach Zäit, eng oder déi aner vun de lesten Platzen ze reservéieren.

Wann Dir derbäi wëllt sen, dann meld Eech nach séier un🙏.
D'Umeldungen gin nach bis den 3. Oktober ugeholl per...
1.) tel.: 621 733 677 ....oder....
2.)email: [email protected]

Sood eis bei der Umeldung fir wéieen Menu Dir Eech entscheed hot.
📍Net vergeessen!!!
Är Umeldung ass gesëchert mam Virement op
Lu83 0019 5155 5838 6000 mam Vermierk: GALA DINNER.

Mir freeën eis op Eech🤗 an op déi, déi schon ugemeld sen.🤗💚

💚💚💚

Mir freeën eis, haut, op der "foire du bénévolat", mat derbäi ze sen.💚🙏
26/09/2026

Mir freeën eis, haut, op der "foire du bénévolat", mat derbäi ze sen.💚🙏

Adresse

55, Rue Principale
Lintgen
7450

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Wonschkutsch asbl publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Wonschkutsch asbl:

Raccourcis

Partager