Lions-Amitié

Lions-Amitié Créé le 8 décembre 1975, le Lions Club LUXEMBOURG-AMITIE vous invite à découvrir ses actualités et activités. https://www.lionsclubs.org/en

24/03/2026

D'Editioun 2026 ass ausverkaaf.
Villmools Merci Iech all !
Wann Dir nach op d'Waardelëscht wëllt kommen:
[email protected]

The 2026 edition is sold out
Thank you!
If you want to join the waiting list:
[email protected]

🦁 Houffreg, dass mir bei desem flotten Projet bedeelegt sinn...
23/02/2026

🦁 Houffreg, dass mir bei desem flotten Projet bedeelegt sinn...

Besonders Kinder leiden unter den engen räumlichen Verhältnissen der Asylbewerberheime. Sie haben ka

Den 22/12 haten mir den Här Maurice Bauer op Besuch, Budgets-Rapporter an Cheffen vun der Stad Lëtzebuerg. An engem ganz...
24/12/2025

Den 22/12 haten mir den Här Maurice Bauer op Besuch, Budgets-Rapporter an Cheffen vun der Stad Lëtzebuerg. An engem ganz engagéierten Austausch huet hien eis d’Haaptlinne vum Staatsbudget 2026 erkläert an de Fokus kloer op ee wichtegt Thema geluecht: de Kampf géint d’Aarmut an méi sozial Gerechtegkeet🤝

E puer markant Fakten a Messagen aus senger Présentatioun:

📉 Ronn 18 % vun der Bevëlkerung sinn vum Aarmutsrisiko betraff, bei de Kanner souguer ca. 25 % – Zuelen, déi net akzeptabel sinn.

💶 De Staat investéiert iwwer 2 Milliarde Euro an de kommende 4 Joer, besonnesch an den sozialen an abordabele Wunnengsbau 🏠

⚠️ E grousse Problem ass d’Net-Inansprochhuele vu Sozialleeschtungen: bis zu 44 % bei der allocation de vie chère an 75 % bei der Mietsubventioun.

🔄 D’Léisung: automatesch Ausbezuelung vu Leeschtungen, fir d’Administratioun ze vereinfachen.

🗣️ Kloer Botschaft: Empfänger vu sozialer Hëllef si keng Bittsteller – si hunn en Recht drop.

Och d’Roll vum Budget als steierend Instrument gouf ervirgehuewen, mat méi Transparenz, kloer Indicateuren an engem neie Fokus op d’Wuelbefanne vun der Bevëlkerung

Eng informativ an nodenklech Hallefstonn – villmools Merci, Här Bauer, fir déi oppen an engagéiert Presentatioun! 🙏

https://www.tageblatt.lu/headlines/die-konsolidierungsrede-des-maurice-bauer/

🌟 Soirée Remise des Chèques 🦁Den 24. November hu mir am Kader vun eiser traditioneller Scheckiwwerreechung mat ronn 50 L...
03/12/2025

🌟 Soirée Remise des Chèques 🦁

Den 24. November hu mir am Kader vun eiser traditioneller Scheckiwwerreechung mat ronn 50 Lions-Memberen, Gäscht a Vertrieder vun de Projeten e ganz schéinen an solidareschen Moment gedeelt. 🤝✨
Dank dem enorme Asaz vun eise Memberen, Famillen, Frënn an natiirlech de Participants bei onsen Events konnte mir 25.000 € fir gudd Zwecker verdeelen. 🙏

Dës 5 Associatiounen hu mir mat jeweils 5.000 € ënnerstëtzt:

AEIN - Aide à l'Enfance de l'Inde et du Népal 💧
➡️ Projet am Nepal: Installatioun vun enger Drénkwaasserversuergung zu Parseni, fir Dierfer laangfristeg mat propperem Waasser ze versuergen an Gesondheetsrisiken ze reduzéieren an zer sozioökonomescher Entwecklung bäizedroen.

ALGSC – Association luxembourgeoise des groupes sportifs pour cardiaques ❤️‍🩹
➡️ Organiséiert ugepassten a therapeutesche Sport fir Häerzpatienten, fir Rehabilitatioun, Beweegung a besser Liewensqualitéit am Alldag ze förderen.

A-AH – Athénée Action humanitaire 🌱🌍
➡️ Ënnerstëtzt um Cap Vert op der Insel Santo Antão eng Partnerschoul beim Uleeë vun engem Schoulgaart a mécht wichteg Sensibiliséierungsaarbecht bei Jonken hei am Lycée zu den Themen Entwecklung, Nohaltegkeet a Solidaritéit.

EPI – Fondation Éducation pour l’Inclusion 🙇‍♂️🤝
➡️ Duerch de Pilotprojet "Demain Ensemble" kréien jonk Leit (déi weder an der Schoul, Ausbildung oder Aarbecht sinn) en kollektivem Coaching. Dest stäerkt sozial a praktesch Kompetenzen, briechen d’Isolatioun op an hëllefen de Jonken, de Wee zeréck an Ausbildung oder an d’Beruffswelt ze vereinfachen.

Nadiezhda asbl 👧📚
➡️ Ënnerstëtzt am aarmen Norden vun Madagaskar de FAWE-Internat, wou ronn 30 jonk Meedercher eng sécher Ënnerkonft kréien, Zougang zu Bildung (Primär, Sekondär, an Uni), emotionaler Begleedung an domat hier Autonomie stäerken, mat engem besonnesche Fokus op Schutz géint fréi Kanner-Bestiednisser. 🙅🏽‍♀️

Dës Soirée huet gewisen, wéi vill konkret gutt Saache mir zesumme bewierke kënnen. 💫
🫶Merci un all déi, déi eis am Joer 2025 ënnerstëtzt hunn – mir maachen weider, geträi eisem Motto: We serve. 🦁

Save the date 🤩🦁
19/11/2025

Save the date 🤩🦁


🏅Den 27/10 hate mir d’Éier den André Hoffmann, langjähregen President vum Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois (CO...
31/10/2025

🏅Den 27/10 hate mir d’Éier den André Hoffmann, langjähregen President vum Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois (COSL), bei eis ze begréissen. 🇱🇺

An engem inspiréierende Virtrag huet hien eis d'Roll vum COSL erklärt an e spannenden Abléck an déi Olympesch Spiller vu Paräis 2024 ginn — eng Olympiade, déi nei Moossstief gesat huet, souwuel organisatorësch wéi sportlech. 🏟️✨

Mir hunn och e puer interessant Statistiken, Fakten an Hannergrond-Anekdoten mat op de Wee kritt, déi d’Olympesch Bewegung hei zu Lëtzebuerg an international nach méi gräifbar maachen. 🏃‍♀️🚴‍♀️💪🤸‍♀️🏊‍♂️

Eng Soirée voller Olympia-Spirit, Engagement an Inspiratioun — Merci, André Hoffmann! 🙏🔥

🇱🇺🥇
Photo 1: Lions, Photo/Collage 2: Tageblatt-Grafik (c)

💫 Den 13/10 hate mir 🦁 d’Geleeënheet, eng faszinéierend Presentatioun vum Mathias Link, Deputy CEO vun der Luxembourg Sp...
14/10/2025

💫 Den 13/10 hate mir 🦁 d’Geleeënheet, eng faszinéierend Presentatioun vum Mathias Link, Deputy CEO vun der Luxembourg Space Agency (LSA), ze erliewen. 🚀

Hien huet eis e spannenden Abléck ginn an déi villfälteg lëtzebuergesch Projeten 🇱🇺 am Weltall – vu Satellitten a Space Mining bis zu nohaltege Weltraumtechnologien. ✨🪐

Mir hu dobäi och e puer flott Initiativen aus dem neien Luxembourg Space Directory 2024 kennegeléiert 👉 Rapport hei liesenhttps://space-agency.public.lu/dam-assets/publications/2024/spacedirectory-2024.pdf

En inspiréierende Viirtrag, dee gewisen huet, wéi innovativ a virausbléckend Lëtzebuerg och am Weltall engagéiert ass! 🌍🛰️

Der Natur hiere Beitrag vir ons sozial Projets. Haut hu Lions Amitié Membere, ennerstetzt vun der Famill e flotten Nomët...
09/10/2025

Der Natur hiere Beitrag vir ons sozial Projets. Haut hu Lions Amitié Membere, ennerstetzt vun der Famill e flotten Nomëtteg verbruecht fir Äppel 🍎🍏 anzessammelen – trotz Wollek ☁️ mee glécklecherweis ouni Reen! Mat vill Muskelkraaft 💪 hu mir 1000 kg Äppel zesummegedroen. Bei der Äppelpress ginn doraus ronn 600 Liter frësche Jus 🧃 gemaach, deen duerno verkaaft gëtt. Den Erléis geet wéi ëmmer un wichteg sozial Projeten 🤲. 🦁🙏

Mir ënnerstetzen d‘Banque alimentaire. Kommt gären bis lascht op Betebuerg an de Cactus. Zesumme si mer 💪
03/10/2025

Mir ënnerstetzen d‘Banque alimentaire. Kommt gären bis lascht op Betebuerg an de Cactus. Zesumme si mer 💪

Desen Freideg 3 a Samsdeg 4 Oktober sammelen mir fir Banque Alimentaire Luxembourg am Cactus Bettembourg Scheleck
03/10/2025

Desen Freideg 3 a Samsdeg 4 Oktober sammelen mir fir Banque Alimentaire Luxembourg am Cactus Bettembourg Scheleck

Adresse

Kirchberg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Lions-Amitié publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Lions-Amitié:

Partager