Rokku_Mi_Rokka

Rokku_Mi_Rokka Rokku Mi Rokka- Give and take Dee gréissten Deel vun hinne geet elo reegelméisseg an d’Schoul. Mir schaffen dohanne mat 5 Schoulen zesummen.

Rokku Mi Rokka ass eng lëtzebuergesch ONG déi sech säit 2012 am Senegal, zu Mboro aktiv fir eng besser Intégratioun a Liewensqualitéit vu Mënsche mat enger Behënnerung asetzt. Eis Aarbescht dohannen besteet aus 3 grousse Schwéierpunkten:


- Atelier

Rokku Mi Rokka huet zu Mboro en Atelier opgeriicht an Ausbildungen an der Sérigraphie an am Bitzen organiséiert fir Leit mat enger Behënnerung. Déi L

eit kënnen elo am Atelier schaffen an hunn esou eng fest Aarbecht an e fest Akommes.


- Volet pédagogique

Ëmmer méi Kanner mat enger Behënnerung gi vu Rokku Mi Rokka betreit. Vill Kanner kënnen duerch hir Behënnerung awer net an d’Schoul goen a ginn dowéinst säit dem Fréijoer 2016 an eisem Centre d’Accueil vun enger Educatrice an engem Moniteur betreit. Eise Centre ass awer och eng Ulafstell fir d’Eltere vu Kanner mat enger Behënnerung, wou si déi néideg Ënnerstëtzung kréien (Konsultatiounen, Informatiounen, Suivi, Visitten doheem etc.) Mat Hëllef vun Donen a Patenschafte bezilt Rokku Mi Rokka all d’Käschten di an eisem Centre an an de Schoule fir eis Kanner ufalen.


- Volet medical

Am medezinesche Beräich mécht Rokku Mi Rokka eng wichteg Prevenziounsaarbecht. Duerch gezielt medezinesch Agrëffer versiche mer Behënnerungen, déi duerch Accidenter a schlecht medezinesch Betreiung entstane sinn, sou gutt wéi méiglech ze behandele fir dass déi betraffe Leit duerno erëm e méiglechst gereegelt Liewe féiere kënnen. Rokku Mi Rokka finanzéiert Operatioune vu Kanner, bezilt reegelméisseg Kiné, iwwerhëlt d’Käschte vu Medikamenter a garantéiert de medezinesche Suivi vun de Kanner. Rokku Mi Rokka finanzéiert engem jonke Senegales seng 3 Joer Infirmiersausbildung, sou dass hien duerno an eisem Centre d’Accueil eng sécher berufflech Zukunft huet. Weider Info’s zur ASBL fann der op www.rokkumirokka.lu


ONGD Rokku Mi Rokka


Konto: LU71 0030 4742 6768 0000 (BGL BNP Paribas)

🇫🇷 Léiffraweschdag à Greiveldange ☀️🍀Cette année encore, nous avons eu le plaisir d’être présents au domaine Beck à Grei...
16/08/2026

🇫🇷 Léiffraweschdag à Greiveldange ☀️🍀

Cette année encore, nous avons eu le plaisir d’être présents au domaine Beck à Greiveldange, à l’occasion du traditionnel Léiffraweschdag.
Depuis plusieurs années, Domaine Viticole Beck nous permet de prendre en charge le catering de cette journée. Les bénéfices sont destinés à soutenir et à financer notre projet au Sénégal. 🇸🇳
Une longue journée s’est terminée dans une très bonne ambiance, entourés de nombreux amis, visiteurs et personnes qui soutiennent notre projet.
Un grand merci à toutes celles et ceux qui ont donné un coup de main et, bien sûr, à tous ceux qui sont passés nous voir et ont contribué à notre caisse ! 🧇🌭🍟🍷🤡🖌🎨☀️🍀🎶❤️


🇱🇺 Léiffraweschdag zu Greiweldeng ☀️🍀

Och dëst Joer hate mir d’Freed, beim Viticole Beck zu Gréiweldeng um traditionelle Léiffraweschdag deel ze huelen.
Zanter ville Jore gëtt den Tom Beck eis d’Méiglechkeet, de Catering vun dësem Dag ze iwwerhuelen. De Benefice dovunner kënnt eisem Projet am Senegal zegutt a hëlleft eis, eis Aarbecht weiderzeféieren. 🇸🇳

