Gemeng Esch-Sauer

Gemeng Esch-Sauer Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Gemeng Esch-Sauer, Centre communautaire, 1, An der Gaass, Eschdorf.

📖 𝗗𝗲́𝗶 𝗻𝗲𝗶 𝗔𝘂𝘀𝗴𝗮𝗯 𝘃𝘂𝗺 𝗕𝗹𝗲́𝗰𝗸 𝗮𝘀𝘀 𝗲𝗹𝗼 𝗼𝗻𝗹𝗶𝗻𝗲!Bleift um Lafenden iwwer Neiegkeeten, Projeten an Aktivitéiten aus eiser Gem...
06/10/2026

📖 𝗗𝗲́𝗶 𝗻𝗲𝗶 𝗔𝘂𝘀𝗴𝗮𝗯 𝘃𝘂𝗺 𝗕𝗹𝗲́𝗰𝗸 𝗮𝘀𝘀 𝗲𝗹𝗼 𝗼𝗻𝗹𝗶𝗻𝗲!

Bleift um Lafenden iwwer Neiegkeeten, Projeten an Aktivitéiten aus eiser Gemeng a kuckt déi aktuell Editioun bequeem online no.

👉 https://esch-sur-sure.lu/?p=30115

🔥🏰 𝗙𝗲𝗶𝗲𝗿𝗯𝘂𝗲𝗿𝗴 𝘇𝘂 𝗘𝘀𝗰𝗵-𝗦𝗮𝘂𝗲𝗿 - 𝗘 𝗸𝗹𝗲𝗻𝗴𝗲 𝗥𝗲́𝗰𝗸𝗯𝗹𝗲́𝗰𝗸 Wat fir e spektakulären Owend! ✨🔥Mir soe villmools Merci un all déi, ...
05/10/2026

🔥🏰 𝗙𝗲𝗶𝗲𝗿𝗯𝘂𝗲𝗿𝗴 𝘇𝘂 𝗘𝘀𝗰𝗵-𝗦𝗮𝘂𝗲𝗿 - 𝗘 𝗸𝗹𝗲𝗻𝗴𝗲 𝗥𝗲́𝗰𝗸𝗯𝗹𝗲́𝗰𝗸

Wat fir e spektakulären Owend! ✨🔥

Mir soe villmools Merci un all déi, déi laanscht komm sinn an deelgeholl hunn. Dank iech konnt d’Feierbuerg zu Esch-Sauer zu engem ganz besonneschen Erliefnes an engem vollen Erfolleg ginn! ❤️

Fir iech nach eng Kéier an d’Atmosphär vun deem Owend zeréckzebréngen, fannt dir hei eng kleng Auswiel u Fotoe vum Event. 📸🔥

👉 Déi ganz Fotosgalerie fannt dir hei: https://esch-sur-sure.lu/media-centre/albums-photos/

📸 Fotoen: Charel Kremer & TSE Visuals

💚 Et geet lass! D’Semaines de la santé mentale starten haut. ✨Well mir all eisen eegene Päckelchen droen, loosst eis d'Z...
05/10/2026

💚 Et geet lass! D’Semaines de la santé mentale starten haut. ✨

Well mir all eisen eegene Päckelchen droen, loosst eis d'Zäit huelen, fir gemeinsam méi liicht virun ze kommen – fir eis auszetauschen, Saachen z'entdecken an op eis psychesch Gesondheet ze kucken.

D’Gemeng Esch-Sauer ënnerstëtzt dëse wichtege Projet vun der Ligue Santé Mentale. Als Zeeche vun dëser Ënnerstëtzung steet de „Ruban vert“ fir d’Bewosstsinn, d’Opklärung an d’Wichtegkeet vun der psychescher Gesondheet. 💚

Mat Konferenzen, Atelieren, Treffen an ënnerschiddlechen Aktiounen ass bei de Semaines de la santé mentale fir jiddereen eppes dobäi. Entdeckt de komplette Programm a mellt Iech un:
👉 www.semainesantementale.lu
________________________________

💚 C’est parti ! Les Semaines de la santé mentale commencent aujourd’hui. ✨

Parce que nous avons tous un bagage, prenons le temps d’avancer ensemble plus légers, d’échanger, de découvrir et de prendre soin de notre santé mentale.

La Commune d’Esch-sur-Sûre soutient ce projet important de la Ligue Santé Mentale. En signe de soutien, le « ruban vert » symbolise la sensibilisation, l’information et l’importance accordée à la santé mentale. 💚

Avec des conférences, des ateliers, des rencontres et diverses activités, les Semaines de la santé mentale proposent un programme riche et varié, avec des rendez-vous pour toutes et tous. Découvrez le programme complet et inscrivez-vous :
👉 www.semainesantementale.lu

🐾 𝗗𝗲 𝗣𝗿𝗼𝗷𝗲𝘁 "𝗦𝗰𝗵𝗼𝘂𝗹𝗵𝗼𝗻𝗱" 𝗴𝗲𝗲𝘁 𝗮𝗻 𝗱𝗲́𝗶 𝘇𝘄𝗲𝗲𝘁 𝗥𝗼𝗻𝗻 – 𝘄𝗲̈𝗹𝗹𝗸𝗼𝗺𝗺, 𝗕𝗮𝗹𝗶! 🐶✨Zënter 8 Joer begleet d’Emmi seng Meeschtesch Chri...
30/09/2026

🐾 𝗗𝗲 𝗣𝗿𝗼𝗷𝗲𝘁 "𝗦𝗰𝗵𝗼𝘂𝗹𝗵𝗼𝗻𝗱" 𝗴𝗲𝗲𝘁 𝗮𝗻 𝗱𝗲́𝗶 𝘇𝘄𝗲𝗲𝘁 𝗥𝗼𝗻𝗻 – 𝘄𝗲̈𝗹𝗹𝗸𝗼𝗺𝗺, 𝗕𝗮𝗹𝗶! 🐶✨

Zënter 8 Joer begleet d’Emmi seng Meeschtesch Christine Reiter ee mol d’Woch als "Joffer op véier Patten" an d’Schoul. Elo kënnt fir d’Emmi awer lues a lues d’Zäit vun der Pensioun méi no – an d’Bali steet bereet, fir a seng Foussstapfen ze trieden. 🐾❤️

D’Bali huet d’Grondausbildung zum pädagogesche Begleethond mat Bravour bestanen an huet den 21. September 2026 seng "Période de stage" um Campus Am Ale Bësch ugefaangen. 🎓🐾

Fir dëse besonnesche Start huet sech de Schäfferot et net huele gelooss, d’Bali op sengem alleréischten Dag als neie Schoulhond perséinlech begréissen ze goen. 🐶🥰

💚🏆 𝗞𝗹𝗶𝗺𝗮𝗽𝗮𝗸𝘁: 𝗚𝗼𝗹𝗱-𝗭𝗲𝗿𝘁𝗶𝗳𝗶𝘇𝗲́𝗶𝗲𝗿𝘂𝗻𝗴 𝗳𝗶𝗿 𝗲𝗶𝘀 𝗚𝗲𝗺𝗲𝗻𝗴! 🏆🌿Mir freeën eis, Iech matzedeelen, datt eis Gemeng beim Audit vum 1...
29/09/2026

💚🏆 𝗞𝗹𝗶𝗺𝗮𝗽𝗮𝗸𝘁: 𝗚𝗼𝗹𝗱-𝗭𝗲𝗿𝘁𝗶𝗳𝗶𝘇𝗲́𝗶𝗲𝗿𝘂𝗻𝗴 𝗳𝗶𝗿 𝗲𝗶𝘀 𝗚𝗲𝗺𝗲𝗻𝗴! 🏆🌿

Mir freeën eis, Iech matzedeelen, datt eis Gemeng beim Audit vum 16. Juni 2026 am Kader vum Klimapakt d’Kategorie 4 mat 75 % erreecht huet. 🌱👏

Eng flott Unerkennung fir eis gemeinsam Efforten am Beräich vum Klimaschutz an der nohalteger Entwécklung. 💚

Mir soen all deenen, déi dozou bäigedroen hunn, e grousse Merci a freeën eis iwwer dës Gold-Zertifizéierung! 🥇🌍

🇱🇺 𝗥𝗲́𝗰𝗸𝗯𝗹𝗲́𝗰𝗸 𝗼𝗽 𝗱𝗲 𝗪𝗲𝗲𝗸𝗲𝗻𝗱 – 𝗗𝗮𝗴 𝘃𝘂𝗻 𝗱𝗲𝗿 𝗟𝗲̈𝘁𝘇𝗲𝗯𝘂𝗲𝗿𝗴𝗲𝗿 𝗦𝗽𝗿𝗼𝗼𝗰𝗵 🇱🇺De leschte Weekend stoung d’Lëtzebuerger Sprooch am M...
29/09/2026

🇱🇺 𝗥𝗲́𝗰𝗸𝗯𝗹𝗲́𝗰𝗸 𝗼𝗽 𝗱𝗲 𝗪𝗲𝗲𝗸𝗲𝗻𝗱 – 𝗗𝗮𝗴 𝘃𝘂𝗻 𝗱𝗲𝗿 𝗟𝗲̈𝘁𝘇𝗲𝗯𝘂𝗲𝗿𝗴𝗲𝗿 𝗦𝗽𝗿𝗼𝗼𝗰𝗵 🇱🇺

De leschte Weekend stoung d’Lëtzebuerger Sprooch am Mëttelpunkt! Op Initiativ vum Kulturministère an an Zesummenaarbecht mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch - ZLS an der Bibliothéik Eschduerf, huet d'Kulturkommissioun zu Eschduerf zwee flott Evenementer organiséiert:

📚 𝗞𝗮𝗻𝗻𝗲𝗿𝗹𝗶𝗲𝘀𝘂𝗻𝗴 𝗺𝗮𝗺 𝗥𝗲𝗻𝗲́𝗲 𝗪𝗲𝗯𝗲𝗿
D’Kanner konnten an d’Welt vun de Geschichte vun der Renée Weber andauchen an hirer Fantasie fräie Laf loossen.

🎤 𝗞𝗼𝗻𝗳𝗲𝗿𝗲𝗻𝘇 𝗶𝘄𝘄𝗲𝗿 𝗱’𝗩𝗮𝗿𝗶𝗮𝘁𝗶𝗼𝘂𝗻 𝗮𝗺 𝗟𝗲̈𝘁𝘇𝗲𝗯𝘂𝗲𝗿𝗴𝗲𝘀𝗰𝗵𝗲𝗻
D'Dr. Nathalie Entringer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch huet eis mat op eng spannend Rees duerch d’Variatiounen an d’Dialekter vun eiser Sprooch geholl – mat villen interessante Beispiller an interaktiven Elementer.

🙏 E grousse Merci un all d'Partner vun dësem flotten Dag – a virun allem un all déi, déi derbäi waren an nolauschtere komm sinn! 🇱🇺❤️

27/09/2026

✨ 𝟭𝟬𝟬_𝗘𝗹𝗹𝗲𝘀 – 𝗱’𝗚𝗲𝗺𝗲𝗻𝗴 𝗘𝘀𝗰𝗵-𝗦𝗮𝘂𝗲𝗿 𝗮𝘀𝘀 𝗱𝗼𝗯𝗮̈𝗶! 💃

Am Kader vum Internationale Fraendag den 8. Mäerz 2027 lancéiert de Conseil National des Femmes du Luxembourg (CNFL) d’Initiativ „100_Elles“.

D’Iddi: 100 Gemengen, 100 Fraen, 100 Geschichten. ✨ All Gemeng ass invitéiert, eng aussergewéinlech Fra aus hirer Gemeng an d’Mëttelpunkt ze stellen an hiert Engagement an hire Liewenswee ze éieren.

💜 Dir kennt eng Fra, déi et verdéngt huet, geéiert ze ginn? Da schéckt eis Är Propose bis den 30. Oktober un 𝗶𝗻𝗳𝗼@𝗲𝘀𝗰𝗵-𝘀𝘂𝗿-𝘀𝘂𝗿𝗲.𝗹𝘂.

Aus de Virschléi gëtt duerno eng Fra ausgewielt, déi d’Gemeng Esch-Sauer am Kader vun der Initiativ „100_Elles“ wäert vertrieden.

Loosst eis zesummen eng Fra aus eiser Gemeng siichtbar maachen an hir Geschicht an hiert Engagement an de Mëttelpunkt stellen! ✨

🕊️ 𝗘𝗲 𝗪𝗲𝗲 𝗳𝗶𝗿 𝗱𝗲 𝗙𝗿𝗶𝗱𝗱𝗲𝗻 - 𝗮𝗺 𝗞𝗮𝗱𝗲𝗿 𝘃𝘂𝗺 𝗡𝗮𝘁𝗶𝗼𝗻𝗮𝗹𝗲 𝗖𝗼𝗺𝗺𝗲𝗺𝗼𝗿𝗮𝘁𝗶𝗼𝘂𝗻𝘀𝗱𝗮𝗴 🕊️Am Kader vum Nationale Commemoratiounsdag invitéi...
26/09/2026

🕊️ 𝗘𝗲 𝗪𝗲𝗲 𝗳𝗶𝗿 𝗱𝗲 𝗙𝗿𝗶𝗱𝗱𝗲𝗻 - 𝗮𝗺 𝗞𝗮𝗱𝗲𝗿 𝘃𝘂𝗺 𝗡𝗮𝘁𝗶𝗼𝗻𝗮𝗹𝗲 𝗖𝗼𝗺𝗺𝗲𝗺𝗼𝗿𝗮𝘁𝗶𝗼𝘂𝗻𝘀𝗱𝗮𝗴 🕊️

Am Kader vum Nationale Commemoratiounsdag invitéiert d’Gemeng Esch-Sauer zesumme mat der Kulturkommissioun an der Por Öewersauer – St. Pirmin zu engem flotte Programm den 10. an 11. Oktober 2026.

