01/10/2026
🇱🇺
Am Kader vum Internationalen Dag vun den eelere Leit huet den 29. September eng Pressekonferenz stattfonnt, un där Martine Deprez , Ministesch fir Gesondheet a Sozialsécherheet, deelgeholl huet, fir eng nei Broschür iwwer e Sujet virzestellen, dat nach ëmmer ze wéineg thematiséiert gëtt: Alkohol bei eelere Leit.
👉 „D’Risike verstoen, fir d’Gesondheet ze erhalen“: Eng Broschür, déi informéiert, sensibiliséiert an zum Dialog encouragéiert – ouni ze jugéieren oder ze stigmatiséieren.
Mam Alter gëtt de Kierper méi ufälleg fir d’Wierkung vum Alkohol. De Konsum ze reduzéieren, kann dozou bäidroen, d’Gesondheet, d’Mobilitéit, d'Onofhängegkeet an d’Liewensqualitéit ze erhalen.
💬 Well et ni ze spéit ass, fir seng Gewunnechten ze änneren.
🤝 Eng Initiativ vum Aarbechtsgrupp „Santé mentale et vieillissement“, deen e puer Acteuren zesummebréngt, déi sech fir e gesonden Alterungsprozess an d’Preventioun vu Suchtproblemer bei eelere Leit asetzen. Den CNAPA bedeelegt sech un dësem Aarbechtsgrupp a dréit esou zu dëser Preventiounsaarbecht bäi.
📘 D’Broschür fannt Dir hei:
👉https://www.cnapa.lu/de/angebot/materialien/alkohol-im-alter-risiken-kennen-gesundheit-schuetzen
🇫🇷
À l’occasion de la Journée internationale des personnes âgées, une conférence de presse s’est tenue le 29 septembre, en présence de Martine Deprez, ministre de la Santé et de la Sécurité sociale, pour présenter une nouvelle brochure sur un sujet encore trop peu abordé : l’alcool chez les personnes âgées.
👉 « Comprendre les risques pour préserver sa santé » : une brochure qui informe, sensibilise et encourage le dialogue, sans jugement ni stigmatisation.
Avec l’âge, l’organisme devient plus vulnérable aux effets de l’alcool. Réduire sa consommation peut contribuer à préserver sa santé, sa mobilité, son autonomie et sa qualité de vie.
💬 Parce qu’il n’est jamais trop t**d pour changer ses habitudes.
🤝 Une initiative du groupe de travail « Santé mentale et vieillissement », qui rassemble plusieurs acteurs engagés dans la promotion d’un vieillissement en bonne santé et la prévention des addictions chez les personnes âgées. Le CNAPA participe à ce groupe de travail et contribue ainsi à cette démarche de prévention.
📘 Vous trouverez la brochure ici :
👉https://www.cnapa.lu/fr/offres/alkohol-im-alter-risiken-kennen-gesundheit-schuetzen
Ligue Santé Mentale GERO-Kompetenzzenter fir den Alter Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale Luxembourg