E laangen Dag goung mat gudder Ambiance op en Enn, mat ville Frënn, Bekannten a Leit, déi eise Projet ënnerstëtzen.
E grousse Merci un all déi, déi matgehollef hunn, an natierlech och un all déi, déi bei eis laanscht komm sinn an eis Kees gefëllt hunn! 🧇🌭🍟🍷🤡🖌🎨☀️🍀🎶❤️

Picadilly zu Stadtbriedemes🥳 kommt een drenken mir suergen fier äer Kanner😎🥳☀️🥂🤡🦆
09/08/2026

Picadilly zu Stadtbriedemes🥳 kommt een drenken mir suergen fier äer Kanner😎🥳☀️🥂🤡🦆

🇱🇺✨ E flotte RV  haut am Lulu Shop zu Dakar! 🇸🇳Haut haat Fatou d'Freed, fir d'éischte Kéier de Buttek ze besichen, an de...
04/08/2026

🇱🇺
✨ E flotte RV haut am Lulu Shop zu Dakar! 🇸🇳

Haut haat Fatou d'Freed, fir d'éischte Kéier de Buttek ze besichen, an deem seng handgemaachte Kreatiounen ausgestallt a verkaf ginn.
D'Fatou schafft säit ville Joren als Néiesch an eisem Projet. Mir sin houffreg op säin handwierklecht Geschék an déi immens Entwéklung déi hat iwer all déi Joren gemaat huet.🧵💚
E grousse Merci un de Lulu Shop zu Dakar, deen eis eng Plaz am Buttek zur Verfügung stellt, fir dem Fatou seng Kreatiounen auszestellen an ze verkaafen. De gesamte Gewënn fléisst an eis Aarbecht; Kanner a Persoune mat spezifeschen Bedürfnisser ze förderen an ze enerstetzen ❤️

🇱🇺 Déi selwecht Kreatioune sinn och zu Lëtzebuerg ze kréien. Wann Dir interesséiert sidd oder méi Informatioune wëllt, schéckt eis gär eng privat Noriicht. Mir freeën eis op Är Ufro. 😊
E grousse Merci un all déi, déi eise Projet ënnerstëtzen 🙏✨



🇫🇷
✨ Belle rencontre aujourd'hui chez Lulu Shop, à Dakar ! 🇸🇳

Aujourd'hui, Fatou a eu la joie de découvrir, pour la première fois, la boutique qui expose et commercialise ses créations. Couturière au sein de notre projet depuis de nombreuses années, elle a été très émue de voir son travail mis ainsi à l'honneur. 🧵💚
Un immense merci à Lulu Shop d'avoir généreusement mis à notre disposition un espace dédié à la vente de ces créations. L'intégralité des bénéfices sera reversée au profit de notre projet, afin de poursuivre nos actions en faveur des enfants et des personnes en situation de handicap. ❤️
🇱🇺 Les mêmes créations sont également disponibles au Luxembourg. Si vous souhaitez en acquérir une ou obtenir plus d'informations, n'hésitez pas à nous envoyer un message privé. Nous serons ravis de vous répondre. 😊

Merci à toutes les personnes qui soutiennent notre projet. 🙏✨

🇱🇺☀️🌍🇸🇳 Erneierbar Energien am Déngscht vun eisem Projet! ⚡💚Käschte spueren, d'Ëmwelt schützen an déi wonnerbar Sonn um ...
28/07/2026

🇱🇺

☀️🌍🇸🇳 Erneierbar Energien am Déngscht vun eisem Projet! ⚡💚

Käschte spueren, d'Ëmwelt schützen an déi wonnerbar Sonn um afrikanesche Kontinent notzen – daat ass e wichtege Schrëtt fir d'Zukunft vun eisem Centre d'accueil. 🌞

Virun zwou Wochen ass den Danni an de Senegal geflunn, fir zesumme mat lokale Spezialisten 👷🏿‍♂️🤝👷‍♂️ eis éischt Solaranlag opzebauen.
Dank dëser gudder Zesummenaarbecht produzéiert eise Centre d'accueil elo de gesamte Stroum, deen fir den Alldag gebraucht get, selwer⚡🏡

Dës Installatioun hëlleft eis, eis Stroumkäschten däitlech ze reduzéieren 💰 an eis méi onofhängeg ze maachen – mat propperer an nohalteger Energie. 🌱♻️

☀️🇸🇳

🇫🇷
☀️🌍🇸🇳 Les énergies renouvelables au service de notre projet ! ⚡💚

Réduire nos coûts, préserver l'environnement et profiter du formidable ensoleillement du continent africain : c'est un pas important pour l'avenir de notre Centre d'accueil. 🌞

Il y a deux semaines, Danni s'est rendu au Sénégal pour installer, avec des spécialistes locaux 👷🏿‍♂️🤝👷‍♂️, notre première centrale solaire.

Grâce à cette collaboration, notre Centre d'accueil produit désormais l'ensemble de l'électricité dont il a besoin. ⚡🏡

Cette installation nous permet de réaliser des économies importantes en réduisant nos coûts d'électricité 💰, tout en gagnant en autonomie grâce à une source d'énergie propre et durable. 🌱♻️

☀️🇸🇳

🇫🇷🎉🎓 Félicitations à Sophie Samb ! 🎓🎉C'est avec une immense joie et une grande fierté que nous adressons nos plus sincèr...
19/07/2026

🇫🇷
🎉🎓 Félicitations à Sophie Samb ! 🎓🎉

C'est avec une immense joie et une grande fierté que nous adressons nos plus sincères félicitations à Sophie Samb, qui a brillamment obtenu son Brevet de Fin d'Études Moyennes (BFEM) à l'École Renaissance Mariste de Dakar.

Grâce à l'apprentissage de la langue des signes, Sophie a pu suivre son parcours scolaire, développer pleinement son potentiel et franchir avec succès cette étape importante de sa vie.

Cette belle réussite est le fruit de son travail, de sa persévérance et de sa détermination. Elle est une véritable source de fierté pour toute notre équipe et un bel exemple pour les autres jeunes que nous accompagnons.

Nous lui souhaitons une excellente poursuite de ses études, de nombreuses réussites et un avenir rempli de belles opportunités.

🌟 Bravo, Sophie ! Que cette réussite soit le début d'un parcours riche en succès et qu'elle inspire d'autres jeunes à croire en leurs rêves, à persévérer et à ne jamais renoncer.

❤️ Toute la famille Rokku mi Rokka est fière de toi !

15/07/2026

🇫🇷

🌊💙 Hier, nos enfants en situation de handicap, accompagnés de l'ensemble de notre personnel, ont enfin pu profiter de notre sortie annuelle, bien méritée, dans une piscine à Thiès.

Les enfants et l'équipe ont partagé une journée remplie de joie, de sourires et de beaux moments ensemble. Même si cette sortie a été fatigante pour tous, elle restera un magnifique souvenir. Les enfants ont beaucoup apprécié le temps passé dans l'eau, chacun à son rythme, dans une ambiance de détente et de bonheur.

Pour notre équipe, cette journée a également représenté une très belle expérience de team building💪🏽, renforçant l'esprit d'équipe, la solidarité et les liens entre les collaborateurs, tout en partageant des moments privilégiés avec les enfants.

Cette belle sortie marque notre dernière grande activité avant les congés d'été☀️

Nous souhaitons à tous nos enfants et à leurs familles de très belles vacances d'été, pleines de repos, de sérénité et de précieux moments en famille. 💛

Bien entendu que les enfants continueront à bénéficier de leur suivi médical ainsi que de leurs séances de kinésithérapie deux fois par semaine.

Reposez-vous bien, nos petits anges. Nous avons déjà hâte de vous retrouver. À très bientôt ! ❤️



💧💧💧💧💧💧💧💧💧💧💧💧💧💧💧

🇱🇺

🌊💙 Gëschter hunn eis Kanner mat spezifeschen Bedürfnisser zesumme mam gesamte Personal hieren wuelverdéngte Joresausfluch zu Thiès an der Schwäm genoss.

D'Kanner an d'Ekipp hunn e schéinen Dag voller Freed, Laachen a flotten Amenter zesumme verbruecht.
Och wann den Ausfluch fir jidderee ustrengend war, bleift en eng wonnerbar Erënnerung. D'Kanner hu sech gefreet, Zäit am Waasser ze verbréngen, jidderee no senge Méiglechkeeten, an enger entspaanter a frëndlecher Atmosphär.

Fir eist Personal war dësen Dag gläichzäiteg eng flott Team-Building-Erfarung💪🏽, déi den Zesummenhalt, d'Solidaritéit an den Teamgeescht nach weider gestäerkt huet, wärend si wäertvoll Momenter mat de Kanner gedeelt hunn.

Dësen Ausfluch war eis lescht grouss Aktivitéit virum groussen Summercongé.☀️

Mir wënschen all eise Kanner an hire Familljen eng schéin Zäit zesummen, vill Erhuelung, Rou a vill schéin Momenter 💛

Natierlech ginn d'Kanner och weider medezinesch versuergt a kréien och weiderhin zweemol d'Woch hir Kinésséancen.

Erhuelt iech gutt, dir kleng Engelen. Mir freeën eis elo schonn drop, iech geschwënn erëmzegesinn.
Bis ganz geschwënn! ❤️

🇱🇺 Rékblék op e chargéierte Weekend um Kulturfest zu Diddeleng an op der Kirmes zu Draibuer🎪Foundraising mat Cocktailer ...
08/07/2026

🇱🇺 Rékblék op e chargéierte Weekend um Kulturfest zu Diddeleng an op der Kirmes zu Draibuer🎪

Foundraising mat Cocktailer an Kanneranimatioun🍹🤡🖌🎨🦆

Eise Projet get eleng duerch Spenden an Foundraising finaziéiert! 💸

15 Leit Personal bezuelen mir vun ❤️ gaer! Déi eis Kanner am Projet betreien.

Sie maachen eng wonnerbar Aarbecht an brauchen dringend eng Erhéigung vun der Pei fier kennen en Liewen iwert dem Existenzminimum ze féiren🙏

Mir brauchen iech🙌💪🏽
All Don zielt😉

🇫🇷 Retour sur un week-end chargé au Festival des cultures à Dudelange et à la kermesse de Dreiborn 🎪

Collecte de fonds avec des cocktails et des animations pour les enfants. 🍹🤡🖌🎨🦆

C’est avec beaucoup de ❤️ que nous rémunérons les 15 membres de notre équipe, qui accompagnent chaque jour nos enfants au Projet au Sénégal.

Ils accomplissent un travail remarquable et ont un besoin urgent d’une augmentation de salaire afin de pouvoir vivre dignement. 🙏

Notre projet est financé uniquement par des dons et des actions de collecte de fonds.

Nous avons besoin de vous. 🙌💪🏽
Chaque don compte. ❤️

🇱🇺     🎤👏Geschter Owend op der Table  Ronde - Agissons ensemble pour un avenir juste👏🎤Et ass wichteg am Pool vun der Ent...
19/06/2026

🇱🇺
🎤👏Geschter Owend op der Table Ronde - Agissons ensemble pour un avenir juste👏🎤

Et ass wichteg am Pool vun der Entwéklungshellef Kontakter ze knäppen, Erfahrungen ze deelen an zesummen ze schaffen😉

🇫🇷
🎤👏 Hier soir à la Table Ronde – Agissons ensemble pour un avenir juste 👏🎤

Il est important, au sein du réseau de la coopération au développement, de nouer des contacts, de partager nos expériences et de travailler ensemble. 😉

Microjardinage:All Mëttwoch get sech em eis Hoochbeeter am Centre gekëmmert🍅🧅🌿« Des petites mains, beaucoup d'attention ...
18/06/2026

Microjardinage:

All Mëttwoch get sech em eis Hoochbeeter am Centre gekëmmert🍅🧅🌿

« Des petites mains, beaucoup d'attention et de grands sourires : notre jardin prend vie chaque jour. » 🍅🧅🌿

Adresse

Senegal / Luxembourg
Ettelbruck
3938

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Rokku_Mi_Rokka publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager