Miau & Co asbl

Miau & Co asbl Mir huelen verwaisten, verloossen Katzenbebeen op an vermettlen se no der 2ter Impfung an een gudd Doheem. Selbstverständlech ginn si och ëmmer entwuermt.

Heinsdo hun mir och Gleck an et as eng Mamm dobei, dei gett dann vun ons steriliseieren geloos an mir sichen och fiir sie een neit Doheem Léif Déierefrënn,
Mir sinn e puer Leit déi sech schonn zanter Joren privat ëm kleng Babydéieren këmmeren. Well mir elo schonn esou oft vun verschiddenen Veterinairen drop ugeschwat ginn sinn, hunn mir eis dozou decidéiert eng Asbl ze grënnen an déi dann och hei op Facebook public ze maachen. Mir kréien eis Butzen vun verschiddenen Veterinären, Privatleit asw. Déi Kleng kommen bei eis, sief et dass d'Mammendéieren sech net kënnen ëm hir Baby'en këmmeren, dass si fonnt ginn oder aus wéi engen Grënn och ëmmer. Déi kleng Bëbeeën ginn dann bei eis mat vill Léift ëmsuergt an opgepäppelt. Et gëtt eng Virkontroll beim Veterinär gemaach an mat 1000-1300 Gramm kréien si hir éischt Impfung an een Mount duerno déi 2. An wann dat alles gemaach ass an si sinn wéinstens 12 Wochen al, dann sinn si prett fir an hir nei Famille ze goen. Hunn mir eng Mammchen matkritt dann gëtt déi, wann et esou weit ass, entwuermt, geimpft, kritt Tester gemaach an gëtt steriliséieren gelooss. An och fir si gëtt dann een gutt Doheem gesicht. Natierlech ass et ëmmer schéin wann eng Mamm mat wéinstens enger vun hiren Klengen kann zesummen vermëttelt ginn. Oft sinn si selwer nach immens jonk an hunn emol nach keen Joer wann si déi éischten Kéier Bëbeeën kréien. Mir huelen awer net nëmmen Bebekatzen op, mee och emol nach aner kleng Déieren wéi Kanéngchen, Hamster, Rat asw. wann mir nach Platz fräi hunn. All eis Déieren ginn just mat Schutzvertrag an Schutzgebühr vermëttelt.

An schons rem sinn 2 ganz verschmusten Katzen kommMuer ginn se bei den Veterinär fir dei 1 Impfung wann alles ok mat hin...
06/10/2026

An schons rem sinn 2 ganz verschmusten Katzen komm
Muer ginn se bei den Veterinär fir dei 1 Impfung wann alles ok mat hinnen as

Playtime
01/10/2026

Playtime

Mir hun rout Kréischelen als Gelee gekacht. Een Glas as 5€
01/10/2026

Mir hun rout Kréischelen als Gelee gekacht. Een Glas as 5€

Mein Haus 🏠
27/09/2026

Mein Haus 🏠

Ech kann op 2 Been goen
27/09/2026

Ech kann op 2 Been goen

De Brudder passt gut op seng Schwester op
26/09/2026

De Brudder passt gut op seng Schwester op

Meng Schwesterchen huet sech hannert mech verstoppt 😂
26/09/2026

Meng Schwesterchen huet sech hannert mech verstoppt 😂

26/09/2026

Léif Leit
Kalenneren 2027 sinn endlech do!!
Macht iech bei, et ginn der just puer. Déi eischt sinn viir.
Wann dir ee Kalenner wellt hun dann meld iech iwert Messenger, well hei gett daat heinsdo net direkt gesinn.
Dir kritt de Kalenner ab 25€
An wann mir een schecken kennt nach Porto dobei

26/09/2026
26/09/2026

Adresse

Miau & Co
Feulen
9175

Heures d'ouverture

Lundi 09:00 - 17:00
Mardi 09:00 - 17:00
Mercredi 09:00 - 17:00
Jeudi 09:00 - 17:00
Vendredi 09:00 - 17:00

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Miau & Co asbl publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager