CAD-Power

CAD-Power Powerlifting - Fitness and Cardio
- NOT A Bodybuilding gym !!!!

01/07/2026

IPL EM Powerlifting Verona Italien 27-28.06.2026

Steffi Wolak 60 kg Klass Open RAW:
Bänkdrécken: 72,5 kg PB / 2. Plaz)
Kräizhiewen: 160 kg (PB / 1. Plaz)

Alex Dias 82,5 kg Klass Open RAW
Kniebeugen: 187,5 kg (PB agestallt)
Bänkdrécken: 115 kg
Kräizhiewen: 230 kg (PB)

Pol Muller 110 kg Klass, Teen-19 Joer RAW
Kniebeugen: 230 kg (Europarekord / +10 kg PB)
Bänkdrécken: 157,5 kg (Europarekord / + 7,5 kg PB)
Kräizhiewen: 232,5 kg (+ 12,5 kg PB
Total: 620 kg (Europarekord / 1. Plaz)

Christian Schartz 82,5 kg RAW (Altersklass 50-54 Joer)
Kräizhiewen Eenzel: 250 kg
(sécher an ouni Risiko wéinst Verletzung)

Offiziell Vertriedung: Fränz Seul Internationalen Arbitter iwwert déi 2 Deeg.

IPL Powerlifting EM 2026 zu Verona an Italien vum 27. - 28. Juni 2026Den leschte Weekend waren ënner schwierege Bedingun...
01/07/2026

IPL Powerlifting EM 2026 zu Verona an Italien vum 27. - 28. Juni 2026

Den leschte Weekend waren ënner schwierege Bedingungen an deels chaoteschen Zoustänn 4 Powerlifter vum CAD-Power ënnert den iwwer 200 Starter bei den IPL Europameeschterschaften derbäi.

Samschdes war Steffi Wolak an der 60 kg Klass Open Raw um Start an 2 Eenzeldisziplinnen Bänkdrécken an Kräizhiewen. Am Bänkdrécken konnt Steffi seng perséinlech Beschtleeschtung ëm 2,5 kg op elo 72,5 kg steigeren an huet domat déi 2. Plaz gemaach. Am Kräizhiewen ass him dat Selwecht gelongen mat 160 kg wat him dann och eng 1. Plaz abruet huet. Steffi huet sech besonnesch am Kräizhiewen op internationalem Niveau etabléiert an weider Steigerungen sinn mat méi Wettkampferfahrung an konstantem Training ze erwaarden.

Sonndes waren déi 3 männlech Vertrieder vum CAD-Power um Start an dëst deelweis zur gläicher Zäit op 2 Plateaue wat den Coaching deementspriechend erausfuerderent gemaach huet.

Moies um 9 Auer ass an der éischter Grupp den Alex Dias mat 187,5 kg an de Kniebeugen gläich mam Astellen vun der perséinlecher Beschtleeschtung an den Wettkampf gestart. Leider konnt den Alex dono säin Potential net ausnotzen an d' Laascht vun 195 kg am 2. an 3. Versuch net bewältegen an seng nach méi héich Trainingswäerter an dëse schwierege Verhältnisser net bestätegen. Am Bänkdrécken ass hien leider och knapp un der perséinlecher Beschtleeschtung vun 120 kg gescheitert an huet sech mat den 115 kg aus dem 2. Versuch missen zefridde ginn. Am Kräizhiewen huet den Alex dann awer am 3. Versuch eng nei perséinlech Beschtleeschtung vun 230 kg gezunn. Bei besserer Ausnotzung vun senger Gewiichtsklass, esou wéi méi Selbstvertrauen sinn esou wuel bei Trainings- ewéi och besonnesch bei den Wettkampfleeschtungen nach esou munch Steigerunge méiglech.

Moies direkt nom Alex an der 2. Grupp ass dann den Pol Muller an der Gewiichtsklass bis 110 kg Teen -19 Joer mat groussem Selbstvertrauen an Motivatioun an den Wettkampf gestart. Schonn direkt an den Kniebeugen konnt den Pol mat 3 gültegen Versich seng perséinlech Beschtleeschtung vun der DM dëst Joer ëm 10 kg steigeren an domat mat 230 kg och een neien Europarekord opstellen. Am Bänkdrécken konnt hien säin eegene Europarekord deen hien lescht Joer an Holland op der EM gedréckt hat dann och vun 142,5 op ganzer 157,5 kg am 3. Versuch steigeren. Am Kräizhiewen huet den Pol an 10 kg Schrëtt vun 210 kg op 230 kg gesteigert. Säin direkten Géigner aus Italien huet ganz motivéiert 263 kg am 3. Versuch ugekënnegt, fir den Pol mat 0,5 kg am Total kënnen ze schloen, well dësen 100 Gramm méi schwéier war wéi den Pol.Dorops hin hunn de Pol an Coach dann am erlabten Zäitlimit nach op 232,5 kg gesteigert, fir dem Italiener déi Méiglechkeet net ze ginn. Säin Géigner huet déi Laascht dann net konnten zéien, esou dass den Pol seng Klass konnt gewannen an och nach een neien Europarekord am Total mat 620 kg opstellen.

Eemoleg an senger ganzer sportlecher Carrière huet den Christian Schartz verletzungsbedéngt missen Forfait am Powerliftiung erklären an konnt just an der Eenzeldisziplin Kräizhiewen un den Start goen. Ouni vill Risiko wéinst der Verletzung an ze goen konnt den Christian sech dann och problemlos mat 3 gültegen Versich bis op 250 kg steigeren an ass den Risiko net agaangen fir säin eegenen Europarekord vun 255 op 257,5 op ze steigeren, well dësen dann och just an der Eenzeldisziplin Kräizhiewen enregistréiert gi wier an net an den Powerlifting Rekorden vun den 3 Disziplinnen. Den Christian ass nach 2 weider Joer an dëser Altersklass vun 50-54 Joer an wäert weider vun sech héieren loossen.

Ewéi ëmmer huet och eisen internationalen Arbitter Fränz Seul iwwert déi 2 Deeg vun der Competitioun fir den gudden a fairen Oflaf gesuergt.

16/05/2026
International däitsch Powerlifting Meeschterschaften (IPL) vum 1. - 3. Mee 2026 zu Bitburg mat 5 Athleten an 1 Arbiter v...
05/05/2026

International däitsch Powerlifting Meeschterschaften (IPL)
vum 1. - 3. Mee 2026 zu Bitburg mat 5 Athleten an 1 Arbiter vum CAD-Power

Op den internationalen däitsche Powerlifting Meeschterschaften, déi leschten Weekend zu Bitburg statt fonnt hunn, waren gläich 5 Athleten vum CAD-Power um Start. De Veräin ass och vum internationalen Arbiter Fränz SEUL vertrueden ginn. Den Alex DIAS, den Christian SCHARTZ, de Pol MULLER an d‘ Steffi WOLAK hunn des DM aus dem Opbautraining eraus gemaach als Preparatioun fir d’EM, déi Enn Juni zu Verona an Italien statt fënnt. Mam Neal LISÉ als „Erstheber“ ass d‘ Equipp weider gewuess.

Den Freiden war just den Fränz als Arbiter am Asaz esou wéi hien dat och Samschdes an Sonndes war.

Samschdes mueres ab 9:00 waren den Alex an den Christian zesummen am selwechten Grupp um Start. An der 82,5 kg Klass am Powerlifting RAW (ouni Hëllefsmëttel) ass den Alex an der Kategorie Open (24-39 Joer) an den Christian an der Kategorie Master 3 (50-54 Joer) ugetrueden.

Den Alex konnt seng Trainingswerter en Gros ëmsetzen. An der Kniebeug (Squat) konnt hien no 2 ganz gudden Versich (175 an 180 kg) leider am 3. Versuch net seng Bestleeschtung vun 185 op 187,5 verbesseren. Am Bänkdrécken (Bench Press) huet hien mat 112,5 kg eng gutt Leeschtung gewisen. Am Kräizhiewen konnt den Alex dunn seng Bestleeschtung mat 225 kg astellen. Am Total mëscht dat dann 517,5 kg, wat 17,5 kg méi sinn wéi fir déi lescht DM ëm dës Zäit. Den Alex huet sech domat an der stark besater 82,5 kg Klass déi 3. Plaz geséchert an an ass um richtegen Wee fir an den nächsten 8 Wochen seng Form nach däitlech fir d‘ Europameeschterschaft ze steigeren.

Den Christian konnt 3 gülteg Versich an der Kniebeug (215 kg, 225,5 kg, 230 kg) absolvéieren. Domat ass hien nëmmen 5 kg vun senger Bestleeschtung ewech bliwwen. Am Bench Press hat hien keen esou e gudden Dag an huet sech mat 110 kg missten ze fridden ginn. Duerfir huet hien sech an 3 gültegen Essaien mat 245 revanchéiert a konnt seng aktuell Trainingswerter ëm 2,5 kg steigeren. Hien konnt sech mat engem Total vun 585 kg an senger Klass déi 1. Plaz sécheren.

No der Mëttespaus war et dunn um Pol an um Neal, fir deen et säin alleréischten Wettkampf war. Den Neal ass an der Gewiichtsklass bis 125kg an an der Alterklass 50-54 Joer (Master 3) ugetrueden. Hien huet sech guer net stressen gelooss an huet 9 vun 9 gülteg Versich mat gudder Technik realiséiert. An der Kniebeug waren dat um Enn 130 kg, am Bänddrécken 137,5 kg an am Kräizhiewen 170 kg, wat en Total vun 437,5 kg mëscht. Nodeems dat 1. Zil: Erfahrung sammelen an eng gutt Technik léieren, gelongen ass, kann elo weider um Kraftopbau geschafft ginn. Do ass nach vill Loft no uewen. Och den Neal konnt seng Alters- a Gewiichrtsklassgewannen.

Am selwechte Grupp ass de Pol gestart. De jonken Athlet start an der Kategorie Powerlifting RAW Junior 15-19 Joer an der 110 kg Klass an huet et fäerdeg bruecht, trotz zousätzlechem Training am Kugelstoussen, seng Leeschtungen vun der EM 2025 an allen 3 Disziplinnen däitlech ze verbesseren. Dat bedait an den Squat vun 202,5 kg op 220 kg, am Bench Press vun 142,5 kg op
150 kg an am Deadlift vun 202,5 kg op 220 kg, wat en Total vun 590 kg am Dräikampf ass. Dat ass eng stolz Steigerung vun 42.5 kg !! Domat huet hien d’Minimalleeschtungen, déi erfuerdert sinn fir en Europarekord unerkannt ze kréien, an allen 3 Disziplinen an am Total erfëllt. Et kënnen just op enger EM an WM offizeill Rekorder opgestallt ginn. De Pol versuergt sech dee Luxus dann fir d‘ EM an Italien.

Um leschten Dag vun der DM war dunn nach d‘ Steffi an der 60 kg Klass Open um Start. Hat mëscht keen Dreikampf, mee start an den 2 Eenzeldisziplinen Bänkdrécken an Kräizhiewen. Mueres um 9:00 ass et mam Bänkdrécken mat engem exzellenten gültegen Essai op 65 kg ugaang. Am 2. Essai huet sech en techneschen Feeler ageschlach, wéinst deem d‘ Steffi déi 70 kg net pepackt huet. Mee am 3. Essai huet et dunn geklappt an déi 70 kg waren assuréiert. Domat huet d‘ Steffi am Bänkdrécken déi 2. Plaz gewonnen. Mëttes ass et dunn am Kräizhiewen richteg gutt fir d‘ Steffi gelaf. Hatt honnt 3 gülteg Essaien virleeën: 145 kg, 152,5 kg an 157,5 kg. Dat ass eng nei perséinlech Bestleeschtung. D‘ Steffi huet domat net nëmmen seng Kategorie gewonnen mee och d’Gesamtrelativwertung vun allen Gewiichtsklassen am Kräizhiewen bei den Dammen (Open an Junior)

De Bilan ass demno ganz positiv, all d‘ Athleten konnten d‘ Erwaardungen erfëllen. Nächst Zil ass wéi gesot d'EM an Italien fir d'Steffi, den Alex, de Pol an de Christian.

Weider Fotoen an Videoen esou bal se verfügbar sinn op eisen FB-Säiten als Album vun der DM 2026 an op Instagram ....

International Däitsch Meeschterschaften am Powerlifting dësen Freiden, 1.Mee bis Sonndes, 3.Mee zu Bitburg all Dag vun 9...
29/04/2026

International Däitsch Meeschterschaften am Powerlifting dësen Freiden, 1.Mee bis Sonndes, 3.Mee zu Bitburg all Dag vun 9:00 Auer un.
Samschdes an Sonndes ginn och 5 Athleten vum CAD-Power un den Start.
Sportschule Bitburg - Flugplatzstrasse 1 - D-54634 Bitburg

Adresse

Centre Sportif René Hartmann
Dudelingen

Heures d'ouverture

Lundi 09:00 - 22:00
Mardi 08:00 - 22:00
Mercredi 08:00 - 22:00
Jeudi 08:00 - 22:00
Vendredi 08:00 - 22:00
Samedi 08:00 - 19:00
Dimanche 08:00 - 12:00

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque CAD-Power publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager