natur&ëmwelt

natur&ëmwelt 💚 zesumme fir d'natur - together for nature - ensemble pour la nature 💚🍃

08/10/2026

Hauwendaucher, Dommendéck oder Feldspatz: Wat mengs du?

👉 Kommentéier wéi eng Stëmm zu wéi engem Vull gehéiert!

🌳 Dir wëllt iech aktiv fir de Naturschutz asetzen? Dann maacht mat bei eise partizipative „Chantiers Nature“, déi an eis...
06/10/2026

🌳 Dir wëllt iech aktiv fir de Naturschutz asetzen?

Dann maacht mat bei eise partizipative „Chantiers Nature“, déi an eisen Naturschutzgebidder am ganze Land stattfannen! Den 10. Oktober stinn direkt dräi verschidden Aarbechten zesumme mat de jeeweilege Lokalsektiounen um Programm.

All weider Detailer an Evenementer fannt dir hei: https://www.naturemweltasbl.lu/de/chantiers-nature-2026-2027/

-----FR-----

🌳 Vous voulez agir en faveur de la protection de la nature ?

Rejoignez-nous pour nos chantiers participatifs dans nos réserves naturelles à travers le pays ! Le 10. octobre auront lieu trois activités avec les sections locales respectives.

Découvrez le programme complet ici: https://www.naturemweltasbl.lu/chantiers-nature-2026-2027/

Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun natur&ëmwelt Sektioun Stad Fondation Hëllef fir d'Natur Bettembourg

05/10/2026
🎣 Dem Hauwendaucher seng Ernärung besteet bal nëmmen aus Fësch. Heiansdo frësst heen nach aner kleng Déieren a ganz heia...
02/10/2026

🎣 Dem Hauwendaucher seng Ernärung besteet bal nëmmen aus Fësch. Heiansdo frësst heen nach aner kleng Déieren a ganz heiansdo och Planzen.

🤿 Fir säin Iessen ze fänken, muss heen tauchen, an doran ass heen och richteg gutt. Säin Nascht dreift op der Uewerfläch fir dass et sech upasst, wann de Waasserpeegel sech ännert.

❤️‍🔥 Wärend der Balz - quasi d'Kenneléierphas wärend der Paarungszäit - maache Männchen a Weibchen eng spektakulär Show. Zum Beispill de sougenannte Pinguindanz, bei deem déi 2 Vullen sou mat hire Féiss struewelen, dass si bal iwwert dem Waasser danzen.

👉 Wanns du wëlls, dass den Hauwendaucher Vull vum Joer 2027 gëtt, da stëmm lo fir hien of! (Link an de Kommentarer)

-----FR-----

🎣 Le Grèbe huppé se nourrit presque exclusivement de poissons. Il lui arrive parfois de manger d’autres petits animaux et, très rarement, des plantes.

🤿 Pour attraper sa proie, il doit plonger, ce qu’il fait avec beaucoup d’habileté. Son nid flotte à la surface, ce qui lui permet de s'adapter aux variations du niveau de l'eau.

❤️‍🔥 Pendant la parade nuptiale – la phase de découverte mutuelle de la saison des amours –, le mâle et la femelle offrent un spectacle grandiose. Par exemple, la fameuse « danse des manchots », au cours de laquelle les deux oiseaux remuent tellement les pattes qu’ils semblent presque danser sur l’eau.

👉 Si vous souhaitez que le Grèbe huppé soit élu « Oiseau de l'année 2027 », votez pour lui dès maintenant ! (lien dans les commentaires)❤️‍🔥❤️‍🔥

🌿 Formation Nature 2026–2027 Du wëlls d’Natur zu Lëtzebuerg besser kenne léieren, ekologesch Zesummenhäng verstoen an dä...
02/10/2026

🌿 Formation Nature 2026–2027

Du wëlls d’Natur zu Lëtzebuerg besser kenne léieren, ekologesch Zesummenhäng verstoen an däi Wëssen herno un anerer weiderginn? 🌱🦋

D’Formation Nature vun natur&ëmwelt verbënnt fundéiert Wësse mat prakteschen Excursiounen. Iwwert 6 Moduller beschäftegs du dech ënner anerem mat Flora & Fauna, Ekologie & Liewensraim, Biodiversitéit & Naturschutz, Geologie souwéi Naturvermëttlung.

📅 Start: 14. Oktober 2026
🕖 19:00–21:00 Auer
📍 Haus vun der Natur, Kockelscheuer
🗣️ LU, DE
✉️ Umeldung: [email protected]
💶 Präis: 400 € (Membere kréien 10 % Remise)

D’Formatioun besteet aus obligatoresche Basismoduller a fräi wielbare Walmoduller a kann innerhalb vun zwee Joer ofgeschloss ginn.

🎓 Nom erfollegräichen Ofschloss kriss du däin Zertifikat als Guide Nature.

🇱🇺 Bläi muss endlech verbuede ginn.An der EU riskéieren iwwer 1 Millioun Kanner, Bläi ausgesat ze sinn, an 135 Millioune...
01/10/2026

🇱🇺 Bläi muss endlech verbuede ginn.

An der EU riskéieren iwwer 1 Millioun Kanner, Bläi ausgesat ze sinn, an 135 Millioune Villercher riskéieren, sech domat ze vergëften.

De 25. Juni hunn d’Memberstaaten d’Propositioun vun der Europäescher Kommissioun ugeholl, fir d’Benotzung vu Bläi a Schrotmunitioun anzeschränken. Elo, an der leschter Iwwerpréiwungsphas am Europäesche Parlament, gouf eng Oppositioun géint dës Restriktioun agereecht.

Tilly Metz Martine Kemp, als stellvertriedend Member vum Ëmweltausschuss: Stitt fir d’Gesondheet an d’Natur an ënnerstëtzt keng Oppositioun géint dës Restriktioun.

🇬🇧 Lead needs to be banned once and for all.

Over 1 million children in the EU are at risk of lead exposure, and 135 million birds are at risk of poisoning.

On 25 June, Member States approved the Commission proposal to restrict the use of lead in gunshot. Now, during its final scrutiny stage in the European Parliament, an objection has been tabled against the restriction.

Martine Kemp, as a substitute member of the Environment Committee: Stand with health and nature and do not support objections to this restriction.

🍽️ Den Dommendéck muss all Dag säin eegent Kierpergewiicht un Narung iessen. Heen ass bal de ganzen Dag domat beschäfteg...
30/09/2026

🍽️ Den Dommendéck muss all Dag säin eegent Kierpergewiicht un Narung iessen. Heen ass bal de ganzen Dag domat beschäftegt, Iessen ze sichen.

🔎 Dobäi ass en nëmmen zirka 5 Gramm schwéier, also méi liicht wéi eng 20-Cent-Mënz, a säin offiziellen Titel ass: Klengste Vull an Europa.

👑 Weibchen a Männchen hunn allen zwee eng giel oder giel-orange Sträif um Kapp, déi bëssen ausgesäit wéi eng Irokees - oder eben wéi dem Trump seng Frisur, jee nodeem.

👉 Wanns du wëlls, dass den Dommendéck Vull vum Joer 2027 gëtt, da stëmm lo fir hien of! (Link an de Kommentarer)

-----FR-----

🍽️ Le Roitelet huppé doit manger chaque jour l'équivalent de son poids en nourriture. Il passe presque toute la journée à chercher de quoi se nourrir.

🔎 Il ne pèse qu'environ 5 grammes, soit moins qu'une pièce de 20 pence, et son titre officiel est : « le plus petit oiseau d'Europe ».

