13/02/2026
📢 Dir hudd nach keen Éischt-Hellef-Cour oder wëllt Är Wëssen erëm opfrëschen?
➡️ Am Abrëll bidd den CGDIS - Corps grand-ducal d'incendie et de secours am Machera - Centre culturel Grevenmacher een 16-stonnegen Éischt-Hëllef-Cour un.
Den Cour ass follgenden Deeg an Zäiten:
📆 14.04.2026 | 18:00-22:00
📆 16.04.2026 | 18:00-22:00
📆 21.04.2026 | 18:00-22:00
📆 23.04.2026 | 18:00-22:00
ℹ️ Weider Infoen op:
https://cours.cgdis.lu/page/module/3643/FRE/index.html?cache=no
Maacht mat a gitt ee wichtegen Deel vun der Rettungsketten! 🚑🚨
📢 Gratis Formatioun: Éischt Hëllef 🚑
Wëllt Dir léieren, wéi een am Noutfall richteg reagéiert? Da mellt Iech elo fir d’Formatioun Éischt Hëllef un!
Während dësem 16-Stonne Cours léiert Dir ënner anerem:
🩹 Accidenter a Wonnen behandelen
🔥 Verbrennunge versuergen
🦴 Bluddungen a Frakturen
😴 Bewosstlosegkeet a stabil Säitelag
❤️ Reanimatioun, Otmung an Defibrillateur (DSA)
👶 Kannerreanimatioun
🏍️ Ausdoe vun engem Motorradshelm
… a vill méi.
👉 D’Coursen ginn op Lëtzebuergesch gehalen a kombinéieren Theorie a Praxis.
👉 D’Participatioun un alle Séancen ass néideg, fir eng Attestatioun ze kréien.
👉 D’Formatioun ass gratis.
ℹ️ Obligatoresch Aschreiwung (spéitstens 48 Stonne virum éischte Cours):
🌐 https://cours.cgdis.lu/page/module/3643/FRE/index.html?cache=no
Maacht mat a sidd bereet, am Noutfall ze hëllefen! 💪🙂