Amateur Astronomen Lëtzebuerg

Amateur Astronomen Lëtzebuerg Astronomes Amateurs du Luxembourg a.s.b.l.

« Mir bréngen Iech d'Stäre méi no ! » Planetologie, Astrophysik oder Kosmologie, weiderentwëckelt.

D'Astronomie, déi viru villen dausend Joer äus der Observatioun vun den Himmelskierper entstanen as, huet sech säitdeem a verschidden Déelberäicher wéi z.B. Dëst reflektéiert sech och an den Interessen vun eisen Clubmemberen. Verschidenner begeeschteren sech fir d'Stärekonstellatiounen an d'Planéiten, anerer zéien et vir, an den Déiwten vum Universum no Galaxien an Niwwelen ze sichen. Vill vun eis

e Memberen hunn duefir hirt eegent Beobachtungsinstrument, siew et een Teleskop oder e Feldstiecher. Eis Aae sin och een exzellent optescht Instrument, mat dem schons villes beobacht ka ginn. Virun Äonen sinn an de Stären d'Elementer fir d'Bausteng vum Liewen entstanen. Mir hun eréischt ugefangen ze verstoen, wéi eise Sonnensystem sech geformt huet, an ganz wäit dobäussen, tëschent de Galaxien as nach vill Onbekanntes z'entdecken. Vill Froe waarden op eng Äntwert. An eisem Club si Fraen a Männer aus allen Altersgruppen, déi bestriewt sin, Iech op Är Froen zur Astronomie eng Äntwert ze gin. Dir kënnt eis schreiwen oder eis eng E-Mail schecken. Dir kënnt eis awer och ënnerem Stärenhimmel treffen oder an eis Clubviirträg kommen. Et si kengerlee Viirkenntnisser erfuerdert. D'Astronomen denke visionär a mir hunn d'Visioun vun engem nationalen astronomesche Beobachtungs- an Schoulungszenter! Firwat net een Observatoir mat engem Planetarium zu Lëtzebuerg? Mir hunn d'Realisatioun vun esou engem Zenter zu eisem Ziel gemaach a mir versichen d'Leit an de verantwortleche Positiounen vum Sënn an der Noutwendegkeet vun desem Ziel z'iwwerzeegen. Wann Dir méi wëllt wëssen zou dësem oder engem aneren astronomeschen Thema, da kënnt Dir eis besichen op enger vun de Sëtzungen äus dem Programm, deen Dir op dëser Homepage fand. Mir bréngen Iech d'Stäre méi no ! D'Virtréi sinn op lëtzebuergesch!

23/06/2024
25/06/2023
04/06/2023

Gudden Owend Frënn vum Mound,

Trotz villem Wand hunn ech gëschter Owend déi nei Optik um Mound getest. D'Astellungen si nach ëmmer net optimal, an et ware vill Turbulenzen an der Atmosphär, mee et huet awer Spaass gemaach, mol nees eng Kéier um Mound laanscht ze luussen.

Am Bild gesitt der d'Regioun ëm de Südpol vum Mound (Süden ass hei uewen) mam bekannten Tycho-Krater ënnen an der Mëtt. Mat engem Duerchmiesser vun 86km ass den Tycho ongeféier sou grouss ewéi eist Land.

Technik: RC 304/2000@4000mm, ASI1600mmPro, Rout-Filter, 20% gestacked vun zirka 2.500 Frames.

Gutt Nuecht!

01/06/2023
17/05/2023

(L) Virtrag den 13. Mee (op Lëtzebuergesch) vum Dr. Alex Feller, Max Planck Institute for Solar System Research, am Kader vun dem 50ten Anniversaire vun den Amateur Astronomen Lëtzebuerg (AAL). Informatiounen an Umeldung op: aal.lu/50joer
(F) Conférence le 13 mai (en Luxembourgeois) du Docteur Alex Feller, Max Planck Institute for Solar System Research, dans le cadre du 50ème Anniversaire des Astronomes Amateurs du Luxembourg. Informations et inscription: aal.lu/50joer
(E) Presentation on 13 May (in Luxembourgish) on solar system research by Alex Feller (PhD), Max Planck Institute for Solar System Research, during the 50th anniversary celebrations of Amateur Astronomers Luxembourg (AAL). Information and registration: aal.lu/50joer

Adresse

Ecole Deich/Rue Du Stade Jos Nosbaum
Dudelange
3532

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Amateur Astronomen Lëtzebuerg publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Amateur Astronomen Lëtzebuerg:

Partager