👉 All Detailer fannt Dir um Flyer. Mir freeën eis op Iech! 💙🕊️

🚌📲 𝗤𝗥-𝗖𝗼𝗱𝗲𝗻 𝗼𝗽 𝗱𝗲 𝗕𝘂𝘀𝗮𝗿𝗿𝗲𝘁𝗲𝗻🇱🇺 D’Administration des transports publics (ATP) statt d’Busarreten am ganze Land no an no m...
25/09/2026

🚌📲 𝗤𝗥-𝗖𝗼𝗱𝗲𝗻 𝗼𝗽 𝗱𝗲 𝗕𝘂𝘀𝗮𝗿𝗿𝗲𝘁𝗲𝗻

🇱🇺 D’Administration des transports publics (ATP) statt d’Busarreten am ganze Land no an no mat QR-Coden aus. An e puer Woche wäerte bal all Arrete vum RGTR-Reseau domat equipéiert sinn.

📱 De QR-Code um Busarrêt scannen an direkt op d’Informatioune vum jeeweilegen Arrêt zougräifen:
➡️ déi nächst Departen
➡️ Fuerpläng an Echtzäit
➡️ aktuell Stéierungen am Reseau

De Service ass eng praktesch Ergänzung zur App mobiliteit.lu a mécht et nach méi einfach, sech iwwer den ëffentlechen Transport z’informéieren.

__________________________________

🚌📲 𝗗𝗲𝘀 𝗰𝗼𝗱𝗲𝘀 𝗤𝗥 𝗮𝘂𝘅 𝗮𝗿𝗿𝗲̂𝘁𝘀 𝗱𝗲 𝗯𝘂𝘀

🇫🇷 L’Administration des transports publics (ATP) équipe progressivement les arrêts de bus du pays de codes QR. D’ici quelques semaines, la quasi-totalité des arrêts du réseau RGTR en seront équipés.

📱 En scannant le code QR affiché à l’arrêt, les voyageurs peuvent accéder directement aux informations concernant celui-ci :
➡️ les prochains départs
➡️ les horaires en temps réel
➡️ les éventuelles perturbations du réseau

Ce service constitue un complément pratique à l’application Mobiliteit.lu et facilite l’accès aux informations sur les transports publics.

Lancement vun der Vision territoriale "Wiltz et alentours" 👀Dës Woch hunn sech den Ministère du Logement et de l'Aménage...
24/09/2026

Lancement vun der Vision territoriale "Wiltz et alentours" 👀

Dës Woch hunn sech den Ministère du Logement et de l'Aménagement du territoire, den Naturpark Öewersauer an d'Gemengeréit vun de Gemenge Bauschelt, Esch-Sauer, Géisdref, Stauséigemeng, Wooltz a Wanseler zesummefonnt fir déi gemeinsam Vision territoriale ze lancéieren.

ℹ Zesumme wäert eng Visioun fir d'Entwécklung vun der Regioun mat Bléck op d'Joren 2035 an 2050 ausgeschafft ginn. Ab elo ass d'Konzeptiounsphase gestart, wärend där eng Ofstëmmung tëscht de Gemengen an der Ëffentlechkeet virgesinn ass fir d'Haaptberäicher ze definéieren. Ab 2029 sollen dann éischt Pilotprojeten ëmgesat ginn.

Commune de Wiltz | Gemeng Bauschelt | Administration communale de Winseler | Stauséigemeng | Gemeng Esch-Sauer | Gemeng Géisdref

Fotoen: Anne Lommel

Adresse

1, An Der Gaass
Eschdorf
L-9150

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 11:30
13:00 - 18:30
Mardi 08:00 - 11:30
13:00 - 16:30
Mercredi 08:00 - 11:30
13:00 - 16:30
Jeudi 08:00 - 11:30
13:00 - 16:30
Vendredi 08:00 - 11:30

Téléphone

+3528391121

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Gemeng Esch-Sauer publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Gemeng Esch-Sauer:

Raccourcis

Partager