23/12/2024
Merci Eng Postkaart den Dag fir déi haiteg Postkaart an den Artikel zu Hesper an senger Buerg an de Gebaier ronderëm.
Interessant Postkaart aus dem Kär vun Hesper bei der Uelzechtbréck an der Kierch, ënnerhalb vun der imposanter Ruin vun der Hesper Buerg. D'Postkaart gouf vum Café-Restaurant Klein-Haas editéiert, dee mir vun hannen erkennen. An der Wierschaft, déi et scho mindestens zanter 1889 gouf, ass haut de Restaurant Jardin Gourmand. Lénks niewendrun war de Café Klein-Morheng an nach weider lénks d’Epicerie Klein-Klein.
D'Hesper Kierch ass der Mariä Himmelfahrt geweit a gouf an den 1830er Jore gebaut, 1836 ass se geweit ginn. Virdru stoung op där Plaz d'Nikloskapell, déi 1833 fir de Bau vun der neier Kierch ofgerappt ginn ass. Den Tuerm vun der haiteger Kierch ass 1890 no de Pläng vum Staatsarchitekt Charles Arendt nei gebaut ginn. Gläichzäiteg ass d'Kierch och vergréissert ginn.
Weider Informatioune zur Buerg vu Wikipedia:
D'Buerg ass warscheinlech aus dem 13. Joerhonnert, wéi d'Grofe vu Lëtzebuerg d'Häre vu Rodemack mat der Uertschaft Hesper belehnt hunn, well si sech op d'Säit vun de Fransouse geschloen hunn, wéi d'Burgunder 1443 Lëtzebuerg eruewert hunn.
De Maximilian I., Herzog vu Burgund a spéidere Keeser vum Hellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun huet d'Schlass 1480, respektiv 1482 no Schluechte mam Gerard vu Rodemack ofrappe gelooss. 1492 huet hien d'Herrschaft sengem Monni Christoph vu Baden iwwerdroen, deem seng Nofollger se 1692 als Gage hu missen hierginn an eréischt 1740 erëmkritt hunn. 1796 hunn d'Fransousen d'Schlass eruewert, et gouf nationaliséiert a 1798 versteet.
D'Ruin gouf an de Joren duerno Stéck fir Stéck verkaf, an ëm 1820 gouf et 7 Haiser, déi um Terrain vun der Buerg aus hire Steng gebaut waren.
D'Ruin ass haut nach ëmmer a Privatbesëtz.