Naturpark Our

Naturpark Our Der Naturpark Our steht für nachhaltige Entwicklung im Dienste einer der schönsten Regionen Luxemburg

Der Naturpark Our liegt im Nordosten Luxemburgs - dem Ösling, einem südlichen Ausläufer der Ardennen - und grenzt an das Dreiländereck Belgien, Deutschland und Luxemburg. Auf einer Fläche von 306 km² und mit rund 16.000 Einwohnern haben sich die sieben Gemeinden Clervaux, Kiischpelt, Park Hosingen, Putscheid, Tandel, Troisvierges und Vianden mit dem Ziel zusammengeschlossen, Naturschutz und die ökonomische Entwicklung der Region ins Gleichgewicht zu bringen. Die Grenzregion entlang der Our ist ein ideales Urlaubsziel für Wander-, Natur- und Kulturfreunde. Auf engstem Raum bietet der Naturpark Our eine eindrucksvolle landschaftliche Vielfalt. Geprägt wird der Naturpark durch die weitläufige Hochebene und die engen, romantischen Fels- und Kerbtäler, welche die Flüsse Our und Woltz/Clerve mit ihren unzähligen Seitenbächen ins Schiefergestein geformt haben. In den Feuchtgebieten der Hochflächen und in den abgelegenen Gebieten der Tallagen sind besonders wertvolle Lebensräume für viele bedrohte Pflanzen- und Tierarten erhalten geblieben.

07/10/2026

De 24. November mecht d'Klimabonus-Roadshow vun der Klima-Agence en Halt an eiser Membersgemeng Wäiswampech.

☀️ Solaranlag, 🌱 Wärmepompel, 🏠 Isolatioun oder ⚡ Elektromobilitéit: Et gëtt schonn haut konkret Léisungen, mat deenen Dir Är Resilienz stäerke kënnt an Är Energiekäschte reduzéiere kënnt.

Gitt um Info-Owend gewuer:
✅Wéi eng Léisunge fir Äert Doheem a Fro kommen;
✅Firwat elo de richtege Moment ass, Äre Projet ëmzesetzen;
✅ Wéi eng Subside de Klimabonus bitt;
✅ Wéi Dir Äre Projet am beschte virbereet an ëmsetzt.

Kachcours fir zukünfteg Elteren 👀Viru Kuerzem war an der École du Goût zu Branebuerg e Kachcours, deen sech ganz besonne...
07/10/2026

Kachcours fir zukünfteg Elteren 👀

Viru Kuerzem war an der École du Goût zu Branebuerg e Kachcours, deen sech ganz besonnesch u schwanger Frae mat Begleetpersoun adresséiert huet.

👉Dobäi ass et drëms gaange verschidde Rezepter op der Plaz ze kache fir d'Tru schonn am Virfeld kënne mat villfältegen an equilibréierte Molzechten ze fëllen. Am Ganze sinn am Laf vu 4 Stonne méi wéi 40 fäerdeg Portiounen u Platen, Snacks an Desserten entstanen. Esou kënnen déi éischt Wochen no der Gebuert ouni kulinaresche Stress erlieft ginn. 😊

ℹ Et ass ugeduecht dëse Cours reegelméisseg unzebidden. Persounen, déi drun interesséiert si kënnen sech gär elo schonn iwwer 📩 [email protected] mellen.

Fotoen: Anne Lommel

Klimapakt Assisen am Naturpark Our 👀Viru Kuerzem hate mir op e Virtrag vum Prof. Dr. Stöcker invitéiert, dee sech intens...
06/10/2026

Klimapakt Assisen am Naturpark Our 👀

Viru Kuerzem hate mir op e Virtrag vum Prof. Dr. Stöcker invitéiert, dee sech intensiv mat de groussen Transformatiounsprozesser vun eiser Zäit beschäftegt.

👉 Heen huet eis op eng spannend Rees duerch d’Energiewend matgeholl a gewisen mat wéi engem beandrockenden Tempo den Ëmbau hin zu erneierbaren Energien haut scho virugeet – a wéi eng Erausfuerderungen nach virun eis leien.

Villmools Merci u jiddereen, deen op deem Owend de Wee an de Centre Ecologique an de Parc Housen fonnt hat. ☺

Fotoen: Patricia Lefèber

20 Joer Naturpark Our 👀E Freideg hu mir an am Kader vun enger séance académique an d'Veiner Schlass invitéiert fir zesum...
05/10/2026

20 Joer Naturpark Our 👀

E Freideg hu mir an am Kader vun enger séance académique an d'Veiner Schlass invitéiert fir zesumme mat de Ministère, Verwaltungen, eise Membersgemengen an anere Partner den 20. Anniversaire vun eisem Naturpark ze feieren. 🎂

👉 Eng gelonge Feier, déi mir sécherlech nach laang wäerten an Erënnerung behalen.☺️

Fotoen: Patricia Lefèber

03/10/2026

20 Joer Naturpark Our - e klengen Abléck an d‘Feierlechkeeten um Veiner Schlass. 🎂🎉

Päerds-Erliefnis zu Bauschelt 🐴D'École du Goût vun den 3 Naturparken organiséiert an Zesummenaarbecht mat der Ferme péda...
24/09/2026

Päerds-Erliefnis zu Bauschelt 🐴

D'École du Goût vun den 3 Naturparken organiséiert an Zesummenaarbecht mat der Ferme pédagogique An Scheppen eng Aktivitéit fir Kanner vu 6 bis 12 Joer.

👉 Dobäi ginn d'Kanner gewuer, wéi d'Päerd um Bauerenhaff liewen, wat si friessen an och wéi si schlofen. Am Päerdsstall dierf selwer eng Hand mat ugepak ginn a wann d'Wieder matspillt kann och geridde ginn. 🏇

Fir de klengen Honger Tëschenduerch ass och fir e Snack gesuergt.

👉 Hei alleguer d'Detailer:

✅Samschdes, den 10. Oktober vu 14 bis 17 Auer zu Bauschelt

✅ Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer

✅ D'Participatioun kascht 10€ pro Kand

✅ Umeldung iwwer 📩 https://ecoledugout.lu/agenda/37

Réckbléck op d'Veiner Pabeier- a Béicherdeeg 👀Viru Kuerzem huet sech um Veiner Schlass alles ronderëm Pabeier a Bicher g...
20/09/2026

Réckbléck op d'Veiner Pabeier- a Béicherdeeg 👀

Viru Kuerzem huet sech um Veiner Schlass alles ronderëm Pabeier a Bicher gedréint. Am historesche Kader konnt een eng Partie Stänn entdecken, verschidde Liesunge lauschteren, Pabeierkënschtler nokucken a villes méi. 😊

👉Fir déi besonnesch Couragéiert gouf dann och eng Dictée am Veiner Dialekt proposéiert. 📜

E grousse Merci un déi ronn 2.500 Visiteuren, déi de Weekend bis laanscht kucke komm ass. Eng besonnesch Éier war d'Presenz vum Kulturminister Eric Thill.

Fotoen: Liz Hacken

Kanneraktivitéit 👦👧: Een animalesche Concert 🎵🎶Kann d’Grunze vun engem Wëllschwäin an d’Gezwitscher vum Blesshong engt s...
19/09/2026

Kanneraktivitéit 👦👧: Een animalesche Concert 🎵🎶

Kann d’Grunze vun engem Wëllschwäin an d’Gezwitscher vum Blesshong engt schéint Lidd ginn⁉ Jo – awer nëmme, wann een Uhu matmëscht, ee Spiecht trommelt an eng Grill zirpt. ☺️

👉Maach mat bei eiser Kanneraktivitéit a probéier déi verschidden Déierelauten aus. Hei all d'Infos am Iwwerbléck:

✅Dënschdes, den 29. September vu 14:30 bis 17:00 Auer am Parc Housen

✅ Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer

✅ D'Participatioun kascht 5€ pro Kand

✅ Umeldung iwwer 📩[email protected]

Foto: Raymond Clement

⚡ Wéi séier geet d’Energiewend wierklech virun? A wat kënnt nach op eis duer⁉Dës an aner spannend Froen behandelt de Pro...
17/09/2026

⚡ Wéi séier geet d’Energiewend wierklech virun? A wat kënnt nach op eis duer⁉

Dës an aner spannend Froen behandelt de Prof. Dr. Christian Stöcker a sengem Virtrag iwwer d’Energiewend. Hie weist, wéi séier den Ëmbau hin zu erneierbaren Energië virugeet – a wou nach Erausfuerderunge leien.

👉 Virwëtzeg ginn? Da sidd dobäi!

Mellt iech elo iwwer de Link an de Kommentarer un a kommt den 1. Oktober an de Parc Housen. 📩

Adresse

12, Parc
Hosingen
9836

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Naturpark Our publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Naturpark Our:

Raccourcis

Partager