👑 La femelle comme le mâle ont une rayure jaune ou jaune-orange sur la tête, qui ressemble un peu à une coupe iroquoise – ou à la coiffure de Trump, selon le point de vue.

👉 Si vous souhaitez que le Roitelet huppé soit élu « Oiseau de l'année 2027 », votez pour lui dès maintenant ! (lien dans les commentaires)

📣 Mellt iech lo fir den EuroBirdwatch Weekend 2026 un!03. Oktober | Mënsbech / Natur- a Vulleschutzveräin Ieweschte Syrd...
29/09/2026

📣 Mellt iech lo fir den EuroBirdwatch Weekend 2026 un!

03. Oktober | Mënsbech / Natur- a Vulleschutzveräin Ieweschte Syrdall - Sektioun natur&ëmwelt Birdringingstation 'Schlammwiss'
📍Um 9:00 Auer zu Mënsbech, Parkplaz beim Fussballfeld
✉️ Umeldung: [email protected] | ☎️ 621 293 695

03. Oktober | Bettenduerf / Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun
📍Um 9:30 Auer zu Bettenduerf um Parking Rue de la Gare, direkt bei der Sauerbréck
✉️ Umeldung: [email protected] | ☎️ 621 650 470

04. Oktober | Biodiversum, Remerschen / Centre nature et forêt Biodiversum Administration de la nature et des forêts
📍Um 9:00 Auer am Biodiversum zu Remerschen

👉 All Detailer a weider Informatioun fannt dir iwwert de Link an den Kommentarer.

-----FR-----

📣 Inscrivez-vous dès maintenant au Birdwatch Weekend 2026 !
Une expérience passionnante vous attend, au cours de laquelle vous pourrez observer des oiseaux que vous ne voyez que rarement.

👉 Vous trouverez plus d'informations ainsi que le formulaire d'inscription sous le lien dans les commentaires.

🌳 De Feldspatz lieft méi wäit fort zum Mënsch (am Géigesaz zum Hausspatz) um Bëschrand, an Hecken oder a Bongerten. 🌱 He...
28/09/2026

🌳 De Feldspatz lieft méi wäit fort zum Mënsch (am Géigesaz zum Hausspatz) um Bëschrand, an Hecken oder a Bongerten.

🌱 Heen ernäert sech haaptsächlech vum Som a Planzen, ausser wann heen seng Kleng muss opzéien. Déi kréie kleng Wierm an Insekten, well Kären ze haart fir si sinn.

⚖ Ob beim Baue vum Nascht, beim Bréien oder beim Fiddere vun de Jonken: Männchen a Weibchen (déi sech optesch kaum ënnerscheeden) deelen sech déi Aufgabe bal symmetresch.

👉 Wanns du wëlls, dass de Feldspatz Vull vum Joer 2027 gëtt, da stëmm lo fir hien of! (Link an de Kommentarer)

-----FR-----

🌳 Le moineau friquet vit plus loin des humains (contrairement au moineau domestique), à la lisière des bois, dans les haies ou dans les vergers.

🌱 Il se nourrit principalement de graines et de végétaux, sauf lorsqu’il doit élever ses petits. Il donne alors à ses oisillons de petits vers et des insectes, car les graines sont trop dures pour eux.

⚖ Qu'il s'agisse de construire le nid, de pondre les œufs ou de nourrir les petits, le mâle et la femelle (qui sont presque impossibles à distinguer physiquement) se partagent ces tâches de manière presque égale.

👉 Si vous souhaitez que le moineau domestique soit élu « Oiseau de l'année 2027 », votez pour lui dès maintenant ! (lien dans les commentaires)

Adresse

5, Route De
Kockelscheuer
1899

Heures d'ouverture

Lundi 09:00 - 16:00
Mardi 09:00 - 17:00
Mercredi 09:00 - 17:00
Jeudi 09:00 - 17:00
Vendredi 09:00 - 17:00

Téléphone

2904041

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque natur&ëmwelt publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager